Radioen

On air

Notturno  |  Le Vibe - Desert Rush

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Wëssenschaft ass op der Säit vun de Jugendlechen"

Science for Climate

"D'Wëssenschaft ass op der Säit vun de Jugendlechen"

"D'Wëssenschaft ass op der Säit vun de Jonken". Dat seet d'Ariane König vun der Uni Lëtzebuerg zu der Klima-Demonstratioun vun de Jugendlechen, déi zu Lëtzebuerg als Youth for Climate bekannt ass. Mam Constance Carr an 184 anere Wëssenschaftler vun der Uni Lëtzebuerg gouf en oppene Bréif am Luxemburger Wort verëffentlecht, deen d'Solidaritéit vun de Fuerscher mat de jonken Demonstranten ausdrécke soll.

auto_stories

3 min

Maurice Antony: Den oppene Bréif, dee Wëssenschaftler a Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg zesumme verfaasst hunn, gouf vu Vertrieder aus alle Wësseschaftberäicher ënnerschriwwen. Mat der Solidaritéitsbekundung wéilt ee sech och selwer an der Thematik positionéieren.

Ariane König: Mir hu jo als Wëssenschaft u sech en anert Uleies. Fir mech steet bei de Jugendlechen d' Iwwerleeung am Virdergrond, dass et en intergenerationnelle Problem gëtt. An et si jo vill Mannerjäreger dobäi. Déi stinn dem Problem ganz anescht géintiwwer wéi mir. Dowéinster hunn der e puer vun eis fonnt, dass et net ganz richteg ass, sech op d' Säit vun deene Jonken als Wëssenschaftler ze schloen. Mir hu jo nach eng ganz aner Verantwortung.

Mam Bréif wéilten déi eenzel Wëssenschaftler eng Stellungnahm ofginn, ouni ze staark an d' Manifestatioun vun de Schülerinnen a Schüler anzegräifen. Dat wier wichteg, fënnt och Constance Carr, Geographin op der Uni Lëtzebuerg.

Ech fannen et wichteg, dass d' Schüler gehéiert ginn. Ech wëll hir Stëmm net klauen. Dowéinster gesinn ech mech éischter als e "body in the crowd".

Déi eege Fuerschungs-Schwéierpunkter, déi dacks duerch transdisziplinär Usätz ergänzt ginn, géifen direkt oder indirekt och Froen zur Natur, Ëmwelt oder Nohaltegkeet implizéieren. Fir d' Constance Carr hunn donieft och Erfahrungen déi hir Kanner an der Schoul gemaach hunn, dozou bäigedroen, dass si als Vertriederin vun der Wëssenschaft eppes ënnerhuele wëll.

Do goufen et der e puer, déi verbannen de Klimawandel mat "Fake News". Anerer soen, d' Schüler géife vun der Politik ausgenotzt. An da gëtt et och eng Dimensioun vu Sexismus. Vill vun de Protestler si Meedercher. Do ginn et vill Leit an de Schoulen, déi géint de Protest sinn, männlech Persounen, déi versichen, aner Sujeten duerchzesetzen.

Déi Jugendlech déi sech an de Maniffen abréngen wiere global gesinn just eng Minoritéit, esou d' Constance Carr. Op d' Fro, op esou eng Manifestatioun net och eng gutt Plattform fir d' Wëssenschaft géif bidden, fir mat Nodrock an op Grondlag vun enger wëssenschaftlecher Expertise op de Klima-Sujet opmierksam ze maachen.

Mir hunn eis als Grupp net esou organiséiert. Mee dat kéint een op alle Fall, wann dat explizit erwënscht ass vun de Jugendlechen, fir e weidere Marsch considéréieren.

Op d' Ariane König an d' Constance Carr de Mëtteg net awer un der Demonstratioun deelhuelen, wollte si net ausschléissen.

Mir wënschen de Jugendlechen vill Succès. Et ass e wichtegt Uleies a mir wënschen eis, dass et weidergeet. Dass et sech net just op dëse Marsch beschränkt, mee dass et weider weltwäit esou koordinéiert virgedroe gëtt. Et ass wahnsinneg beandrockend, wéi vernetzt d' Millenial-Generatioun virgeet.