Radioen

On air

Notturno  |  East Coast Love Affair - Date With The Rain Feat. Peter Hunningale & L. Ross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng nei Pensiounsreform ass néideg

Pensiounen

Eng nei Pensiounsreform ass néideg

D'Rentereserve leien aktuell bei 17,8 Milliarden Euro. Trotz deem positive Resultat wier den aktuelle Pensiounssystem laangfristeg net geséchert, seet de President vum Kompensatiounsfong. Dem Robert Kieffer no drängt sech kuerzfristeg eng nei Pensiounsreform op. Dernieft begréisst hie wann de Kompensatiounsfong, deen déi national Rentereserve geréiert, en Ethikrot zur Säit hätt. Vun der Regierung erwaart de Robert Kieffer méi kloer Richtlinne fir d'Investitiounspolitik vum Fong.

auto_stories

4 min

Robert Kieffer

D'Rentereserve sinn op 17,8 Milliarden Euro geklommen. Dat sinn 1,2 Milliarde méi wéi d'Joer virdrun a 4,53 mol d'Joresausgabe vun deem, wat 2016 u Pensiounen ausbezuelt gouf. Dat geet ervir aus dem Rapport 2016 vum Kompensatiounsfong, deen d'Rentereserve geréiert. Hei heescht et och, datt d'Rentereserven och déi nächst Joer signifikativ wäerte wuessen.

De System ass net geséchert

Kuerzfristeg géif et kee Problem ginn, seet de Robert Kieffer. Den aktuelle System awer géif de Leit iwwer dat Duebelt u Leeschtunge verspriechen, wéi dat wat an d'Pensiounskeess cotiséiert gëtt. Laangfristeg géif dat net opgoen, kritiséiert de President vum Pensiounsfong. Et wier eng grouss Inconnue, wéi sech an den nächsten 30 Joer d'Recettë fir de Pensiounsfong wäerten entwéckelen.

De Pensiounssystem baséiert op engem "Ëmlageverfahren", wou d'Rente finanzéiert ginn duerch d'Beiträg vun der aktiver Populatioun. Op mannst dräi Prozent Wuesstem vum Emploi sinn néideg fir de System ze garantéieren. Esou e Wuesstem vum Emploi féiert a 60 Joer zu enger aktiver Populatioun vun iwwert 3 Millioune Leit déi musse cotiséieren. "Wann dat do géif antrieden, da kréie mir esou staark aner Problemer, datt d'Liewen hei zu Lëtzebuerg praktesch onméiglech gëtt."

D'Fro déi sech haut géif stelle wier, ob ee mat där Croissance vum Emploi ka weiderfueren, a wat geschitt wann den Emploi stagnéiert. "Da gëtt et méi kriddeleg", seet de Robert Kieffer. Och wann d'Projektiounen iwwert d'Entwécklung vun de Renten net ëmmer antrieden, wier awer kloer, datt de Staat sech zu méi engagéiert huet wéi en laangzäiteg ka finanzéieren.

"Legale Rentesystem muss iwwerliewen"

De Robert Kieffer ënnersträicht, datt d'Pensiounsreform vun 2012 haut nach net voll gräift, mee eréischt am Joer 2052. Dem Mathematiker a President vum Kompensatiounsfong no misst dréngend kuerzfristeg nogebessert ginn, wann een de System wëll erhalen. Beim System géif et drëm goen, datt Leit mat klengem Akommes am Alter eng Ofsécherung hunn, ouni eng privat Zousazversécherung mussen ze maachen.

"Mir zéie 24 Prozent vun der Lounmass vun eisen Assuréen, vun de Patronen a vum Staat an. Dogéint versprieche mir hinne fir d'Zukunft 50 Prozent vun där Lounmass - méi wéi dat Duebelt." D'Depense leien aktuell bei 21,92 Prozent vun der Lounmass. "Ugangs vun den 20er Jore wäert dat wat mir ausginn iwwert de 24 Prozent leien". Dat kéint deels nach gedeckt gi mat de Revenuë vun den Investissementer vun de Rentereserven. Duerno missten d'Reserve selwer ugezaapt ginn.

"Meng fundamental Kritik ass, datt mir méi versprieche wéi mir anzéien", seet de President vum Kompensatiounsfong.

Déi nächst Rentereform

De Cotisatiounstaux vun aktuell 24 Prozent muss an d'Luucht goen, de Rentenalter och, an de Montant vun de Pensiounen erof, seet de Robert Kieffer. "Et muss e probéiere fir de 'Gap' tëscht dem Verspriechen an de Recetten ze reduzéieren. Op alle Parameter". An déi Richtung geet och d'Bestandsopnam vum System déi d'IGSS (Inspection générale de la sécurité sociale) am Dezember 2016 gemaach huet. Aktuell analyséiert en Aarbechtsgrupp verschidde Modeller wéi een drop ka reagéieren. Bis Enn vum Joer soll déi Analyse vir leien.

Investitiounspolitik vum Kompensatiounsfong

De Kompensatiounsfong investéiert déi Suen, déi net als Pensiounen ausbezuelt ginn an Aktien, Obligatiounen, a Matière Premieren, an den Immobiliëmarché ... D'Investitiounspolitik vum Kompensatiounsfong ass an der Vergaangenheet puer mol kritiséiert ginn, well de Fong net sozial an nohalteg investéiert huet. Esou sinn d'Suen a Streebomme gefloss, an d'Tubaksindustrie, de Pëtrol, oder an Entreprisen déi d'Mënscherechter net respektéieren.

"De Kompensatiounsfong investéiert an all grouss Firme vun der Welt. Dir wäert dach net mengen datt déi dräi Leit vum 'Fonds de Compensation' sech kënnen amuséieren, déi 1.650 Firmen am Detail ze kucken". De Kompensatiounsfong géif net direkt investéieren, mee iwwert Geranten, déi eng Missioun an e "Cahier de charge" kréien, erkläert de Robert Kieffer. Déi Gerante géifen de Choix vun den Titre maachen déi se kafen - "mir net". Wa sech awer eraus stellt, datt Firmen dobäi sinn, déi géint international Conventioune verstoussen, da géife si aus den Investitiounen eraus geheit ginn. Bei de Streebomme wier dat de Fall gewiescht.

D'ONG-Plattform Votum Klima huet rezent drop higewisen, datt Sue vum Kompensatiounsfong zum Beispill an d'Firma Monsanto investéiert ginn (de Produzent vu Glyphosat). Oder a Shell, déi fir Pollutioun am Nigeria verantwortlech sinn, oder an d'Firma, déi déi ëmstridde Pipeline duerch den Dakota soll bauen. Zanter Juni huet sech de Fong aus dem Finanzement vun der Dakota-Pipeline zréckgezunn, seet de Robert Kieffer.

Den Tubak wier zu Lëtzebuerg net verbueden, also géif hie keen Handlungsbedarf gesi fir sech aus Tubaksentreprisen zréck ze zeien. A wat de Glyphosat betrëfft, verweist de President vum Kompensatiounsfong op d'EU-Kommissioun, wou nach ëmmer iwwert de Pestizid diskutéiert géif ginn. Wann net gewollt ass, datt a Monsanto investéiert gëtt, da bräicht hien eng kloer Indikatioun vun der Regierung, esou de Robert Kieffer.

"Mir sinn net Experten an der Ethik". Hie begréisst d'Propose vun der ONG Votum Klima, wann d'Regierung dem Pensiounsfong en Ethikrot zur Säit géing ginn. "Dat géing mir eng schwéier Charge ofhuelen".