Radioen

On air

Notturno  |  Rosali - On Tonight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CO2-Steier vun 2021 un

Nationalen Energie a Klimaplang

CO2-Steier vun 2021 un

Déi geplangt CO2-Steier ass eng Moossnam aus dem nationalen Energie a Klimaplang, deen de 6.Dezember am Regierungsrot ugeholl gouf. Duerch d'CO2-Steier soll de Prinzip vum "Pollueur-Payeur" ëmgesat ginn.

auto_stories

2 min

Am geplangten Energie a Klimaplang ass eng CO2-Steier vun 20 Euro pro Tonn CO2 virgesinn. D'Steier viséiert Gas, Mazout, Diesel a Bensin a soll 2021 agefouert ginn. Bis 2023 soll se dann all Joer ëm 5 Euro pro Tonn an d'Luucht goen, hunn déi zoustänneg Ministeren Dieschbourg an Turmes ugekënnegt. Dat éischt Joer géifen iwwert dee Wee tëscht 100 an 150 Milliounen Euro u Recetten erakommen. Déi eng Hallschent dovunner soll a sozial Kompensatiounsmoossnamen an déi aner a Klimaschutzmoossnamen afléissen.

Vente vun Diesel reduzéieren

Den Energie a Klimaplang gesäit donieft ënnert anerem vir, datt d'Vente vun Diesel soll reduzéiert ginn. Den Transport mécht mat ronn 65 Prozent dee gréissten Deel vun den CO2 Emissiounen hei am Land aus. Konkret Moossnamen an deem Beräich, wéi eng Hausse vun den Accisen, goufen net ugekënnegt. Den Energieminister Claude Turmes huet eng Annonce zum Thema am Januar ugekënnegt.

"Net genuch Detailer a Chifferen"

D'CSV an déi Lénk hunn no der Chamberkommissioun, an där d'Deputéiert den Energie a Klimaplang presentéiert kruten, kritiséiert, datt nach ëmmer net genuch Detailer a Chiffere virgeluecht gi wieren, wéi d'Klimaschutzziler vun der Regierung sollten erreecht ginn. Déi sollen awer e Méindeg nokommen, esou nach de Claude Turmes. Fir en Dënschdeg 17. Dezember ass iwwerdeems déi nächst Sëtzung vun der Ëmwelt-Kommissioun vun der Chamber geplangt.


Duerch d'Moossnamen am Energie a Klimaplang soll Lëtzebuerg seng Zäregasemissioune bis 2030 ëm 55 Prozent reduzéieren a bis 2050 klimaneutral ginn. Dat gouf am Klimaschutzgesetz festgehalen.No enger ëffentlecher Consultatiounsphas soll den nationale Klimaplang Ufank vum nächste Joer un d'EU-Kommissioun geschéckt ginn.