Radioen

On air

Tockcity  |  The Libertines - Oh Shit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Militärairbus ënnerwee fir Evakuéierungen

Afghanistan

Lëtzebuerger Militärairbus ënnerwee fir Evakuéierungen

De Lëtzebuerger Militärairbus ass de Mëtten um 16h45 vu Melsbroek an der Belsch a Richtung Islamabad lassgeflunn. Vun do aus solle 4 Lëtzebuerger Staatsbierger an zwee Lëtzebuerger Residenten, déi am Moment nach am Afghanistan sinn, rapatriéiert ginn.

auto_stories

1 min

De Fliger ass Deel vum belschen Detachement, deen aus véier Fligeren - der Lëtzebuerger A400M, 2 C130 an eng Falcon7X - besteet, mat där eng honnert Leit sollen an Europa bruecht ginn.

Laut engem Communiqué vun der Regierung ass d'belsch Konsulatspersonnal schonn u Bord vun der Falcon7X an der pakistanescher Haaptstad Islamabad ukomm. D'belsch Militär géif sech dann ëm d'Rotatiounen tëschent Islamabad an der afghanescher Haaptstad Kabul këmmeren.

Et misst an de nächsten Deeg gekuckt ginn, wéi dee Rapatriement genee ofleeft, esou de Jean Asselborn haut de Moien um 100,7.

Den Ausseminister sot weiderhin, datt Lëtzebuerg sech bereet erkläert hätt, 12 afghanesch Staatsbierger opzehuelen, déi an hirem Land fir d'EU oder fir d'NATO geschafft hunn.