Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech weess net, ob et nach zu enger neier Verfassung kënnt"

Reform vun der Verfassung

"Ech weess net, ob et nach zu enger neier Verfassung kënnt"

"Ech weess net, ob et nach zu enger neier Verfassung kënnt", esou reagéiert den Alex Bodry op d'Virschléi vun haut vun der CSV. Hie kritiséiert a bedauert, datt et een totale Broch mat der Aarbechtsweis am Konsens aus de leschte méi wéi 15 Joer géif ginn.

auto_stories

2 min

Den Alex Bodry ass de President vun der LSAP an de President vun der Chamberkommissioun fir d'Verfassungsrevisioun

Dem Alex Bodry no kéint et net sinn, datt d'CSV deenen anere Parteien een Ultimatum géif stellen. D'CSV géif net méi zu Accorden aus der Vergaangenheet stoen. D'Verhale vun der CSV wier den Ausdrock vun enger Partei, déi ëm hir Orientéierung géif kämpfen, an déi nom "Schock vun den Europawahle" ganz aus dem Trëtt géif schéngen ze geroden, esou den Alex Bodry. Vläicht hätt déi gréisst Oppositiounspartei och keng Loscht mat de Regierungsparteien zesummen e gemeinsam verfaassten Text ze verdeedegen.

Den LSAP-Fraktiounschef seet, hie wéisst net, ob et vill géif bréngen, datt d'Chamber am Hierscht eng Konsultatiounscampagne géif lancéieren, ouni ze wëssen, wéi d'Etapp duerno respektiv den Ofschloss a Saache "grousse Projet nei Verfassung fir Lëtzebuerg" kéint ausgesinn.

Den CSV-Parteipresident hat en Dënschdeg Moien ugedreet, seng Partei géif d'Reform vun der Verfassung net matstëmmen, wa virdrun net eng Rei Froe gekläert wieren. Déi gréisst Oppositiounspartei fuerdert, datt d'Bierger an engem Referendum eng Rei präzis Froe gestallt kréien, zum Beispill iwwer d'Wahlbezierker oder d'duebel Mandater. Déi rezent Diskussiounen iwwer eng eventuell Reform vum Wahlsystem géife weisen, datt d'Verfassungs-Debatt nach net ofgeschloss ass. Wann déi aner Parteien net bereet si mat op dee Wee ze goen, da wëllt d'CSV de Verfassungsprojet, deen um Dësch läit, net mat stëmmen.