Radioen

On air

Notturno  |  Franco Battiato - Il Re Del Mondo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Joer, an deem de Fonctionnement vum Haff reforméiert gouf

Réckbléck

D'Joer, an deem de Fonctionnement vum Haff reforméiert gouf

Et ass eng Reform, déi net am Koalitiounsprogramm virgesi war, mee déi dëst Joer schonn ëmgesat gouf: D'Moderniséierung vun der Monarchie. Wéinst Problemer an der Personalgestioun um Haff hat de Premier d'lescht Joer beim fréieren héije Beamte Jeannot Waringo e Rapport an Optrag ginn. Deem seng Recommandatioune sinn amgaang Realitéit ze ginn.

auto_stories

4 min

De Staatsminister Xavier Bettel an de Grand-Duc Henri. Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen (Archiv)

Enn Januar huet de Jeannot Waringo dem Premier säi Rapport ofgeliwwert. Eelef Méint méi spéit ginn et nei Budgetsreegele fir den Haff a méi prezis Reegele fir den interne Fonctionnement.

Dobäi war et vun Ufank un e sensibele Sujet. De Jeannot Waringo huet selwer a sengem Rapport geschriwwen, d'Administratioun vun de Biens vum Grand-Duc hätt him wärend senger Missioun op eemol en Affekotebüro geschéckt, fir op Froen ze äntweren. Mir zitéieren en Extrait aus dem Rapport:

"(...) je ne pouvais plus me départir de l'impression que ma présence était ressentie comme un élément perturbateur et non pas comme une aide en vue de la réforme de notre Monarchie. J'espère que les réflexions qui sont formulées dans ce rapport permettent néanmoins d'apporter une contribution positive au débat sur une réforme du fonctionnement de la Cour grand-ducale."

Bei der Presentatioun vum Rapport vum Jeannot Waringo am Februar huet de Premier Xavier Bettel op déi gutt Collaboratioun mam Grand-Duc gepocht:

"Mee et gëtt keen Njet vum Grand-Duc hei op iergendengem Punkt, wou de Grand-Duc seet, dat dote kënnt net a Fro. Ech hunn hei mat engem Uspriechpartner ze dinn, dee weess, datt et hei drëms geet net eng Hetzcampagne ze maachen, mee au contraire eng Legitimitéit, eng Institutioun ze stäerken an ze evitéieren, datt se an d'Kritik och kënnt."

Reformbeméiunge gi weider

Am Juni awer nees e schwierege Moment: matten an de Reformbeweegunge wollt den Haff de Chef de Cabinet vum Grand-Duc Henri entloossen, wat net mam Staatsministère ofgeschwat war. De Premier Xavier Bettel huet dëst réckgängeg gemaach, wéi Reporter.lu dat gemellt a mir et confirméiert kruten.

D'Reformbeméiunge sinn awer virugaangen. Am Hierscht huet de Xavier Bettel de Projet fir en Arrêté grand-ducal fir d'Schafe vun der Maison du Grand-Duc presentéiert:

"Mir kréien am Fong eng Monarchie, déi vum 19. Joerhonnert an dat 21. Joerhonnert kënnt. Et wor Zäit. Et ass och am Interêt vun der Institutioun. Ech mengen, datt et hei och wichteg war zesumme mam Palais déi Reformen och auszeschaffen."

Ëffentlech a privat Funktioune gi méi kloer getrennt. Och d'Astellungspolitik um Haff ass nei gereegelt:

"Mee awer och iwwer den Organigramm, wéi iwwerhaapt déi ganz Organisatioun vum Palais och ass, wou een den Hofmarschall un der Spëtzt vun der administrativer Säit huet, dat Ganzt ënner der Egide vum Grand-Duc, mee wéi gesot, den Hofmarschall, dee vis-à-vis vum Personal, dee vis-à-vis vun de Finanzen, déi administrativ Responsabilitéit huet."

D'Personal vun der Maison du Grand-Duc gëtt dem Hofmarschall ënnerstallt. De groussherzoglechen Haff kritt och méi finanziell Moyenen. Déi nei Maréchale de la Cour Yuriko Backes huet déi Budgetshausse am November hei um Radio relativéiert:

"Virdrun, z. B. wa Renovatiouns- oder Securisatiouns-Aarbechten ze maache waren, stoungen déi op anere Plazen am Budget ënner anere Ministèren, z. B. bei Bâtiments publics. D'Nouveautéit vun dësem Budget ass, datt mer enfin elo absolut transparent sinn an alles op eng Plaz zesummeschreiwen."

D'Exekutioun vum Budget fir d'Maison du Grand-Duc wäert vum Rechnungshaff a vun der Direction du Contrôle financier gepréift ginn.

De Rôle vun der Grand-Duchesse

D'Grande-Duchesse huet am neien Organigramm iwwerdeems keng Funktioun. De Jeannot Waringo hat a sengem Rapport festgestallt, datt d'Verfassung keng offiziell Funktioune fir d'Fra vum Grand-Duc virgesäit. De Jeannot Waringo hat geschriwwen, d'Roll vun der Grande-Duchesse an der Decisiounsstruktur um Haff dierft keen Diskussiounssujet sinn. Hir Roll wier reng representativ.

Wat seng Missioun ugeet, huet de Jeannot Waringo am Hierscht gemengt:

"Meng Missioun war de Rapport ze schreiwen, herno war ech nach berodend ganz gären disponibel. An ech géing menge vun haut un ass et richteg eriwwer."

Op Hellegowend huet de Grand-Duc a senger traditioneller Usprooch och d'Reformen erwäänt:

"Och am Palais hunn dëst Joer eng Rei Saachen geännert: Mat der Kreatioun vun der Maison du Grand-Duc gëtt d'Monarchie als Institutioun fir d'Zukunft gestäerkt. Et erlaabt mir, der Grande-Duchesse, an den nächsten Generatioune sech méi op d'Substanz vun eisen Aktivitéiten ze konzentréieren."

Fir d'Chrëschtdeeg ass déi groussherzoglech Koppel dunn op Biarritz gereest, wou si sech dëst Joer eng Wunneng kaaft huet.

Datt de Grand-Duc d'Gesetz vum 24. Dezember iwwer déi nei Mesurë géint d'Pandemie zu Biarritz ënnerschriwwen hat, war an der Press an op de soziale Medien deels kritesch kommentéiert ginn. Den Haff huet de Choix missen ëffentlech justifiéieren. D'Confinements-Reegele géifen et net verbidden, ënner der Konditioun, datt een d'Mesurë respektéiert, fir an déi eenzel Länner anzereesen.

D'Episod huet eng gewëss Symbolik: Och wann d'Corona-Pandemie d'Aktualitéit dominéiert huet, bleift och d'Monarchie en Theema.