Radioen

On air

Notturno  |  Wiki & Subjxct 5 - My Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'CSV dreet d'Verfassungsreform net matzestëmmen

Debatt ëm d'Verfassungsreform

D'CSV dreet d'Verfassungsreform net matzestëmmen

Déi rezent Diskussiounen iwwer eng eventuell Reform vum Wahlsystem géife weisen, datt d'Verfassungs-Debatt nach net ofgeschloss ass. Dat sot den CSV-President Frank Engel den Dënschdeg virun der Press.

auto_stories

2 min

Frank Engel

Déi gréisst Oppositiounspartei fuerdert, datt d'Bierger an engem Referendum eng Rei präzis Froe gestallt kréien, zum Beispill iwwer d'Wahlbezierker oder d'duebel Mandater. Wann déi aner Parteien net bereet si mat op dee Wee ze goen, da wëllt d'CSV de Verfassungsprojet, deen um Dësch läit, net matstëmmen.

Dat géif bedeiten, datt d'Reform un där joerzéngtelaang geschafft gouf, op Äis läit, sou den CSV-President.

"Da leit d'Verfassung mol einstweilen nach um Dësch, mee se kënnt dann net virun, well se net fäerdeg ass."

Frank Engel: Diskussioun ass nach net ofgeschloss

Datt d'Diskussioun iwwer d'Verfassung nach net ofgeschloss ass, hätt sech an de leschten Deeg gewisen, seet de Frank Engel. Hien huet domat op Aussoe vum LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry reagéiert, dee sech gëschter fir e eenzele Wahlbezierk a géint duebel Mandater ausgeschwat hat. Fir d'CSV kënnen esou Froen net vun der Verfassungsdebatt getrennt ginn.

"Dat ass ee Ganzt, an iwwer dat Ganzt solle mer mat de Leit schwätzen. A wa mer mat de Leit geschwat hunn, dann ergi sech mat Sécherheet eng Rei vu Froen, déi vu besonneschem Belang sinn. An iwwer déi Froen hätte mer gären datt dann iergentwéini eng Kéier e Referendum ass, mat der Lëscht vu Froen, wou d'Leit Jo oder Nee, oder soss eppes kënnen drop äntweren. Doriwwer muss ee sech eens ginn."

Den CSV-President huet ënnerstrach, d'Parteie misste sech engagéieren, d'Resultat vun deem Referendum ze respektéieren. En zweete Referendum iwwer de ganze Verfassungstext, wier dann net méi onbedéngt néideg. Wann déi aner Parteien net bereet sinn, mat op dee Wee ze goen, da wellt d'CSV de Verfassungsprojet, den um Desch läit, net mat stemmen. D'Reform, un der scho jorzengtelaang geschafft gett, wär an dem Fall blockéiert

Un eppes hunn déi Responsabel vun der CSV de Moien kee Zweiwel gelooss: Fir d'Verfassungsreform ëmzesetzen sinn d'Regierungsparteien op d'Stëmme vun der CSV ugewisen. D'CSV géif en "Dialog" proposéieren, esou den Deputéierte Léon Gloden. Hie mécht dofir "e waarmen Appell un d'Regierungsparteien, sech gutt ze iwwerleeën", wéi se op dës CSV-Propos reagéiere wëllen.


De Panorama-Bäitrag vum Rick Mertens

Lauschterenplay_arrow