Radioen

On air

Tockcity  |  Altin Gün - Vallahi Yok

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Oppositiounspolitiker wiere gären informéiert gewiescht

Asylprozedur

Oppositiounspolitiker wiere gären informéiert gewiescht

D’Deputéiert Marc Baum (déi Lénk) a Laurent Mosar (CSV) kritiséieren, datt d’Regierung d'Chamber net iwwert d'Reorganisatioun vun der Asylprozedur informéiert huet. De Marc Baum warnt virun enger Stigmatiséierung vun de Flüchtlingen an enger Ofschwächung vum Asylrecht. De Laurent Mosar seet, verschidde Persounen, déi kee Recht op e Flüchtlingsstatut hunn, géife vum System profitéieren.

auto_stories

3 min

Déi aussepolitesch Chamberkommissioun ass bis elo net driwwer informéiert ginn, datt d’Regierung d’Asylpolitik wëll ëmorganiséieren, kritiséiere béid Oppositiounspolitiker. D'Deputéiert Laurent Mosar a Marc Baum ginn net dovun aus, datt duerch déi nei Prozedur Plazen an de Flüchtlingsfoyere fräi gi fir aner Flüchtlingen. Wéinst engem Problem bei der Readmissioun duerch Drëttstaate kéinte vill ofgwise Flüchtlingen net an hiert Heemechtsland zeréck geschéckt ginn.

D’Luxexpo gëtt an Zukunft vun der Immigratioun geréiert an net méi vum Familljeministère. Duerch d'Reorganisatioun vun der Asylprozedur kréich den Ausseministère méi Kompetenzen, sou de Marc Baum. Dem Deputéierte vun déi Lénk no hätt den Ausseminister d’Chamber doriwwer missen informéieren. “Mir gesinn dat kritesch, well d’Gefor besteet, datt dat individuellt Asylrecht duerch déi super-acceléréiert Prozedur net méi garantéiert ass”.

"Mir sinn ee Migratiounsland"

De Problem wier keen um Niveau vun der Prozedur, sot den CSV-Deputéierte Laurent Mosar. Och wann ee bannent zwee Méint mat der super-acceleréierter Prozedur fäerdeg wier, kéint een déi Leit net mam Fallschierm iwwert Tunesien a Marokko eraus loossen. De Laurent Mosar reprochéiert der EU, datt se keng Re-admissiounsaccorde mat de "problematesche Länner" zustan géif bréngen.

Fir de Marc Baum besteet d'Gefor, datt d'Leit an der Luxexpo stigmatiséiert ginn. "Eleng duerch d'Tatsaach, datt se op där Plaz sinn, riskéieren d'Decisiounen iwwert hir Demande an eng bestëmmte Richtung ze goen", sou de lénke Politiker. Et misst een sech froen, firwat hei am Land Strukture feelen. Souwuel déi aktuell wéi déi viregt Regierunge wiere Schold. Woubäi dem lénke Deputéierten no, d'Zuel vu Flüchtlingen ëmmer nach iwwersiichtlech wier. “Mir sinn ee Migratiounsland”. All Joer kéimen eng 10.000 bis 15.000 legal Migranten. Déi 2.500 Refugiéen d’Joer wiere kee Problem fir d’Land, mee e Problem fir déi Strukturen, déi bestinn, sou de Marc Baum.

Vu Flüchtlingsquoten an Demagogen

Dem Laurent Mosar no missten net just vereenzelt Gemengen de “Relocalisatiounseffort vu Flüchtlinge schëlleren". Dat wier evident. Éier een iwwer Quote géif schwätzen, sollte kloer Zuelen op den Dësch geluecht ginn. "Déi si bekannt", hält de Marc Baum dem CSV-Deputéierten entgéint.

Déi vill Flüchtlingen aus dem Balkan wieren eigentlech keng richteg Flüchtlingen, seet de Laurent Mosar. Et misst een ënnerscheeden tëscht Mënschen aus Syrien an Irak engersäits, a Mënschen aus dem Maghreb an dem Kosovo anerersäits. Dem CSV-Deputéierten no wiere verschidde Leit schonn zwee bis dräi Mol zu Lëtzebuerg gewiescht fir hir Demande op Asyl ze stellen. Déi Leit hätte Sue kritt fir am Kosovo een neit Liewen opzebauen. Do géifen et Abuse ginn.

De Marc Baum warnt virun engem geféierlechen Amalgamm. Dem Deputéierte vun déi Lénk no missten dréngend d’Projete fir nei Opfaangstrukture viru gedriwwe ginn. Virun allem dierft een sech net vun Demagoge leede loossen, sou wéi d’Ministere Schmit a Cahen dat géife maachen. Béid Regierungsmembere géifenn enger "Ofschottungslogik" no dat individuellt Asylrecht a Fro stellen.