Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Them Lights - What Counts

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Sprooch am Wahlkampf

Chamberwahlen 2018

Lëtzebuerger Sprooch am Wahlkampf

D'Lëtzebuerger Sprooch als Integratiounsfacteur an d'Méisproochegkeet sinn an de Mëttelpunkt vum Wahlkampf geroden. D'Chiffere weisen, datt d'Lëtzebuergesch Course gutt besicht sinn. Wat soen d'Parteien zu der Lëtzebuerger Sprooch, wat steet an de Wahlprogrammer, a wat seet e Linguist?

auto_stories

5 min

Iwwer d'Situatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch kann ee jee no Perspektiv ënnerschiddlech Analyse maachen. Fakt ass, datt vill Läit sech an d'Lëtzebuergesch Coursë vum Institut national des langues ageschriwwen hunn. Niewent de 7.600 Aschreiwungen d'lescht Joer am Institut des langues muss een och d'Coursen dobäi zielen, déi an de Gemengen, an de Betriber a Spideeler oder och an der Groussregioun gutt besicht ginn.

D'Bicher fir Lëtzebuergesch ze léieren gi wéi waarm Bréidercher verkaf. D'Uni Lëtzebuerg huet iwwerdeems mëttlerweil eng komplett Formatioun fir Professer am Lëtzebuergeschen.

Parteien si machtlos

Firwat awer ass d'Thema vun der Integratioun iwwer d'Sprooch am Wahlkampf esou opkoum? De Linguist a Chercheur Fernand Fehlen, betount, datt d'Theme vun Identitéit a Lëtzebuerger Sprooch an de Mëttelpunkt gerode sinn, well d'Parteien eigentlech kee groussen Afloss op wesentlech Beräicher hunn.

"D'Lëtzebuerger Politik ass relativ machtlos wat zum Beispill de Wuesstum ubelaangt an dat, wat aus deem Wuesstum erfollegt, nämlech den Transport, Wunnengen déi net do sinn, an dovunner sicht dann souwuel d'Politik, wéi och d'Medien, sech een Domän, wou een nach eppes aussoe kann, wou ee sech nach profiléiere kann."

Et gëtt keen offensichtlech friemefeindleche Message

All d'Parteie setzen sech an hire Wahlprogrammer fir d'Sprooch an d'Méisproochegkeet an. De Wahlkampf gëtt deemno nëmmen op Nuancen ausgedroen, en offensichtlech friemefeindleche Message, sou wéi en am Ausland ze gesi gëtt, gëtt et hei zu Lëtzebuerg net.

An den 80er Joren hat d'Nationalbeweegung dat probéiert an ass dono verschwonnen. Am Wahlkampf gëtt d'Lëtzebuerger Sprooch an deem multikulturelle Kontext op eng ënnerschiddlech Aart a Weis agesat, seet de Fernand Fehlen:

"Do fält eben op, datt besonnesch beim Wee2050 Fuerderungen iwwer d'Sprooch gestallt, déi total onrealistesch sinn, während déi aner Parteie méi realistesch Virstellungen hunn oder méi vague Virstellungen hunn, wat d'Sprooch ubelaangt. Domadder, datt een onrealistesch Fuerderunge stellt, probéiert de Wee sech ze demarkéieren, bezéiungsweis Gefiller ze mobiliséieren, déi ee vläicht net esou ëffentlech soe kann."

D'Sprooch an de Wahlprogrammer

Déi meescht Parteie stinn zur Méisproochegkeet a wéi de Fernand Fehlen och betount, hunn d'Parteien an engem oppene klenge Land eng pragmatesch Approche zur Sprooch als Integratiounsfacteur.

De grénge Justizminister Félix Braz huet zum Beispill getwittert, "Mir schwätze Lëtzebuergesch a 4 Sproochen". De Wahlslogan vun déi gréng "Zukunft, Zesummenhalt Gutt Liewen, Well mir eist Land gär hunn" gouf kritiséiert, an hirem Wahlspot weisen déi Gréng awer d'Gesiichter vu Läit mat ganz ënnerschiddlechen Originnen.

De Grand-Duché wier eng Wëllensnatioun, betount de Fernand Fehlen,

D'CSV schreift an hirem Wahlprogramm: Lëtzebuergesch ass fir eis eng Integratiouns- a Kommunikatiounssprooch, an een Deel vun eiser Identitéit. Zu där gehéiert natierlech och eis Méisproochegkeet, grad ewéi de pragmateschen Ëmgang mat dëser Vilfalt am Alldag.

"Zesummen" ass de Slogan vun der LSAP. "Zesummen" sot den LSAP-Spëtzekandidat am Bezierk Zentrum den Etienne Schneider, well vill Migrante bannent dem leschte Joerhonnert de Räichtum vum Land mat opgebaut hunn. Op allen LSAP-Kongresser huet den LSAP-Spëtzekandidat an Ausseminister Jean Asselborn virun engem Rietsruck gewarnt.

D'DP gräift d'Thema Sprooch an hirem Slogan op. Zukunft op Lëtzebuergesch, ee Choix dee vill op de sozialen Netzer kommentéiert gouf.

Den DP-Educatiounsminister Claude Meisch gouf iwwregens och vun der ADR wéinst verschiddene Moossname während dem Wahlkampf kritiséiert, zum Beispill stoung d'Schafe vun den internationale Klassen an der Kritik vun der ADR. Dës Klasse waren eng pragmatesch Approche fir déi Schüler, déi am Lëtzebuerger Lycée wéinst der Sprooch net kéinte reusséieren. Och d'Moossnamen an der Crèche, déi d'Méisproochegkeet soll fërderen, goufe vun der ADR a Fro gestallt.

Déi Lénk hunn an hirem Wahlprogramm am Beräich Educatioun betount, datt d'Léiere vu Friemsproochen éischter als eng Beräicherung soll ugesi ginn, an net als Instrument fir auszeschléissen. Déi Lénk proposéieren d'Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch. D'Piratepartei wëll, datt d'Alphabetiséierung op Däitsch soll iwwerduecht ginn.