Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Alfie Jukes - Not Quite Gone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat mécht een net!"

Wunneng op Airbnb verlount

"Dat mécht een net!"

De Félix Eischen kritiséiert, datt d'Familljeministesch Corinne Cahen probéiert soll hunn, en Appartement iwwer Airbnb ze verlounen.

auto_stories

3 min

Den CSV-Generalsekretär Félix Eischen fuerdert kee Récktrëtt vun der Familljeministesch Corinne Cahen

De Félix Eischen huet awer net de Récktrëtt vun der Ministesch gefuerdert, fir de Fall wou dat sollt confirméiert ginn. Hien huet d'Propos vu senger Partei erneiert, fir konstruktiv mat der Regierung a verschiddenen Dossieren zesummenzeschaffen. Da missten awer och d'Regierungsparteie matmaachen, sot de Félix Eischen.

Kritik un Zesummenaarbecht mat Majoritéitsparteien

An deem Sënn ass den CSV-Generalsekretär Félix Eischen erstaunt iwwer eng Ausso vum Alex Bodry: den LSAP-Fraktiounschef hat en Appell un d'Oppositioun gemaach, fir konstruktiv un der Léisung vun de grousse Problemer matzeschaffen.

Den Dag virdrun hat de Parteipresident Fränk Engel um CSV-Parteikongress d'Mataarbecht vu senger Partei ugebueden. Wa béid Säiten dat selwecht wëllen, firwat fanne se dann net beieneen? "Dat musst Der awer dann déi aner froen.", äntwert de Félix Eischen dorop. D'CSV hätt ganz vill Amendementer an de leschte Wochen, Méint a Jore proposéiert - z. B. beim Agrargesetz:

"An da kréie mir an der Kommissiounssëtzung, éier iwwerhaapt eng Diskussioun ufänkt, gesot: Lauschtert, dat huet alles kee Wäert, mir stëmme se souwisou net. Dat ass da relativ frustrant. Wéi vill Projeten, wéi vill Iddien, och ganz konkret Amendementer zu de Gesetzestexter sinn abruecht ginn, wou näischt komm ass."

Kritik un der Oppositiounsaarbecht och an aneren Dossieren an Affäre wollt de Félix Eischen net gëlle loossen:

"An der Oppositioun ass een do fir Oppositioun ze maachen. An all Mënsch huet laang genuch gesot no 2013: d'CSV kënnt einfach net an déi Oppositiounsroll eran. Elo si mir dran. Ech mengen, datt mir dat op déi Aart a Weis maachen, wéi s de et muss maachen. Well wann s de dat no net méchs, da kriss de och gesot: Du fëlls deng Roll als Oppositiounspolitiker net aus."

Vergaangenheet bei RTL: "Ech hunn domat kee Problem"

De Félix Eischen ass zanter zéng Joer an der éischter politescher Rei aktiv: 2009 gouf hien an d'Chamber gewielt, 2013 an 2018 gouf hien als Deputéierte confirméiert. An der Partei war hien e puer Joer President vum CSV-Bezierk Süden, zanter Januar ass hie Generalsekretär.

An awer gëtt hien ëmmer nach mat senger Vergaangenheet als RTL-Animateur op Radio an Televisioun identifizéiert. Dat stéiert de Félix Eischen awer net:

"Ech hunn domat iwwerhaapt kee Problem. Ech mengen, et soll een zu deem stoen, wat ee gemaach huet. Dat ass laang hier. Ech kéint mir et haut schwiereg virstellen, et nach ze maachen. Alles huet seng Zäit. Grad wéi och eng politesch Aarbecht eng Zäit huet. An dat spiert een dann och einfach."

No zéng Joer Radio an no zéng Joer Tëlee hätt de Félix Eischen gespiert, datt et duer géif goen. An der Politik wier hien awer nach net op deem Punkt ukomm, esou den CSV-Generalsekretär.