Et dauert nach zwee Méint bis d'Decisioun annoncéiert gëtt, ob de Frank Schneider vu Frankräich un d'US-Autoritéiten ausgeliwwert gëtt. De Moien hunn de Frank Schneider a säin Affekot wéi erwaart dogéint plädéiert. An den USA wiere seng fundamental Rechter net garantéiert. Den amerikanesche Justizsystem wier "vampirisant, horrible et attroce", esou de Maître Emmanuel Marsigny, Affekot vum Frank Schneider.
Keng Enquête zu Lëtzebuerg
D'Defense ass der Meenung, datt de Frank Schneider net wéilt virun der Justiz flüchten: Hie géif sech der Justiz stellen, awer an Europa. Et wier un der Lëtzebuerger Justiz fir eng Enquête opzemaachen, an do kéint de Frank Schneider sech da richteg verdeedegen.
De Lëtzebuerger Parquet hat eis op Nofro hi rezent gesot, et géif ee keng Opportunitéit fir eng zousätzlech Enquête zu Lëtzebuerg gesinn, well d'USA schonn eng grouss Enquête opgemaach hätten.
Procureur freet Ausliwwerung
De Philippe Renzi, Avocat Général beim Geriicht vun Nanzeg, huet a sengem Requisitoire de Moie kloer eng Ausliwwerung gefrot. D'Demande vun den USA géif d'Krittären erfëllen. Et wier net un der franséischer Justiz fir sech an den Detail vun der US-Enquête anzemëschen. An et wier och net un der franséischer Justiz fir ze kommentéieren, wisou Lëtzebuerg net freet, datt de Frank Schneider op Lëtzebuerg ausgeliwwert gëtt. Et wier kloer, datt d'Lëtzebuerger keng Enquête wéilte maachen.
Hausarrest: Decisioun nach des Woch
Muer Freideg um 11 Auer steet eng weider Decisioun un: D'Defense huet gefrot, datt de Frank Schneider bis op Weideres kéint mat elektronescher Foussfessel an den Hausarrest, amplaz an Untersuchungshaft am Prisong ze sëtzen. De Procureur ass och do net mat der Defense averstanen well soss géif et eng Fluchtgefor ginn.
De Frank Schneider sot viru Geriicht, hie géif net virun der Justiz fortlafen: "Ech war nach ni op der Flucht a mengem ganze Liewen. Dat ergëtt kee Sënn. Justiz ass d'Léisung fir mäi Problem, an näischt wou ech virdru géif fortlafen", esou de fréiere Srel-Mataarbechter a Grënner vun der privater Sécherheetsfirma Sandstone.
E Vertrieder vun der US-Ambassade huet sech d'Sitzung de Moien zu Nanzeg ugelauschtert. D'US-Autoritéiten hunn an der OneCoin-Affär bis haut sechs Persounen inculpéiert. Géint de Frank Schneider a seng Firma Sandstone leien Emailen, SMSen an Zeienaussoe vir. Wéi mir dat hei op 100komma7.lu gemellt hunn, weisen am Dossier méi Elementer op Lëtzebuerg, wéi dat bis elo am Grand-Duché bekannt war.