Radioen

On air

Notturno  |  The Jam - English Rose

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Handlungsbedarf beim Rentesystem?

Pensiounen

Handlungsbedarf beim Rentesystem?

Weder fir déi, déi schonn eng Rent kréien, nach fir déi zukünfteg Rentner soll eppes änneren, huet de Vize-Premier a wahrscheinlechen LSAP-Spëtzekandidat bei de Chamberwahlen, den Etienne Schneider, um Neijoerschpatt vu senger Partei versprach. "Mir verstinn iwwerhaapt net, wéi eng CSV kann ouni Nout elo fuerderen, datt d'Rente sollen erofgesat ginn, datt de Rentenalter soll eropgesat ginn an datt d'Cotisatioune sollten eropgesat ginn. Dat versti mir net, an enger Zäit an där mir esouvill Rentereserven hunn, wéi dat Land der nach ni hat", sot den Etienne Schneider.

auto_stories

5 min

Foto: Bigstockphoto / Flynt.

Enn 2015 louchen d'Rentereserve bei ronn 16,5 Milliarden Euro: Dat ass méi wéi véier Mol esou vill, wéi d'Depensë pro Joer. Den Etienne Schneider huet d'lescht Woch annoncéiert, datt et beim Thema Renten eng rout Linn am LSAP-Wahlprogramm wäert ginn. Iwwert déi wéilt een net goen, fir an eng Koalitioun ze goen. Mat der LSAP kéim dat net a Fro. Am Géigendeel zum CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler géif een net virun engem Risiko kapituléieren, deen eventuell an 20 oder 30 Joer op ee géif duerkommen. Et wéilt ee Weeër a Léisunge fannen, fir d'Pensiounen och laangfristeg z'assuréieren. Dofir géif een och suergen, datt de Wuesstem laangfristeg assuréiert gëtt, esou den Etienne Schneider weider.

D'CSV huet den Etienne Schneider den Dag drop un hir "richteg Positioun" a Saache Rentereform erënnert. An dëser Positioun vum Mee 2017 heescht et, datt d'CSV weder fir een Eropsetze vum legale Rentenalter wier, nach fir Leeschtungskierzungen. De Parteipresident vun der CSV, de Marc Spautz, sot am 100,7-Interview, datt d'CSV d'Pensiounen net wéilt kierzen, wéi dat duergestallt géif ginn. Et wéilt een de System ofsécheren, dat wieren zwou verschidde Saachen. De Leit, déi schonn an der Pensioun sinn, deene géif sécher näischt geschéien. D'Verspriechen, also d'Engagementer déi de Staat den Assuréë ginn hätt, do kéint guer näischt dru geännert ginn. Mä et misst ee sech d'Fro stellen, wat muer oder iwwermuer geschéie géif. Doriwwer géif ee gär mat de Sozialpartner diskutéieren, datt ee sech do kéint adaptéieren. De Marc Spautz ënnersträicht, datt d'Uschëllegungen, d'CSV wéilt d'Rente kierzen, falsch wieren. Et wéilt een de Leit näischt ewech huelen. Et géif een zu de Versprieche stoen, déi bis elo gemaach goufen.

Dräi Schrauwen, fir drun ze dréinen

De Marc Spautz seet awer och, datt hien net kéint soen, ob een, dee muer ufänkt mat schaffen, nach esou eng Rent kréich, wéi déi Leit, déi elo scho kuerz virun der Rent stinn. An der Vergaangenheet huet den CSV-President vun engem "ganz neie System" geschwat. De Marc Spautz weist sech ganz oppen an där Diskussioun. Dat misst awer net heeschen, datt déi Leit, déi elo ufänke mat schaffen, manner versprach kréichen, mä aner Saache versprach kréien.

Schonn am Dezember 2016 hat den CSV-Fraktiounschef gesot, datt d'CSV net zéng Joer wéilt waarden, well et soss méi komplizéiert géif ginn, fir an der Rente-Fro ze reagéieren. An den CSV-Programm fir d'Chamberwahle géif sécher stoe kommen, datt een an der nächster Legislaturperiod eng Reform misst maachen, hat de Claude Wiseler viru gutt engem Joer an der 100,7 Emissioun Riicht eraus ugekënnegt. Et hätt ee beim Pensiounssystem just dräi Schrauwen, un deenen een dréie kéint. Dat wier déi vun den Ausgaben. vun de Cotisatiounen, an déi vun der Lafzäit. Iwwert eng vun deenen dräi Schrauwe misst een eng Diskussioun féieren, sot de Claude Wiseler am Dezember 2016. Hien hätt awer keng Preferenz, wéi eng vun deenen dräi Schrauwen dat wieren. Et misst een allerdéngs bei all Reform an Diskussioun mat de Sozialpartner sinn. Den CSV-Fraktiounschef huet gemengt, datt et eng Mëschung vun deenen dräi Saache misst ginn, fir eng equilibréiert Léisung ze fannen.

Bis 65 Joer schaffe goen

De Parteipresident Marc Spautz schléisst net aus, datt et mat Changementer bei enger vun den dräi Stellschrauwe kéint duer goen. Hien ass der Meenung, datt ee sech kuerzfristeg an onopgereegt mat de Gewerkschaften a mam Patronat soll zesumme setzen, fir iwwer eventuell aner Methoden ze schwätzen. Eng Approche kéint beispillsweis sinn, datt een erëm méi no un de reelle Pensiounsalter kéim. Dee läit momentan zu Lëtzebuerg nach ëmmer bei 65 Joer. D'Realitéit wier awer eng ganz aner, sou datt de Gros vun de Leit mat manner wéi 60 Joer an d'Pensioun géif goen.

Méi laang Cotisatiounszäite wieren dem Marc Spautz no deemno eng vun de Méiglechkeete bei enger Reform. Et misst een de Leit och d'Méiglechkeet loossen, fir méi laang kënne schaffen ze goen, wann d'Gesondheet et géif erlaben an d'Leit dat och wéilten. Dat wier awer nëmme méiglech, wann een oppen doriwwer géif schwätzen.

Entscheedend Fro fir eng CSV-LSAP Koalitioun?

Fir datt et fir d'CSV wéinst hirer Fuerderung no enger Rentereform bei de Chamberwahle keng Stëmmeverloschter riskéiert ze ginn, wier et wichteg den Handlungsbedarf richteg z'explizéiere, betount de Parteipresident. Et misst een de Leit erklären, datt een hinnen näischt ewech huele wéilt, esou den Parteipresident vun der CSV.

D'CSV gesäit an der Rente-Fro also Bedarf fir eng weider Reform, no där vun 2012. D'LSAP schwätzt vun enger rouder Linn a bënnt eng eventuell Koalitiounsbedeelegung un dës Fro. Bedeit dat, datt CSV an LSAP vun 2018 bis 2023 sécher net zesumme wäerte regéieren? Fir d'éischt misst de Wieler schwätzen a dann eréischt géif iwwer Koalitioune geschwat ginn, äntwert de Marc Spautz. Et géifen och Leit an der LSAP ginn, déi bereet wieren, iwwert de Rentenantrëttsalter ze schwätzen. Si wéilten net an en anere System eran, mä de reelle Rentenantrëttsalter un de legale Pensiounsalter upassen. Ob de Wieler den zwou Parteien den Optrag gëtt, fir iwwerhaapt eng Regierung ze bilden, dat géif sech de 14. Oktober weisen, esou de Marc Spautz weider.

Reaktioune vun anere Parteien

  • déi gréng gesi keen akuten Handlungsbedarf. Ouni fundéiert Zuele sollt een net virun de Won lafen a keng Polemik ronderëm d'Rente maachen, heescht et op Nofro hin. Déi Gréng wieren awer dofir, schonn elo ze kucken, wéi een de System finanziell manner ofhängeg vun der ekonomescher Croissance kéint maachen.
  • Fir déi Lénk gëtt et kuerzfristeg keen Handlungsbedarf. Et géif kee Grond ginn, fir Angscht ze maachen oder fir eng Verschlechterung vum Sozialsystem. Mëttel- bis laangfristeg misst ee sech awer Gedanken iwwert méi héich Kotisatioune fir Leit, déi vill verdéngen, maachen, esou d'Oppositiounspartei.
  • D'ADR iwwerdeems bedauert, datt de Renteproblem net éischter ugepaakt ginn ass. D'Oppositiounspartei gesäit fir déi nächst Legislaturperiod deemno ganz kloer Handlungsbedarf. Allerdéngs ass d'ADR net der Meenung, datt haut eng déifgräiffend Rentereform fir déi bestoend Renten néideg wier. Néideg wier eng Upassung vum System un e kontrolléierte Wuesstem.
  • D'DP wëllt a gudden Zäiten dofir suergen, datt och zukünfteg Generatiounen nach vu gudde Pensioune kënne profitéieren, huet et op Nofro hi geheescht. D'Demokratesch Partei ass awer och der Meenung, datt och déi privat an déi betriblech Altersvirsuerg - de sougenannten zweeten an drëtte Pilier - weider gestäerkt ginn.