Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Gruff Rhys - Silver Lining (Lead Balloons)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ HRS a Claude Schummer gi getrennte Weeër

Groupe Hôpitaux Robert Schumann

HRS a Claude Schummer gi getrennte Weeër

De Groupe Hôpitaux Robert Schumann a säi Generaldirekter Claude Schummer ginn eisen Informatiounen no getrennte Weeër. De Spriecher vum HRS seet op Nofro hi just, datt de Claude Schummer zanter e Méinden net méi um Büro wier.

auto_stories

1 min

Iwwer d'Grënn wëllt de Marc Glesener nach näischt soen. D'Lëtzebuerger Wort hat als éischt heiriwwer bericht. Eisen Informatiounen no war um Mëttwoch Owend den HRS-Verwaltungsrot zesummen.

En Mëttwoch Mëtteg huet d'AMMD an engem Communiqué gemellt, datt de Grupp eng eegen Initiativ gestart hätt fir selwer ronn 100.000 Impfstoffer ze bestellen. Dat dementéiert de Spriecher vum HRS formell.

Donieft gouf et vill Kritik, well d'Presidence vum Verwaltungsrot sech fréizäiteg impfe gelooss huet, sou wéi mir dat am Februar gemellt hunn. Doropshin ass kloer ginn, datt sech an de Spideeler vum Groupe HRS, mee och an anere Spideeler, Leit sech impfe gelooss hunn an datt et zu Irregularitéite wärend der Impfcampagne géint Covid-19 komm ass.

D'Lëtzebuerger Wort huet e Mëttwoch Owend geschriwwen, datt de Claude Schummer misst als "Sündenbock" fir d'Impfung vun der Presidence vum Verwaltungsrot hinhalen. De Spriecher dementéiert dat formell.