Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patronat a Gewerkschaft reagéieren

Budget 2019

Patronat a Gewerkschaft reagéieren

D'Patronat wëllt eng Baisse vum Steiersaz an den OGBL fuerdert eng Hausse vum Mindestloun ëm zéng Prozent. D'Sozialpartner zéien och net déi selwecht Conclusioun zum Staatsbudget.

auto_stories

3 min

De Staatsbudget erreecht an de nächste Jore bal 20 Milliarden. Den Nicolas Buck, President vun der Patronatsorganisatioun UEL, stellt sech d'Fro a wéi wäit esou en héije Budget am Fall vun enger Kris kéint erhale bleiwen. Déi "impressionnant Zuele" géifen een zu enger "gewëssener Virsiicht" verflichten. D'Erausfuerderunge géifen an Zukunft ëmmer méi grouss ginn, besonnesch fir d'Wirtschaft an hir Aptitude fir extern Schocke besser ze verkraaften.

Zum geplangte Budgetsdefizit misst een och eng Analys maachen, ob verschidden Depensen effizient agesat ginn. Den Nicolas Buck nennt do ënner anerem de Beräich Educatioun. 2,5 Milliarden Euro sinn heivir virgesinn. "Do kann ee sech och d'Fro stellen, wéi gutt sinn déi Suen investéiert, wat ass d'Resultat?", esou de President vun der UEL.

Eng méi global Iwwersiicht

Eng ganz aner Analys mécht den André Roeltgen. Wuel ass beim Zentralstaat een Defizit virgesinn, mee den Zentralstaat géif Transferten a Richtung vun de Gemengen an der Sécurité sociale maachen. maachen.

"Dofir interesséiert Bréissel jo déi gesamt Situatioun vun der Administration publique.", seet de President vum OGBL. Hei géif ee mat engem Plus vun engem Prozent vum PIB ofschneiden. "Dat ass alles anescht wéi en Defizit."

Knackpunkt Betribssteier

Wichteg fir d'Entreprisë wier d'Erofsetze vum Steiersaz vun 18 op 17 Prozent, esou den Direkter vun der Industriellefederatioun René Winkin. Duerch europäesch Direktive kënne Betriber an Zukunft manner vu steierlechen Abattemente profitéieren, d'Steierassiette gëtt also verbreet.

Aus deem Grond gouf de Steiersaz erofgesat, fir am Verglach mat den EU-Memberlänner nach ëmmer kompetitiv ze bleiwen. Et kéint een awer net soen, datt d'Betriber reell entlaascht ginn, d'Steierrecettë wieren an de leschte Joren eropgaangen, seet de René Winkin. Et misst an de nächste Méint gekuckt gi fir de Steiersaz weider unzepassen.

De René Winkin mengt, datt hei awer dat lescht Wuert nach net geschwat ass, dat kéint een aus de Kommunikatioune vum Ministère erausliesen. Wann d'Base méi signifikativ besteiert gëtt, hätt een een oder zwee Joer méi Suen, mee Lëtzebuerg wier fir Investisseuren da manner interessant. "An ech mengen, dat ass och eng Suerg vum Finanzminister."

Erhéijung vum Mindestloun

Am Staatsbudget gëtt d'Erhéijung vum Mindestloun ëm 100 Euro Netto zum Deel iwwer de Crédit d'impôt iwwerholl. Dat wier ee Schratt an déi richteg Richtung, seet den OGBL-President André Roeltgen, mee dat géif net duergoen. Den OGBL fuerdert, datt de Mindestloun strukturell ëm 10 Prozent gehéicht soll ginn.

Hausse vun Accisen um Sprit

Ëmstridde bleift d'Hausse vum Spritpräis. Beim Diesel sinn et zwee Cent de Liter méi, beim Bensin ass et een Cent. De René Winkin fënnt, datt déi Moossnam beim Diesel net adequat ass. Dem Direkter vun der Industriellefederatioun wier et léiwer gewiescht, wann een als éischt eng Hausse vun engem Cent gemaach hätt an d'Effekter dovunner analyséiert hätt, "an dann hätt een den zweeten Cent kënnen noschéissen, wann nach Sputt gewiescht wier."

Mat dëser Hausse hätt een elo "definitiv" deE selwechten Niveau vu Besteierung nom Remboursement erreecht, wéi an der Belsch, "an da muss ee kucken, wat dovunner d'Resultat ass", esou de René Winkin. Par konter wier et wichteg, datt de Staat weiderhin an d'Infrastrukture géif investéieren, mee och an d'Digitaliséierung, grad wéi an déi energetesch Transitioun, seet de René Winkin.