Radioen

On air

De Moien  |  Roger Spautz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Schluss vun de Koalitiounsverhandlungen

Politesche Wocheréckbléck

De Schluss vun de Koalitiounsverhandlungen

Déi nei Regierung soll d'nächst Woch vum Grand-Duc vereedegt ginn. D'Verhandlungen tëschent den dräi Parteie fir e Koalitiounsaccord goufe schonn dëse Mëttwoch ofgeschloss, liicht éischter wéi geplangt. Éischt Mesuren doraus goufen op enger Pressekonferenz presentéiert vum Formateur Xavier Bettel a vun den dräi Verhandlungscheffe Corinne Cahen, Etienne Schneider a Félix Braz.

auto_stories

3 min

Wéi koum et dozou, datt d'Verhandlunge scho virgëschter fäerdeg waren?

Et war schonn am Virfeld gewosst, datt e Mëttwoch am grousse Krees am Ausseministère nëmmen nach d'Rapporte vun zwee Aarbechtsgruppen ze diskutéiere bloufen, dorënner dee vum wichtege Grupp Finanzen a Fiskalitéit. Matten am Nomëtteg war déi lescht Verhandlungsronn dunn eriwwer, dat genee sechs Wochen nom Ufank vun de Gespréicher de 17. Oktober.

De Xavier Bettel hat jo no de Chamberwahlen de 14. Oktober d'Missioun vum Grand-Duc kritt, fir eng Regierung zesummen ze stellen: eng Missioun, déi de Formateur also dës Woch konnt ofschléissen.

Éischt Detailer aus dem ausgehandelte Regierungsprogramm fir déi nächst fënnef Joer goufe presentéiert, op enger Pressekonferenz am Kooperatiounsministère.

Do goufen eng Rei Mesurë bestätegt, déi schonn an den Deeg virdru bekannt gi waren:

  • Gratis ëffentlechen Transport,
  • Changementer bei der Kilometerpauschal,
  • Eropsetze vum Mindestloun ëm 100 Euro netto de Mount,
  • Zwee zousätzlech fräi Deeg
  • Legaliséierung vu Cannabis

Dës an aner Pläng vun der nächster Regierung hate mir schonn hei op der Antenn thematiséiert. Op der Pressekonferenz hunn d'Vertrieder vun den dräi Parteie Félix Braz, Etienne Schneider a Corinne Cahen natierlech hir Zefriddenheet iwwer d'Verhandlungen ausgedréckt.

E besseren Accord wéi dee vun 2013, seet de Félix Braz: trotzdem ginn et jo awer Ënnerscheeder, am Verglach mat de Verhandlunge vu viru fënnef Joer.

Jo, am Virfeld vun de Chamberwahlen dëst Joer hat et jo geheescht, déi dräi Parteien hätte kee gemeinsame Projet méi. An de leschte sechs Woche gouf een neie gemeinsamen Accord ausgehandelt, fir d'Aarbecht fir déi nächst fënnef Joer. D'Euphorie war dës Kéier awer sécher manner grouss, wéi viru fënnef Joer.

Interessant waren an deem Kontext gëschter d'Äntwerte vum Xavier Bettel a vum Etienne Schneider op eng Journalistefro, wien dann elo bei de Verhandlunge gewonnen a wie verluer huet. Keen hätt d'Verhandlunge verluer, jiddweree wier d'selwecht behandelt ginn.

Interessant war och den Toun vun der Äntwert vum Formateur Xavier Bettel, op d'Nofro op der Pressekonferenz, wéini d'Cannabis-Legaliséierung soll kommen, nodeem et während de Koalitiounsverhandlunge geheescht hat, datt dat keng Top-Prioritéit vun der nächster Regierung dierft sinn. Et géife keng Top-Prioritéite ginn, mee et hätt ee fënnef Joer Zäit fir de Koalitiounsaccord ëmzesetzen.

Wéi geet et elo virun? Wat geschitt an den nächsten Deeg?

  • Bis e Méindeg soll de kompletten Text vum Koalitiounsaccord stoen, mat wuel enger Partie méi Detailer zu den ugekënnegte Moossnamen. D'Ressort-Verdeelung tëschent de Parteie soll haut offiziell bekannt ginn.
  • E Méindeg de Mëtteg kommen déi dräi Verhandlungsdelegatiounen eng leschte Kéier am Ausseministère zesummen, an de Koalitiounsaccord soll ënnerschriwwe ginn an duerno och verëffentlecht ginn.
  • D'Partei-Gremie sollen en Dënschdeg den Owend den Accord an d'Ressort-Verdeelung guttheeschen
  • An e Mëttwoch de Mëtteg wäert déi nei Regierung am Palais vereedegt ginn