COVID19-Tester Feelerquot bei Tester: Experte relativéieren

De Claude P. Muller relativéiert d'Ausso vun der Paulette Lenert iwwer d'Feelerquot bei de Covid19-Tester. Am Ufank wieren d'Tester manner sensibel gewiescht. Haut géif een de Virus méi fréi detektéieren.

Rahel Könen / cbi

Covid-Test
Foto: Bigstock / ViShark

De Bäitrag vum Rahel Könen lauschteren


An enger parlamentarescher Fro hat d'Paulette Lenert rezent vu bis zu 20 Prozent falsch-negative Resultater bei Covid19-Tester geschwat. De Virolog Claude P. Muller mengt, datt dës Zuel dorop zeréckzeféieren ass, datt am Ufank d'Sensibilitéit vun den Tester nach net esou héich war wéi elo. Bei deenen Tester hätt misste méi Virus am Echantillon present sinn, fir datt den Test positiv ausfält.

Mëttlerweil hätten d'Tester awer eng méi héich Sensibilitéit an et misst keng sou grouss Quantitéit vum Virus am Echantillon sinn, fir en och ze detektéieren. Doduerch wieren d'Tester méi fiabel an de Virus kéint och méi fréi detektéiert ginn. Fir de Virolog Claude P. Muller huet d'Ausso vun der Gesondheetsministerin also eppes domat ze dinn, datt d'Tester am Ufank vun der Pandemie net esou sensibel waren.

Den Zäitpunkt vum Test ass wichteg

Eng Schwieregkeet bei den Tester bleift awer, datt d'Inkubatiounszäit vum Virus ka variéieren: et dauert bei all Patient ënnerschiddlech laang, bis genuch Quantitéit vum Virus an der Schläimhaut ass, fir bei engem Test detektéiert ze ginn.


Den Ulf Nehrbass


Dat ass och bei de Large Scale Tester de Fall, seet den Ulf Nehrbass, Generaldirekter vum Luxembourg Institute of Health:

"Wenn wir Menschen im Large Scale Test haben, die gestern infiziert wurden und die heute getestet werden, dann werden wir natürlich keinen Virus finden, weil kein Virus da ist."

Den Ulf Nehrbass konnt awer net soen, bei wéi vill Patienten de Fall ass, mee hie preziséiert awer: "Sobald das Virus vorhanden ist, also nachweisbar ist, werden wir das im Large Scale Test finden."

Méi zum Thema

COVID-19 Test
Covid-Tester

Bei de Covid19-Tester gëtt et keng 100 prozenteg Garantie, datt d'Resultat richteg ass. Besonnesch bei negativen Tester géif et eng héich Feelerquot ginn. Dat äntwert d'Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro.

Corona-Test
Corona-Pandemie

D'Nofro u medezineschem Tester-Material ass drastesch an d'Luucht gaangen. Dozou gehéieren d'Stäbercher, d'Reagenzproduiten an d'Maschinne fir d'Tester auszewäerten. Och d'Personal ass ënner Drock.

Pressekonferenz Research Luxembourg Covid-19 Task Force
Test-Strategie

Bis de 6. Juli goufen am Kader vum Large-scale testing 268 Leit positiv getest. Dat si Leit, déi zum Deel guer keng Symptomer hunn, a sech net krank spieren, an doduerch fréi kënnen a Quarantän gesat ginn.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen