Radioen

On air

Notturno  |  Damien Jurado - Ohio

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Platzverweis bleift ëmstridden

Ofstëmmung an der Chamber

Platzverweis bleift ëmstridden

An der Chamber gëtt haut iwwer de sougenannte Platzverweis ofgestëmmt. Iwwer dat neit Instrument fir d'Police ware jorelaang diskutéiert ginn, Mënscherechtsorganisatioune an och d'Police bleiwen awer skeptesch.

auto_stories

3 min

Platzverweis: d'SNPGL bleift skeptsch. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


De Projet vum Platzverweis ass bis haut net onëmstridden. Am Prinzip geet et drëms, datt den Accès zu Wunnhaiser garantéiert muss ginn.

An engem éischten Entworf war ugeduecht ginn, datt d'Police d'Sécherheet an den Entréeën a Sortie vu Gebaier sollt garantéieren, de Staatsrot huet den Text kritesch opgeholl an de Legislateur huet sech dunn op d'Grondmotiv vun der Beweegungsfräiheet baséiert.

Gewalt just als lescht Mëttel

Wien also eng Hausentrée blockéiert ka vun der Police opgefuerdert ginn, déi Plaz ze verloossen, och wann e keng direkt Gefor duerstellt, wéi dat bis elo beim Perimeter de Fall war.

An allerleschter Instanz kann och Gewalt ugewannt ginn. D'Proportionalitéit soll an dem Fall awer garantéiert sinn.

De Staatsrot huet a sengem Avis och dëse Punkt opgegraff an gemengt, de Recours à la force kéint méi e graven Agrëff an déi individuell Fräiheet sinn, wéi de Verstouss, deen eigentlech verhënnert sollt ginn.

Kritik vun der CCDH

Besonnesch Mënscherechtler:inne fäerten, datt Verstéiss géint d'Grondfräiheeten oder eng gewësse Stigmatiséierung géife riskéiert ginn. Déi consultativ Mënscherechtskommissioun CCDH hat an dem Sënn och e kriteschen Avis publizéiert.

D'Annamaria Tunjic, Juristin bei der CCDH, mengt, datt virun allem vulnerabel Persoune betraff wieren: virun allem déi, déi souwisou net gutt dru sinn, a prekäre Situatioune liewen, an dacks aus der Gesellschaft ausgeschloss sinn.

"Domat gi sécherlech net d'Drogendealer viséiert, mee Consommateuren, a virun allem och Heescherten, also Sans-abrien."

SNPGL: "Dat ass e Platzverweis light"

Op Säite vu der Police war ee bis elo Demandeur fir esou eng Reegelung. Fir de Pascal Ricquier, President vun der Policegewerkschaft SNPGL, wier dat do awer just e "Platzverweis light", mat deem kengem gehollef wier.

Et géif sech hei net ëm schwéier kriminell Leit handelen, mee ëm Leit, déi um Bord vun der Gesellschaft liewen.

"An dat sinn och Leit, déi wëlle sech net hëllefe loosse vun iergendengem, ob dat vun eis ass oder vun iergendengem aneren. An déi soen: ech bleiwen einfach hei leien. Dann huele mer se mat Gewalt ewech, mir rappe se iergendwou hin, ëm den Eck, a wa mer fort ginn, da leeë se sech awer erëm dohinner. Dat ass iwwerhaapt keng Léisung dat doen."

Dem Pascal Ricqier no hätt een déi eege Leit dann och ugewisen, op kee Fall Gewalt anzesetzen, an d'Leit just verbal probéieren ze iwwerzeegen.