Datacenter "D'Spezifizitéit vum Terrain mécht de Google-Deal komplizéiert"

Passend Terrainen zu Lëtzebuerg ze fanne wär keen "allgemenge Problem" fir ICT-Entreprisen, esou de President vum ICT Cluster Xavier Buck. Google géif awer e "ganz spezifeschen" Terrain brauchen, fir säin Datacenter ze bauen.

Rick Mertens

Xavier Buck
Xavier Buck

Fir datt den Datacenter ka fonctionnéieren, misst en no bei genuch Stroum- a Bandbreet-Capacitéite leien, esou de Xavier Buck. Lëtzebuerg hätt am Moment zwee Standuerter, déi dës Besoine gutt kënnen z'erfëllen: Beetebuerg a Biissen. 100,7-Informatiounen no ass en Terrain vu 25 Hektar zu Biissen déi eenzeg konkret Optioun fir den Datacenter vu Google.

"Image-méisseg ganz gutt"

Wann den Deal mat Google géif zustane kommen, da wär dat "Image-méisseg eng ganz gutt Saach" fir de Standuert Lëtzebuerg, esou de President vum ICT Cluster. "Dat ass e bësse wéi de 'Space-Mining-Effekt', do wäert d'international Press scho staark dovu schwätzen," esou de Xavier Buck. Google hätt den Image, "cool" ze sinn, an dat kéint hëllefen, fir Start-Upen aus dem IT-Beräich op Lëtzebuerg ze lackelen.

De radio 100,7 hat d'lescht Woch gemellt, datt den US-Konzern Google ronn eng Milliard zu Lëtzebuerg wëllt investéieren, fir en Datacenter ze bauen. De Xavier Buck seet, hien hätt "eigentlech léiwer gehat, déi Informatioun wär net erauskomm". Et wär net gutt, wann d'Noriichten "ze vill Drock maachen" op Google.

Méi zum Thema

google.jpg Exklusiv
Google

Google wëllt hei am Land e groussen Datacenter bauen. Well en initiale Projet zu Biissen gescheitert ass, hätt den US-Konzern nach gär dës Woch Kloerheet iwwer en alternative Site. Och zu Biissen.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen