Radioen

On air

Fiasko Fest  |  S02E33 Mir scheiteren ëmmer nach: Yasin Özen a Versavia Peckels

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De radio 100,7 gouf ënner d'Lupp geholl

Peer Review

De radio 100,7 gouf ënner d'Lupp geholl

De radio 100,7 huet sech vun der "Union Européenne de Radio-Télévision" (EBU) ënnert d'Lupp huele gelooss. An dëser sougenannter "Peer Review" hunn Experte vun aneren ëffentlech-rechtleche Medien, déi EBU-Member sinn, de Fonctionnement, d'Programmatioun an d'Gouvernance vum radio 100,7 ënnersicht. D'Konklusiounen a Recommandatioune goufen an engem Rapport festgehalen, a sollen zum Deel mat an d'Entwécklung vum radio 100,7 afléissen.

auto_stories

6 min

D'Peer Review huet de radio 100,7 op eegen Demande maach gelooss. De 24. a 25. Januar ware véier Experte vun ëffentlech-rechtleche Medie bei de radio 100,7 komm. Zwee vun der EBU selwer, plus eng Managerin vum Schwedesche Radio, an de Chef vu Radio 1 an Irland.

E positiven Exercice

D'EBU offréiert dëse Service gratis fir hir 73 Memberen, dorënner de radio 100,7. Net all d'EBU Membere wëllen sech op d'Fangere kucke loossen. Fir de radio 100,7 wier et e positiven, a nëtzlechen Exercice, sou den Direkter Jean-Paul Hoffmann: "Dat hei ass en Exercice, deen e bëssen onbequem ass awer an deem Sënn, well ee Leit huet, déi vu baussen erakommen, déi engem iwwer d'Schëller kucken, déi kucke wéi geschafft gëtt, wéi dat geet, wéi d'Prozesser sinn, wéi d'Organisatioun ass asw, an de Fanger op d'Wonn leeën."

Dat wier den Zweck vun der Übung, an do bräicht een dann och e bëssen eng Iwwerzeegung, datt dat néideg wier. D'Recommandatioune vun der Peer Review géifen dann en Ustouss ginn, fir de Radio weider ze entwéckelen.

Wie sinn d'Nolauschterer?

Am Rapport heescht et op e puer Plazen: De radio 100,7 géif net präzis genuch wëssen, wien seng Nolauschterer sinn. Eng detailléiert Recherche iwwert d'Audienz an hire Besoinen an Erwaardunge wier awer wichteg. De Radio kéint esou méi cibléiert Inhalter entwéckelen an domat och nei Nolauschterer gewannen. Den Direkter bemierkt dozou, den 100,7 hätt e breet gefächerte Programm, an dat wär gutt sou.

"D'Peer Review seet: Dir sidd ze breet opgestallt, an dir sidd eigentlech ze déif, dir sidd ze einfach an dir sidd ze komplizéiert gläichzäiteg. An dat ass eng interessant Consideratioun, an do musse mer eis wierklech Zäit ginn, fir driwwer nozedenken, an ze kucken, wéi mir dat uginn."

De radio 100,7 géif ganz vill couvréieren, et géif ee ganz vill Themen a Sujeten ofdecken, dorënner verschidde Museksgenren. De Jean-Paul Hoffmann mengt, et misst ee sech froen, ob een dat wierklech sou breet wéilt uleeën, oder ob et technesch Méiglechkeete géif ginn, fir dat anescht opzedeelen.

D'Peer Review seet weider: Wat de Radio seng Nolauschterer besser kennt, wat en méi direkt mat hinne kéint schwätzen. Den Tom McGuire, vum iresche Radio:

"Fir d'Nolauschterer ass et immens wichteg, datt se soe kënnen, 'Dat hei ass fir mech', sou datt de Radio hiert eegent Liewen erëmspigelt. Dir musst en Deel gi vun deem, wat mir an Irland 'D'Gespréich vun der Natioun' nennen. Sou datt äre Radio am Mëttelpunkt vun deem Gespréich steet, op et elo ëm Musek geet, Sport, d'Wieder, Politik.... egal. D'Leit musse spieren, datt dir mat hinnen iwwert dat schwätzt, wat wichteg fir si ass."

Méi lokal Presenz

An deem Kontext sinn d'Peers och der Meenung, datt de radio 100,7 seng lokal Presenz sollt verstäerken, mat, zum Beispill, méi lokalem Accent an de Noriichten. Als positiv Entwécklungen an de leschte Joren, gesinn d'Peers d'Beméiungen, fir méi e jonke Publik, mat deementspriechendem Inhalter z'erreechen, d'Reputatioun a Credibilitéit vun den 100,7 Noriichten an d'Erneierung vum Internetsite.

Den Internetsite misst awer weider entwéckelt ginn, mat multimedialem an och eegenem Contenu. D'Online Versioun vum 100,7 dierft net just e Copy/Paste si vum Radio sinn. Den Direkter Jean-Paul Hoffmann mengt datt do Saachen an d'Weeër geleet gi wieren, et hätt een haut e Website deen anescht funktionéiert wéi dee virun dräi Joer. Et wier vill méi Offer drop. Weiderhi géif de radio 100,7 eng App kréien.

Sechs Kärvaleuren

Fir hir Analyse vum radio 100,7 orientéiert d'Peer Review sech un sechs Kärvaleuren, déi ëffentlech-rechtlech Medien als Service publique erfëlle sollen, dorënner Diversitéit an Universalitéit. Als Erausfuerderung hieft d'Peer Review do déi multilingual Populatioun zu Lëtzebuerg ervir, mat haut bal 50 Prozent Residenten, déi net Lëtzebuerger sinn, an also d'Sprooch, Lëtzebuergesch, an domat de Gros vum 100,7 Programm, net onbedéngt verstinn.

"Op deem Punkt si mer extrem sensibel, an dat net eréischt zanter de Peer Review", seet den Direkter, an et hätt een zanter e puer Joer ugefaangen d'Programmoffer e bëssen auszebauen. "Mir hunn eng engleschsproochege Programm mat Informatioun a Musek, mee dat geet net duer, a mir mussen awer déi Fro do adresséieren, well soss bleift de Medium, de Service publique, iergendwou, iergendwann an enger Minoritéiteroll, wou en nach fir eng Minoritéit eigentlech just Radio mécht, an dat ass eng prinzipiell Fro."

Budget méi effizient gebrauchen

D'Fro vum Budget an de personelle Ressourcen, déi ee bräicht, fir dës an aner Recommandatioune vun der Peer Review ëmsetzen, gëtt am Rapport ugeschwat. Dem 100,7 säi Budget, deen zu 98,5 Prozent vum Staat kënnt, gesinn d'Peers dobäi als relativ generéis. E kéint awer méi effizient gebraucht ginn. An dofir wier et gutt, méi e präzise Monitoring vun de d'Käschte fir eenzel Sendungen ze maachen.

Wat d' Organisatioun ugesäit, géif d'Peer Review verschidden Decisioune confirméieren, déi de 100,7 Verwaltungsrot scho geholl huet, seet de Conseilspresident Laurent Loschetter, zum Beispill datt een e Responsabele vun de Ressources humaines géif kréien. Et hätt een den Numerus Clausus, deen een am Kontrakt mat Staat hat, gebrach. Et hätt een erlaabt kritt, fir deen net méi z'applizéieren. Weiderhin hätt een en neien Organigramme vum Conseil du gouvernement geneemegt kritt, esou de Laurent Loschetter weider.

Rapport lant net am Tirang

D'Peer Review soll als Aarbechtsdokument mat an d'Diskussiounen iwwert déi zukünfteg Entwécklung vum radio 100,7 afléissen. Fir den 100,7 Direkter ass kloer: De Rapport géif net an engem Tirang landen:

"U sech ass et eng Confirmatioun och dovunner, datt mer net grad alles falsch war, wat bis elo gemaach ginn ass, do gi lo déi Recommandatiounen analyséiert a gekuckt op deene verschiddenen Niveauen, an da ginn et der, déi wäerten zeréckbehale ginn, an et ginn där, wou mer da soe 'Moment, dat ass zwar gutt gemengt, mee an eisem Fall net duerchsetzbar'."

De President vum Verwaltungsrot, Laurent Loschetter bemierkt och nach:

"Datt och nach an der Etüd steet, datt et net vulgär ass, datt een ee vun den Ziler huet, fir d'Audienz méi héich unzepeilen, dat heescht vun eise Kollege vum Ausland krute mer kloer gesot, datt d'Qualitéit an d'Recherche vu méi Audienz absolut kompatibel si mateneen."

Den Tom McGuire mengt dozou, datt de radio 100,7 haut e bësse méi wéi 7 Prozent Audienz hätt, a wann een dat an den nächste 25 Joer verduebele kéint, da wier dat eng super Saach. Dat kéint erreecht ginn, wann d'Leit mierken, datt dat e Radio fir si ass.

Fundamental Restrukturatioun

Eng Peer Review hat 2012 och déi Belsch RTBF maache gelooss, an huet duerno hir Programmer zimlech fundamental restrukturéiert. Den Administrateur général vun der RTBF, Jean-Paul Philippot, deen och President vun der EBU ass, sot eis: Esou eng Peer Review wier eng gutt Geleeënheet fir e Medienhaus, seng Missioun als service publique ze evaluéieren. Eng Missioun, déi de Chef vun der RTBF esou definéiert:

"Je pense que dans ce monde, où on a la crainte de la manipulation, de la fragmentation de la société, et de l'uniformisation culturelle, le service publique est un des acteurs d'une société où la cohésion reste une valeur partagée, où la diversité est considérée non pas comme un risque, mais comme une opportunité, et le service publique est définitivement un des promoteurs de l'investissement dans la culture locale, et de la diffusion de la culture locale au plus grand nombre. Donc il est absolument nécessaire à une société et un modèle démocratique fondés sur les valeurs européennes."