Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  João Selva - Passarinho

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Net prett fir déi zweet Well

Kampf géint de Coronavirus

Net prett fir déi zweet Well

Am Kampf géint déi zweet Well u Coronainfektioune war de Gesondheetsministère eise Recherchen no net optimal opgestallt. Beim Contact Tracing an dem Large Scale Testing goufen et Retarden, deenen nach ëmmer hannendru gelaf gëtt. Dat hu verschidde gutt informéiert Sourcen eis confirméiert. "Mir kënnen net esouvill maachen, wéi mer maache kéinten, an dat ass schued", esou eng Persoun no um Dossier.

auto_stories

4 min

Méi Sourcë maachen zwee Haaptgrënn dofir responsabel:

  • Problemer am Ëmgang mat den Daten
  • Blockagen am Gesondheetsministère

D'Dateflëss wieren net gutt genuch organiséiert gewiescht. Et hätt een net all déi néideg Informatiounen op eng séier a koherent Manéier zur Verfügung gehat, heescht et.

Als Beispill ginn d'Zuele vun de Laboratoirë genannt, déi net esou compiléiert gi wieren, datt ee séier hätt kënne rausfannen, wou am Land an a wéi enge Beräicher et Infektiounsclustere goufen. Sou ginn et bis haut keng Donnéeën iwwer den Infektiounstaux an de Gemengen, obwuel d'Wäerter am Ofwaasser an de Kläranlage schonn no Nationalfeierdag op regional Ënnerscheeder higewisen hunn.

Et géif an den zoustännege Verwaltungen an am Gesondheetsministère och net iwwerall déi néideg Kultur gi fir Donnéeën ze deelen. "Verschidde Leit wëllen d'Problemer léiwer eleng léisen, amplaz mat all den disponibele Kräften zesummen ze schaffen", esou eng Source.

D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert erkläert op Nofro hin, datt de Ministère beim Verschaffen an Analyséiere vun den Date am Gaange wier sech besser opzestellen. Et géifen och méi Leit vu baussen eru gezu ginn, déi Know-How matbréngen. D'Ministerin nennt hei d'IGSS, de Statec an de Luxembourg Institute of Health.

Retarde bei den Haaptinstrumenter

De Contact Tracing an de Large Scale Testing sinn déi zwee Haaptinstrumenter, fir d'Entwécklung vun der Pandemie ënner Kontroll ze behalen. Si funktionéieren am Idealfall Hand an Hand: wa positiv Fäll iwwer de Large Scale Testing fonnt ginn, kënnen Infektiounsketten duerch een effizienten Tracage vun de Kontakter fréi ënnerbrach ginn. Mee bei béiden Instrumenter goufen et Blockagen am Gesondheetsministère.

D'Inspection Sanitaire war Mëtt Juni um Ufank vun der zweeter Well net gutt genuch opgestallt fir méiglechst vill Fäll ze retracéieren. D'Regierung huet eréischt den 1. Juli decidéiert, zousätzlech Leit an der Inspection Sanitaire anzestelle fir d'Kontakter vun de positive Fäll ze retracéieren. D'Santé selwer soll am Ufank retizent gewiescht sinn.

Enkpäss beim Contact Tracing komme virop dohier, datt bis ewell just Personal mat enger medezinescher Ausbildung huet dierfen d'Leit uruffen, déi positiv getest goufen. Eng zweet Linn vun net-medezineschem Personal këmmert sech dann ëm d'Uriff vun de Kontakter.

Eréischt mam neie Covid-Gesetz, dat haut a Kraaft getrueden ass, dierfen och Leit, déi keng medezinesch Ausbildung hunn, beim Tracing op der éischter Linn schaffen. Zil bleift awer, dës Aufgab prioritär an den Hänn vun de "professionels de santé" ze loossen, seet d'Gesondheetsministerin. Disponibel wieren dofir den Ament eng hallef Dose Leit. Datt de System doduerch séier u seng Limitte stéisst, streit d'Ministerin net of.

Konsequenz dovunner ass, datt d'Inspection Sanitaire elo u verschiddenen Deeg net méi all d'Fäll retracéiert kritt. Dat huet de Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé, gëscht am 100komma7-Interview confirméiert. Op Facebook huet de Jean-Claude Schmit geschriwwen: "Mir wäerten eis Equipe weider opstocken an eist Bescht ginn".

Large Scale Testing am Ufank net ënnerstëtzt

Och de Large Scale Testing ass mat Verspéidung ugelaf. Déi voll Testcapacitéit vun 20.000 Tester den Dag gouf bis haut nach net erreecht: Obwuel d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert (LSAP) an de Fuerschungsminister Claude Meisch (DP) de Projet Enn Abrëll annoncéiert hunn, huet d'Santé sech wärend der éischter Phase (déi bis Enn Juli dauert) réischt ganz spéit hanner de Projet gestallt. Eréischt virun e puer Deeg huet d'Santé d'Leit op Twitter opgeruff fir matzemaachen.

Gutt informéiert Quelle soen, an der Santé hätte verschidden Acteuren de Projet am Ufank net ënnerstëtzt, well si gemengt hunn et géif duergoe Leit mat Symptomer ze testen. Well d'Covid-19-Krankheet bei ville Leit guer keng Symptomer ervirrifft, war awer séier kloer, datt dat net géif duergoen. D'Gesondheetsministerin seet dozou, esou Retizenzen an hirem Ministère wieren hir net bekannt.

Konstruktiv Entwécklungen

D'Situatioun wier eescht, an et misst een d'Retarden elo esou séier wéi méiglech opfänken, soen all eis Sourcen. Et wier wichteg, datt elo iwwerall konstruktiv zesummegeschafft gëtt. An de leschten Deeg wieren et Fortschrëtter op deem Niveau ginn.

Zum Kontext: Och an anere Länner, déi déi éischt Infektiounswell séier an effikass mat engem Lockdown gestoppt hunn, kann een elo eng Hausse vun Neiinfektiounen observéieren. Esou eng Entwécklung gouf hei am Land esou fréi net erwaart. Dat weisen déi lescht Simulatiounen, déi vun der Covid-19-Task-Force den 22. Juni an den 2. Juli publizéiert goufen. Deemno war fréistens am Hierscht mat enger neier Dynamik vun der Epidemie ze rechnen. An dat souguer, wa vum 1. Juli un nees reegelméisseg grouss Familljefester mat bis zu 200 Gäscht gefeiert gi wieren.