Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Potaschbierg: Remboursement vum IRM vun nächster Woch un?

Medezineschen Akt

Potaschbierg: Remboursement vum IRM vun nächster Woch un?

D'Bedreiwer vum IRM um Potaschbierg zu Gréiwemaacher soen hire Patienten, si kréichen déi ronn 160 Euro vum medezineschen Akt vun nächster Woch u rembourséiert. Dat sot eis den Dokter Frédéric Hencks, deen d'Praxis zu Gréiwemaacher leed

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


De Frédérick Hencks krut dat eegenen Aussoen no vum Claude Haagen, Minister fir d'Sécurité Sociale verséchert.

Weder de Minister nach d'CNS wollten eis dat confirméieren. Et géif awer un enger Léisung geschafft ginn, déi dem Verwaltungsrot vun der Gesondheetskeess soll presentéiert ginn, esou de Claude Haagen.

Dem Frédéric Hencks no géifen den Ament Gespréicher lafe fir de Cabinet vu Gréiwemaacher a Partnerschaft mat engem Spidol ze bedreiwen. Fir de Ministère ass esou eng Partnerschaft e wichtege Krittär.

Och d'LSAP Osten schreift an engem Communiqué, et géife Beméiunge lafe fir Léisungen ze fannen.

Am 100,7-Interview sot d'Gesondheetsministesch, datt nach keng Decisioun gi wier. D'Theema wier awer um Ordre du jour vun der nächster Conseilssëtzung vun der Gesondheetskeess, esou d'Paulette Lenert.