Radioen

On air

Notturno  |  Sensu - Subsol (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir kënnen an d'Lokalitéite kucke goen"

#chamberleak

"Mir kënnen an d'Lokalitéite kucke goen"

D'Sécherheetslacunen um Internetsite vun der Chamber, déi de radio 100,7 opgedeckt hat, beschäftegt och elo déi national Dateschutzkommissioun. Dat sot d'Presidentin vun der CNPD, Tine Larsen, eis op Nofro hin. Et misst een de Moment awer nach ofwaarden, ob d'Dateschutzkommissioun vun der Méiglechkeet Gebrauch mécht, eng Enquête opzemaachen.

auto_stories

3 min

D'Dateschutzgesetz vun 2002 gesäit an de Missioune vun der Kommissioun ee "Pouvoir d'investigation" vir. Dee spillt, wann d'CNPD gewuer gëtt, datt den Dateschutz net respektéiert ginn ass, erkläert d'Presidentin vun der Kommissioun.

Ob d'Faille um Chamberssite dorënner fält, wëllt d'Tine Larsen net kommentéieren. Sécher ass: Wann et zu enger Enquête bei engem sougenannte Responsable de traitement géif kommen (also an dësem Fall eventuell der Chamber), dann hätt d'CNPD d'Recht, him Froen ze stellen a vun him Informatiounen ze kréien, seet d'Tine Larsen. "Mir kënnen an d'Lokalitéite goen an eventuell an d'Computere kucke fir erauszefannen, wat geschitt ass, wat net geklappt huet a wat muss ënnerholl ginn."

Dem Gesetz no muss op all Plaz wou Donnéeën traitéiert ginn, och technesch dofir gesuergt ginn, datt dës Donnéeë géint Destructioun, Perte accidentelle a géint Altératioun ofgeséchert sinn.

D'Gesetz gesäit Sanktiounsméiglechkeete vir

Am Fall wou d'CNPD eng Enquête mécht an dobäi feststellt, datt d'Sécherheet vun den Donnéeën net dem Risiko entspriechend héich genuch waren, kann d'Kommissioun Sanktioune spriechen. D'CNPD kann zum Beispill temporär verbidden, fir Donnéën ze traitéieren. Am Fall vun enger schlëmmer Violatioun kéint een och de Parquet aschalten.

Wéi de radio 100,7 gëschter gemellt hat, waren an den Dokumenter, déi ee consultéiere konnt, och Donnéeën iwwer Persounen ze fannen, déi bei der Chamber fir ee fräie Poste kandidéiert hunn. D'Presidentin vun der Dateschutzkommissioun erkläert, datt Persounen an dëser oder enger ähnlecher Situatioun dem Gesetz no ee gewësse Spillraum hu fir erauszefannen, wat mat hiren Date geschitt ass.

Dës Persoune kéinte sech dann un de Responsable de traitement wenden an hiren d'Droit d'accès spille loossen. Si kéint da froen "Wat hutt Dir iwwer mech, wéi traitéiert Dir dat, a wéi gitt Dir déi Saache weider?" De Responsable de traitement hätt dann eng Obligatioun fir z'äntweren.

Sollt d'Persoun vum Responsable de traitement keng Äntwert kréien, ka si sech och direkt un d'Dateschutzkommisioun wenden, oder Plainte maachen.


Christiane Kleer, den 8. Mäerz 2018 am Panorama um 18 Auer:

CNPDplay_arrow


D'Chamber deelt mat, datt hiren Internetsite wahrscheinlech bis de Freideg de Moien net accessibel ass. Et géife weider déifgräifend Sécherheetstester gemaacht ginn. E Mëttwoch hat de radio 100,7 gemellt, datt intern a vertraulech Dokumenter ëffentlech zougänglech an net richteg securiséiert waren. Doropshin huet d'Chamber hiren Internetsite vum Netz geholl. An hirem Pressecommuniqué entschëllegt d'Chamber sech bei den Notzer fir d'Ëmstänn.

E Freideg um eng Auer géif de Chamberbureau zesummekommen, fir sech d'Erklärunge vun der Chamberverwaltung unzehéieren. D'Chamber schwätzt och an hirem zweete Communiqué an dëser Affaire vun enger Intrusioun an hir informatesch Datebanken. Se seet awer net, datt guer keng frauduléis Intrusioun néideg war, well déi intern an deelweis vertraulech Dokumenter ëffentlech zougänglech waren.


Jean-Claude Franck, den 8. Mäerz am Panorama um 18 Auer:

Chambersite offlineplay_arrow