Klimapolitik Klimagesetz, Klimaplang ... Klimaschutz?
D'Regierung wëllt nach dëst Joer ee Pak mat ambitiéise Klimaschutzmesuren decidéieren, versprécht de gréngen Energie- a Landesplanungsminister Claude Turmes. Ob dat duer geet fir d'CO2-Emissioune sou staark wéi néideg ze reduzéieren, bleift ofzewaarden. D'Erwaardunge sinn op alle Fall grouss, wéi d'Aussoe vun der CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen, dem Fedil-Direkter René Winkin a vun der Mouvéco-Presidentin Blanche Weber weisen.

Mat engem Klimaschutzgesetz wëllt d'Regierung garantéieren, datt Lëtzebuerg seng Klimaziler erreecht. Et geet hei net ëm d'Klimaschutzmesurë selwer, mee ëm eng méi contraignant Aarbechtsmethod, déi d'Politik sech wëllt ginn. Déi verschidde Ressortministere sollen dem Avant-Projet no responsabel si fir d'Fortschrëtter a fënnef Secteuren. Viséiert sinn den Transport, d'Landwirtschaft, d'Industrie, d'Gebaier an den Offall.
Eng nei Gouvernance
Wann am Kader vun engem Joresbilan kloer gëtt, datt ee Secteur seng Ziler net erreecht, soll de Regierungsrot bannent kuerzer Zäit zousätzlech Mesuren decidéieren. Wann d'Virgaben dann trotzdem net erfëllt ginn, soll eng Kompensatioun duerch méi Efforten an anere Secteure méiglech sinn, deit de gréngen Energie- a Landesplanungsminister un.
De Claude Turmes nennt d'Beispill vun der Agrarpolitik, fir déi et schwiereg kéint gi bis 2030 50 bis 55 Prozent manner Zäregasen ze emettéieren. Geplangt wier zwar, datt méi Piff wéi bis elo zur Produktioun vu Biogas genotzt gëtt. Fir eng staark Reduktioun misst een iergendwann d'Zuel vu Kéi reduzéieren - wat zu dësem Zäitpunkt awer nach net envisagéiert wier.
Kompetenzen a Kommunikatioun
De René Winkin begréisst dat geplangte Klimagesetz a besonnesch och déi sektoriell Approche. Domadder wier kloer, wéi eng Beräicher wéi een Effort misste maachen. D'Secteure kéinten esou och net géinteneen ausgespillt ginn. D'Industrie wier op ee klore Kader vun der Politik ugewisen, fir Fortschrëtter a Richtung Klimaneutralitéit ze maachen. Par konter fäert de René Winkin, datt a ville Ministèren - notamment dem Wirtschaftsministère - d'Kompetenze fir de Klimadossier feelen.
Den Direkter vun der Industrielle-Federatioun warnt och, datt et eng gewëss Tensioun tëschent enger contraignanter Aarbechtsmethod an der demokratescher Meenungsbildung kéint ginn:
"Wann dat do een Thema gëtt, wou bei all klengster Moossnam sech op der Place Publique d'Käpp ageschloe ginn, da féiert dat do och zu extreme Positiounen och an de Wahlen. Well mir mussen eis och ëmmer d'Fro stellen: Wéi wäit ass d'Demokratie kompatibel mat dem Verbuet/Gebot, wat an deem Gesetz dran ass. Dat muss een am A behalen. Wat mech berouegt huet ass, datt den Här Bettel a senger Ried (zur Lag vun der Natioun) gesot huet, mir wëllen dat Zil duerch Progrès an net duerch Réckschrëtt erreechen. Dat wat den Här Turmes elo gesot huet - Digitaliséierung, Kreeslafwirtschaft a Liewensstil - kann een an eng Progrès-Logik setzen. An ech mengen, datt eng kohärent Kommunikatioun doranner extrem wichteg gëtt."
"D'Zäit ass räif"
D'Blanche Weber ass hirersäits iwwerzeegt, datt d'Akzeptanz fir eng ambitiéis Klimapolitik ni sou grouss war wéi elo. Dat wier och de Merite vun der Youth for Climate-Beweegung, déi d'Urgence vun der Klimakris zu Recht géif betounen. Trotzdem mengt d'Presidentin vum Mouvement Ecologique, datt d'Regierung fir d'Akzeptanz vun eenzele Klimaschutzmesuren nach vill Iwwerzeegungsaarbecht misst leeschten. Dowéinst wier et ze bedaueren, datt d'Regierung enger Diskussioun iwwer d'Mesurë mat méi "Sprengstoff" bis elo aus dem Wee géif goen.
Och d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen leet de Fokus dorop: D'Klimagesetz wier just ee Kader, mee d'Detailer aus dem Klimaplang wieren nach ëmmer net bekannt. Esou kéinten d'Leit sech keng Meenung bilden a wéissten och net, wat op si duer kéim.
Klimaplang nach an der Diskussioun
Bis Enn des Joers wëllt d'Regierung een detailléierte Mesurëpak virleeën. Zil vum "Klimaplang" ass et, d'CO2-Emissioune bis 2030 ëm 50 bis 55 Prozent ze reduzéieren (am Verglach zu 2005). De Claude Turmes wëllt iwwer de Contenu vum Plang nach näischt verroden. Déi blo-rout-gréng Koalitioun wier am Gaang "äerdeg" ze schaffen, mee d'Diskussioune wieren nach net ofgeschloss.
D'Blanche Weber fuerdert, datt d'Haaptmesurë chiffréiert sinn, souwuel wat hire Käschtepunkt ugeet, wéi och hiren Impakt op d'Zäregasemissiounen.
D'Accisen an de Staatsbudget
Eng vun de groussen Erausfuerderungen ass a bleift de Stroosseverkéier, deen zu Lëtzebuerg zwee Drëttel vun den CO2-Emissiounen ausmécht (net mat agerechent sinn do d'Emissioune vun de grousse Betriber, déi um EU-Emissiounshandelsystem Deel huelen).
D'Steieren um Bensin an Diesel bréngen den Ament ronn 1,3 Milliarden Euro an d'Staatskeess. D'Regierung huet d'Accisen am Mee liicht eropgesat, de Verkaf vum Diesel wier am September 2019 awer nees staark geklommen, sou de Claude Turmes:
"Mir hunn am September 60 Millioune Liter Diesel méi verkaf. Also ass dat net richteg, wat de Groupement Pétrolier seet. Eis Mesure huet dozou geféiert, datt mir net nach méi geklomme sinn."
Zur Fro, ob d'Regierung bereet ass, iergendwann op d'Recetten aus dem Verkaf vu Bensin an Diesel ze verzichten, sot de Claude Turmes: "Et sinn 1,3 Milliarden Einnahmen am Budget dozou. An d'Camionen maachen dovunner 500 bis 600 Milliounen aus. An deen Deel, dee muss schrumpfen."
D'Martine Hansen kritiséiert, datt d'Recetten aus dem Verkaf vu Bensin an Diesel am neie Projet fir de pluriannuelle Budget vum Staat bis 2023 weider ageplangt wieren a souguer nach solle klammen. Eventuell Mesuren aus dem Klimaplang wieren also nach net Deel vun der Budgetsplanung, wat d'CSV-Fraktiounscheffin fir inkohärent a problematesch hält.
Och vum René Winkin ass et de Constat, datt d'Regierung nach kee Plang huet, wéi se de Verloscht vun dëser Recette wéilt kompenséieren. Wann een net wéilt op dës Sue verzichten, géif et schwiereg ginn, d'Klimaziler ze erreechen. Eventuell misst Lëtzebuerg dann Emissiounszertifikater aus dem Ausland kafen.
D'Blanche Weber mengt hirersäits, fréier oder spéider misst ee souwisou komplett op d'Notze vu Bensin an Diesel verzichten. Dofir wier et net sënnvoll "coûte que coûte" un där Recette festzehalen. Op EU-Niveau géifen et elo Iwwerleeunge ginn, fir de Verbrennungsmotor vun 2030 oder 2040 u fir nei Autoe souwisou ze verbidden, sot dozou de Claude Turmes.
CO2-Präis kënnt
Am Kader vun der Steierreform wéilt déi blo-rout-gréng Regierung eng Besteierung vum CO2 aféieren, sou wéi dat am Koalitiounsaccord virgesinn ass. Dat huet de gréngen Energie- a Landesplanungsminister bekräftegt.
Bis dohi misst een nach genee berechnen, wéi een Impakt dat fir d'Menagen huet, fir och Kompensatioune virzegesinn, déi d'Sozialverträglechkeet vun der Klimapolitik garantéieren.