Radioen

On air

Espresso Beats  |  Englbrt - Harm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impfcampagne: Et ginn nei Verdachtsfäll an de Spideeler

No HRS-Polemik

Impfcampagne: Et ginn nei Verdachtsfäll an de Spideeler

D'Impfcampagne an de Spideeler werft weider Froen op. D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert seet am 100,7-Interview, et géif an zwou Klinicken e Verdacht bestoen, datt Familljemembere vu Mataarbechter, respektiv pensionéiert Salariéë geimpft goufen.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Des "Rumeuren" géifen am Moment an de concernéierte Klinicken iwwerpréift ginn, esou d'Paulette Lenert an eiser Emissioun Riicht Eraus. Si sot, ufanks der nächster Woch misst et méi Kloerheet ginn.

Em wéi eng Klinicken et sech handelt, sot d'Gesondheetsministesch net. Wann d'Verdachtsfäll sech als richteg erausstellen, géif et sech méiglecherweis em eng "flagrant Mëssuechtung" vun de Impfvirgabe vun der Santé handelen. Juristesch Poursuitte wären an dem Fall net ausgeschloss, esou d'Paulette Lenert.

Eisen Informatiounen no kënnt de Verwaltungsrot vum Centre Hospitalier du Nord de Méindeg zesumme fir d'Situatioun z'analyséieren. D'Direktioun soll bis dohin e Rapport virleeën. De medezineschen Direkter Paul Wirtgen hat eis scho gesot, datt de Centre Hospitalier du Nord (CHdN) sechs diskutabel Fäll vu Rechtdosen beim Gesondheetsministère gemellt hätt.

Wat d'Impfung vun der Spëtzt vum Verwaltungsrot vun den Hôpitaux Robert Schuman ugeet, gesäit d'Paulette Lenert iwwerdeems kee Grond de Parquet anzeschalten.

D'Gesondheetsministesch schwätzt an dësem Fall vun engem "Mëssverständnis": d'HRS hätten d'Impfreegelen anescht interpretéiert, ewéi e vum Ministère geduecht. Dee Virfall wär mëttlerweil awer gekläert.

Eisen Informatioune vum Samschdeg de Moien no, huet de Gesondheetsministère all d'Spideeler gefrot hir Impflëschten ze iwwerpréiwen.

Eis Recherchen hu gewisen: Net all d'Spideeler hunn d'Situatioun d'selwecht geréiert. De CHL huet zum Beispill guer keng pensionnéiert Doktere geimpft, am CHEM an am Hôpital du Nord war dat awer deelweis de Fall. Den Escher CHEM huet och net prioriséiert, anescht wéi aner Spideeler.