Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neit IT-Personal an en neien Internetsite fir d'Chamber

Chamberleak

Neit IT-Personal an en neien Internetsite fir d'Chamber

De Chamberpresident Fernand Etgen respektéiert d'Entscheedung vum Parquet, fir déi sougenannt Chamerleak-Affär ouni juristesch Suitten ze klasséieren, hie wëllt sech am Moment awer nach net am Detail dozou äusseren. D'Chamber géif an Zukunft méi enk mat externen Déngschtleeschter a mam Centre des technologies de l'information de l'Etat zesummeschaffen. D'IT-Equipe vun der Chamber soll iwwerdeems verstäerkt ginn, seet de Fernand Etgen.

auto_stories

2 min

D'Chamber huet den 12. Juli 2019 - also bal annerhalleft Joer no der Affär - zwee Posten ausgeschriwwen. Ee Responsabele fir d'Sécherheet vun Informatiounsreseauen an een Ingenieur fir Reseauen a Sécherheet. D'Chamber géif an aller Rou d'Recommandatiounen, déi am Audit vun zejoert festgehale goufen, ëmsetzen. Ënner anerem wier elo de Profil vum Responsabele fir Sécherheet vun de Systemer vun der Informatioun ausgeschafft an ausgeschriwwe ginn, sou de Chamberpresident.

Wéini déi nei Leit hir Aarbecht kënnen ufänken, konnt de Fernand Etgen nach net soen. Beim Choix vun de Kandidate gëtt d'Chamber vun der Beroderfirma Wavestone ënnerstëtzt. Weider Rekrutementer wiere momentan net geplangt. Bis wéini eng Konventioun mam CTIE stoe soll, konnt de Fernand Etgen net beäntwerten. Am 100-Interview am Mäerz dëst Joer hat de Chamberpresident Enn 2019 als Zilvirgab genannt.

D'Chamber mécht iwwerdeems eng Ausschreiwung fir en neien Internetsite, de Cahier de Charges wier an der Finalisatiounsphas, sou de Fernand Etgen. De Chambersite soll an Zukunft a méi Sproochen accessibel sinn, weider Detailer dozou wollt de Fernand Etgen nach net ginn. Den neie Site soll och inklusiv ginn, dat heescht, datt zum Beispill och héiergeschiedegt an daf Persounen "eng Partie vun den Informatioune solle kënnen ofruffen".

Wéini genee den neie Chambersite soll operationell sinn, konnt de Chamberpresident nach net soen.

De Chamberpresident soll demnächst eng offiziell Stellungnahm zu der Affär Chamberleak ofginn, schreiwt den Onlinemedium reporter.lu.


De Bäitrag vum Chris Zeien:

Lauschterenplay_arrow