Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Logesch, datt de Referendum sollt gemaach ginn"

Verfassungsrevisioun

"Logesch, datt de Referendum sollt gemaach ginn"

D'CSV wëllt d'Prozedur fir eng nei Verfassung begleeden an ënnerstëtzen, egal ob d'Partei no de Chamberwahlen an der Majoritéit oder an der Oppositioun ass, seet de Claude Wiseler am 100,7-Interview. De Fraktiounschef a Spëtzekandidat rechent domat, datt fréistens no den Europawahlen 2019, e Referendum iwwer de kompletten Text vun der geplangter neier Verfassung kann organiséiert ginn. No den Engagementer vun de Parteie wier et logesch, datt et e Referendum géif ginn.

auto_stories

2 min

Claude Wiseler (Foto: Archiv)

Domat confirméiert de Claude Wiseler dat, wat hie schonn op den CSV-Bezierkskongresser ugekënnegt hat. No de Chamberwahle soll séier domat ugefaange ginn, de Wieler den Inhalt vum geplangten neie Grondgesetz ze erklären, mat hinnen ze diskutéieren, a si duerno ëm hiert Vertrauen ze froen. D'Parteien hätten alleguer an de leschte Méint gesot, datt e Referendum fir d'Verfassung noutwenneg wier. Dofir geet hien dovun aus, datt no de Wahlen 2018 e Referendum wäert organiséiert ginn.

De Claude Wiseler deelt d'Analys vum Paul-Henri Meyers op deem Punkt, datt et ganz komplizéiert wäert ginn, de Wieler déi wäit iwwer 100 Verfassungs-Artikelen ze erklären. Duerch d'Engagementer vun all de Parteie wier et awer logesch, datt de Referendum sollt gemaach ginn.

Den CSV-Verfassungsspezialist Paul-Henri Meyers hat jo um radio 100,7 gesot, datt hie perséinlech géint en zweete Referendum ass.

Wéi géif d'CSV sech, dem Claude Wiseler no, a Saache Verfassungsrevisioun positionéieren, wa si no de Chamberwahlen net an d'Regierung kéim?

"D'selwecht, wéi wa se an der Regierung wier: Dat heescht mir sinn der Meenung, datt Lëtzebuerg eng nei Verfassung brauch."

Bei der CSV soll nach an internen Diskussiounen definitiv formuléiert ginn, wat zum Thema nei Verfassung an de Wahlprogramm stoe kënnt. Dat géif an den nächste Woche gemeinsam mat de Kandidate mam CSV-Nationalrot festgehale ginn.

"Keng Dieren zou"

De Claude Wiseler ass der Meenung, datt et sënnvoll wier, datt déi zoustänneg Chamberkommissioun hir Aarbecht virun de Chamberwahle géif ofschléissen, an den Text vun der Verfassung géif finaliséiert ginn, fir datt en no de Chamberwahlen an déi legislativ Prozedur kéint goen. Wann an enger ganz grousser Diskussioun no baussen nach gréisser Problemer géifen opdauchen, wieren awer och "keng Dieren zou".

Den CSV-Spëtzekandidat schléisst domat also net komplett aus, datt no de Chamberwahlen - an no de geplangten Diskussioune mat de Wieler - nach eenzel Artikele vun der geplangter neier Verfassung kéinten ofgeännert ginn.


Integralen Interview mam Claude Wiselerplay_arrow


Bäitrag vum Serge Kesseler am Panorama vun 18 Auer:

Lauschterenplay_arrow