Presserot "Journaliste verléiere vill Zäit duerch Circulaire Bettel"

Journaliste bräichten e besseren a méi séieren Zougang zu Informatiounen, seet déi nei Presidentin vum Presserot. De Kontakt mat Verwaltunge muss momentan ëmmer iwwer e Pressespriecher lafen. D'Ines Kurschat fuerdert op en neits eng gesetzlech Regelung iwwer den Informatiouneszougang fir Journalisten.

Mick Entringer / ys

Ines Kurschat
Ines Kurschat

Déi nei Presidentin vum Presserot seet sech enttäuscht vun der Regierung, wat där hiren eegenen Usproch vun Transparenz an Oppenheet ugeet. D'Ines Kurschat kritiséiert an deem Kontext déi sougenannte "Circulaire Bettel". Déi Circulaire un d'Verwaltungen hätt dozou gefouert, datt Journaliste vill Zäit verléieren, wann et ëm den Zougang vun techneschen oder statisteschen Informatioune geet, well si ëmmer iwwer e Pressespriecher musse fueren.

Journaliste missten hautdesdaags besonnesch séier schaffen, dofir fuerdert de Presserot eng gesetzlech Regelung iwwer den Informatiounszougang speziell fir Journalisten, wéi dat och am Ausland de Fall ass. De Gesetzesprojet iwwer den Informatiounszougang fir Bierger, deen um Instanzewee ass, géif fir Journalisten net wäit genuch goen.

Lëtzebuerg brauch e Whistleblowergesetz

Et wier dréngend noutwendeg, datt Lëtzebuerg e Whistlebowergesetz géif kréien, seet d'Ines Kurschat. Grad wéinst der Finanzplaz an der klenger Gréisst vum Land. De grénge Justizminister Félix Braz hat an der Vergaangenheet esou e Whistleblowergesetz versprach. A rezenten Aussoen huet de Félix Braz awer ausgeschloss, datt dat nach dës Legislatur de Fall wäert sinn, an hien huet op déi Europäesch Kommissioun verwisen.

Et géif ëmmer op Bréissel verwise ginn, wann ee selwer grad keng Zäit hätt, oder aner Prioritéiten hätt, seet d'Ines Kurschat. "Et verhënnert jo eigentlech näischt de Justizminister fir Avantgarde ze sinn an einfach mol en Text auszeschaffen." Rezent Fäll wéi Luxleaks oder d'Affär ëm de Chambersite géife weisen, datt esou e Gesetz géif feelen. "Leit, déi sech traue fir Informatioune weiderzeginn, déi brauche Schutz, dat ass ganz kloer", seet d'Ines Kurschat.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

LuxLeaks-7.JPG
Luxleaks

An der Affär Luxleaks stoung de Whistleblower Antoine Deltour gëschter fir säin zweeten Appellsprozess viru Geriicht. Dës Kéier goung et eleng ëm de Klau vu Formatiounsdokumenter vu sengem fréiere Patron PwC.

ChamberLeak

Um Internetsite vun der Chamber waren eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

Gilles Feith Exklusiv
#chamberleak

Internetnotzer, déi Sécherheetslacunen a staatleche Systemer entdecken, sollen d'Faillë mellen, esou de CTIE. Domat reagéiert de staatlechen Informatikzerwiss op eng 100,7-Meldung.

Whistleblower
Kontext #chamberleak

Dem radio 100,7 läit e Fall vir vun enger Sécherheetslacune op enger staatlecher Internetplattform. Si gouf net behuewen, well de Whistleblower kee Schutz viru penale Sanktioune garantéiert krut.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen