Illegal Autoscoursse wieren zu Lëtzebuerg kee grousse Phenomen. Sou reagéiert d'Police op Aussoen de Weekend um radio 100,7. An der Emissioun Riicht eraus haten de President vun der Sécurité routière Paul Hammelmann an d'Deputéiert vun déi gréng Josée Lorsché gesot, datt et och zu Lëtzebuerg illegal Autoscoursse géife ginn.
D'Police seet, dat wier ganz rar an et hätt och a leschter Zäit keng weider schwéier Accidenter dowéinst ginn. Wann ee vun illegale Courssen a Kenntnis gesat géif ginn, géif een deementspriechend reagéieren.