Fonction Publique Privatiséierungs-Diskussioun: "D'CGFP iwwerdreift"

De Minister vun der Fonction Publique seet, d'Staatsbeamtegewerkschaft géif "iwwerdreiwen", wa si behaapt, et géife "Privatiséierungstendenzen" an der Fonction Publique ginn. A villen Administratioune kéinten och haut schonn Direkteren aus der Privatwirtschaft rekrutéiert ginn, esou de Marc Hansen.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Marc Hansen

Den DP-Minister kann dofir net verstoen, firwat et esou vill Opreegung ronderëm d'Propos gouf fir d'Direkteren aus der Hotels- an Akerbauschoul aus privaten Entreprisen kënnen ze rekrutéieren. Och d'Diskussioun ronderëm privat Sécherheetsleit an der Stad hält de Marc Hansen fir iwwerdriwwen.

"Ech géif et jo nach kenne verstoen, wann et elo eng Diskussioun wär, wou et drems geif goen d'Police ofzebauen, an lauter Privater fir déi Missiounen anzestellen. Da kéint ee jo déi Diskussioun verstoen. Awer net well hei lo sechs Leit iwwer d'Gare trëppelen, wat um Chrëschtmaart de Fall war, wat op der Schueberfouer de Fall war. Déi Leit géife souwisou elo iwwer de Chrëschtmaart trëppelen, wann et ee géif ginn dëst Joer."

E "Prezendenzfall" fir d'Fonction publique wier dat net, sou de Marc Hansen. Vu 60 Administratiounen mat Direktiounsposten - dorënner d'Nationalbibliotheik, Nationalarchiven, d'Ponts-et-Chaussées, d'Steierverwaltung, de Geheimdengscht, den Haut Commissariat à la protection nationale - déi hie sech gëschter ugekuckt hätt, wieren elo schonn 48 Fonctions dirigeanten op fir de Privatsecteur.

De Marc Hansen stäipt domat der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer de Réck, déi gëschter änlech argumentéiert hat. De Policeminister Henri Kox gesäit dat anescht: Hien ass géint Patroulle vu private Sécherheetsleit am ëffentleche Raum.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Kox Polfer
Quartier Gare

De Minister fir bannescht Sécherheet schléisst aus, datt d'Police an der Stad mat private Sécherheetsleit zesummeschafft. Den Henri Kox betount, eleng d'Police wier fir d'Sécherheet am ëffentleche Raum zoustänneg.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen