Aarbechtszäit Manner schaffen, mat oder ouni Abousse beim Loun?

Schonn zënter méi wéi 40 Joer ass déi legal Wochenaarbechtszäit zu Lëtzebuerg net méi gekierzt ginn. Wéinst der Digitaliséierung vun der Wirtschaft kënnt een net laanscht eng weider Reduktioun, am Beschte bei vollem Lounausgläich, seet den OGBL-Gewerkschaftler Nico Clement. Manner schaffen, jo, mee net op Käschte vun der Wirtschaft, sou den UEL-Generalsekretär Nicolas Henckes.

Michel Delage

clement henckes
Nico Clement (OGBL) an Nicolas Henckes (UEL)

Um Neijoerschpatt vun der LSAP, den 11. Januar, hat de Wirtschaftsminister Etienne Schneider eng Verkierzung vun Wochenaarbechtszäit (40 Stonnen) an de Raum gestallt. Nieft enger Lounerhéijung wier et ee Wee, fir d’Produktivitéitsgewënner ëmzeverdeelen. “Do si mer jo ganz no um Hobby-Populismus gewiescht”, sot den Nicolas Henckes, Generalsekretär vun der UEL, dem Daachverband vum Patronat. Seng Argumenter iwwert de Prinzip vun der Aarbechtszäit-Verkierzung:

  • D’Verkierzung vun der Aarbechtszäit géif et an eenzele Secteure scho ginn: D’Deelzäitaarbecht
  • Eng Verkierzung kéint net als allgemeng Regel gëllen: A verschiddene Secteure wier et – via Kollektivverträg oder soss Accorden “fir déi, déi wëllen" - méiglech (z.B. am Déngschtleeschtungs-Secteur), an aneren, wéi der Industrie, net
  • Zu Lëtzebuerg géife vill Aarbechtsplaze geschaf ginn, fir déi een awer Schwieregkeeten hätt, déi kompetent Leit ze fannen: “Wa mir dann dovunner schwätzen, fir hei d’Aarbechtszäit ze reduzéieren, da gi mir wahrscheinlech dru futti”
  • Et misst een nach méi Leit aus dem Ausland astellen, wat d’Infrastrukturen (Transport) an deemno d’Liewensqualitéit zousätzlech géif belaaschten
  • D’Aarbechtszäit bei vollem Lounausgläich verkierzen, géif d’Käschte fir d’Betriber an d’Luucht dreiwen: “Da si mer wierklech guer net méi kompetitiv”
  • Duerch d’Digitaliséierung vun der Wirtschaft géife keng Aarbechtsplazen ewech falen. Et géife nei Aktivitéiten, also nei Plazen entstoen, fir déi een d’Leit awer misst forméieren, “ëmmer méi schnell, ëmmer méi kuerzfristeg”.

"Et kënnt een net dolaanscht, d’Aarbecht ze deelen"

Fir den Nico Clement, Member vum Exekutiv-Büro vum OGBL, ass d’Fro vun der Aarbechtszäit “eppes Kruziales”. “Ech hunn ee Liewen als Mënsch, ech verbréngen dat entweder am Déngscht vu mengem Patron, oder ech verbréngen dat mat menger Famill oder op Plazen, op deenen ech wëll sinn”. Dem UEL-Vertrieder huet hien déi heiten Argumenter entgéint gehalen:

  • D’Aarbechtszäit verkierze wier – zesumme mat Lounerhéijungen - eng Fro vun der gerechter Ëmverdeelung vun de Produktivitéitsgewënner
  • D’40-Stonne-Woch, déi ëmmer méi intensiv Aarbecht, wier eng Belaaschtung fir d’Gesondheet (zemools och fir Frontalieren, fir déi nach Stonnen am Stau dobäikommen): “Ëmmer manner Leit komme gesond an d’Pensioun eran”
  • Wéinst der Digitaliséierung géife Plazen ewech falen, et kéim een net dolaanscht, d’Aarbecht ze deelen
  • D’Deelzäitaarbecht wier zwar eng Verkierzung vun der Aarbechtszäit, mee och vum Loun; eng Verkierzung misst dofir mat vollem Lounausgläich kommen
  • Méi Frontalieren am Land wieren net de Problem, mee d’Retarde bei der Upassung vum ëffentlechen Transport
  • Zousätzlech Käschte fir d’Betriber wier een “Doutschlag-Argument”, duerch dat kee soziale Fortschrëtt méi méiglech wier
  • “Manner schaffen ass an all Secteur méiglech, andeems een intelligent Schichtmodeller schaaft”, an der Industrie kéint ee beispillsweis zousätzlech Schichten aféieren.

Nächste Schrëtt: 35-Stonne-Woch?

Zu Lëtzebuerg ass d’40-Stonne-Woch 1975 gesetzlech verankert ginn. Zënter deem gouf et keng generell Reduktioun vun der Aarbechtszäit. Wat also hale vun der 35-Stonne-Woch, sou wéi se zënter bal 20 Joer a Frankräich a Kraaft ass?

De Patronatsvertrieder Nicolas Henckes mengt:

  • Des Moossnahm hätt a Frankräich net déi Aarbechtsplaze geschaf, déi sech versprach gi waren
  • D’35-Stonne-Woch wier nëmmen Theorie: Wat doriwwer eraus geschafft gëtt géif sech a Form vu Congésdeeg unheefen, d’Produktivitéitsgewënner géife verluer goen.

De Salariatsvertrieder Nico Clement fënnt d’35-Stonne-Woch “generell eng gutt Iddi”, och wann den OGBL se de Moment net géif fuerderen:

  • “Et ass déi eenzeg Méiglechkeet, fir méiglechst vill Leit an der Aarbecht ze halen”
  • Déi real Aarbechtszäit wier och bei 40 Stonne pro Woch e Problem
  • D’Schwieregkeete vun der franséischer Wirtschaft léiche manner un der 35-Stonne-Woch wéi un der Niddregloun-Politik vun Däitschland
  • D’Argument, et géif der Wirtschaft schueden, wier och schonn an der Vergaangenheet gebraucht ginn: “Et ass ganz witzeg, wéi vill Leit do schonn d’Enn vun der Ekonomie virausgesot hunn, all Kéiers wann d’Aarbechtszäit verkierzt ginn ass”.

"Virun 20 Joer si wierklech vill Saache versprach ginn"

D’Reform vum PAN-Gesetz iwwert d’Organisatioun vun der Aarbechtszäit ass uganks des Joers a Kraaft getrueden. 1998 war eng éischte Kéier d’Referenzperiod, bannent där d’Aarbecht am Betrib ka flexibel organiséiert ginn, vun enger Woch op ee Mount erweidert ginn. Deemools war als Géigeleeschtung eng Verkierzung vun der Aarbechtszäit an Aussiicht gestallt ginn. Mam neie Gesetz ass eng Flexibilitéit bis zu véier Méint méiglech.

“Virun 20 Joer si wierklech vill Saache versprach ginn a vill Concessioune gemaach ginn”, seet den OGBL-Gewerkschaftler Nico Clement. Datt d’Salariéen elo 3,5 Deeg Congé d’Joer méi kréien, “dat empfanne mer net als dramatesch Concessioun”. Dat Gesetz wier dem Patronat “imposéiert ginn”, sou den UEL-Generalsekretär Nicolas Henckes. “Mir wäerten et net benotzen, do hu mer alleguerte fir näischt geschafft”.

Digitaliséierung: Méi Fräiheet fir "Tagelöhner"?

Fir den Nicolas Henckes wier d’Salariat een “Auslafmodell”. Vill Jonker wiere gäre fräi, fir hir Aarbecht an Aarbechtszäite selwer kënnen ze bestëmmen. Verschidde Salariéë wéilten och kee vun de Gewerkschaften ausgehandelte Congé, mee méi Pai. Anerer wéilte manner schaffen a wieren duerchaus bereet, dofir manner Suen ze verdéngen, fir sech iwwer aner Weeër wéi materiellem Wuelstand kënnen ze verwierklechen. “Wëlle mer déi Konsumgesellschaft wierklech esou weider féieren, obwuel mer sécher sinn, datt de Planéit dat net aushält?”, sot de Patronatsvertrieder. Fir d’Sozialversécherung vun dësen neien “indépendants” misst een nach no engem Modell sichen.

Den Nico Clement warnt dogéint virum Modell vum “Tagelöhner”: Déi Leit wieren Internet-Plattforme wéi Uber “komplett ausgeliwwert”. Op jiddfer Fall wier een do “manner fräi, wéi wann ech Salarié an enger Entreprise sinn, an ech hunn eng vernënfteg Aarbechtszäit-Regelung, déi ech ausgehandelt hunn”. D’Sozialversécherung misst weiderhin ausschliisslech duerch Aarbecht finanzéiert ginn. Et misst een nei Weeër fannen, fir d’Aarmut am Alter ze verhënneren. “Fir um gesellschaftleche Liewen deel ze huele muss een e bestëmmten Akommes hunn” an och eng bestëmmte Stabilitéit, sou den OGBL-Gewerkschaftler.

An der Mediathéik:

Riicht eraus / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Aarbechtszait
Sozialdialog

Den LSAP-Wirtschaftsminister seet, hie wéilt iwwer d'40-Stonne-Woch diskutéieren. D'Unioun vun den Entreprisen wëll um Modell festhalen. OGBL an LCGB wëlle sech nach net äusseren.

Marc Baum
Reform PAN-Gesetz

Trotz Kompensatioune riskéiert eng méi flexibel Aarbechtszäit-Organisatioun, sou wéi d'Regierung se virgesäit, en défaveur vun de Salariéen auszefalen, warnt den Deputéierte vun Déi Lénk Marc Baum.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen