Coronavirus Projektioun: Bis zu 370 Neiinfektiounen den Dag

DTaskforce huet rezent gewarnt, datt d'Zuel un deeglechen Neiinfektiounen an den nächste sechs Wochen zu Lëtzebuerg kéint op 370 klammen. D'Fuerscher hunn der Regierung geroden, d'Bierger méi op d'sanitär Mesuren opmierksam ze maachen oder eventuell nei Mesuren ze decidéieren. Dat geet aus dem Rapport ervir, deen d'Taskforce de leschte Freideg am Virfeld vum ausseruerdentleche Regierungsrot geschriwwen huet, deen e Méindeg den Owend publizéiert gouf

Jean-Claude Franck / cbi

Statistiken zur Corona-Pandemie
Symbolbild. Foto: Bigstock / vectorfusionart

De Bäitrag lauschteren


Et kéint een dovun ausgoen, datt déi aktuell sanitär Mesuren net effikass genuch sinn, oder d'Leit sech net genuch drun halen, esou d'Covid-19-Taskforce. D'Entwécklung zu Lëtzebuerg hätt e kritesche Stadium erreecht: et wier méiglech, datt d'Epidemie eng Dynamik entwéckelt, déi net méi ze kontrolléiere wier a wéinst där d'Zuel vun de Stierffäll an den eeschte Krankheetsverleef géif eropgoen.

De weidere Verlaf ass onkloer

D'Taskforce stellt awer och fest, datt den Impakt op d'Stierffäll bis elo méi kleng wier wéi wärend der éischter Well Enn Mäerz/Ufank Abrëll. D'Fuerscher féieren dat op zwee Grënn zeréck: Fortschrëtter bei de Behandlungen, an déi méi niddereg Altersstruktur vun den Infizéierte wéi wärend der éischter Well. Et wier schwéier virauszesoen, wéi dat sech weiderentwéckelt.

De Rapport vun der Taskforce ass vum leschte Freideg. De Samschdeg war en ausseruerdentleche Regierungsrot, no deem d'Regierung d'Populatioun opgeruff huet d'sozial Kontakter op e strikte Minimum ze limitéieren. Nei Restriktioune sinn nach keng decidéiert ginn.

Déi zweet Well verleeft anescht wéi déi éischt

Mat den aktualiséierten Zuele vu gëschter Owend confirméiert sech den Trend no uewen: d'lescht Woch goufen et 1.280 positiv Tester - esou vill wéi nach ni an enger Woch zu Lëtzebuerg. Déi vill méi héich Unzuel un Tester nuancéiert dat awer: den Ament ginn am Duerchschnëtt 7.500 Tester den Dag gemaach. Wärend der éischter Well waren et der an der Moyenne 6.000 den Dag manner.

Dofir läit de Positivitéitstaux den Ament e gutt Stéck méi niddereg wéi deemools. Allerdéngs gëtt et en Trend no uewen: D'lescht Woch war all 36. Test positiv. Mëtt September war dat just bei all 61. Test de Fall.

Ënner den Nopeschlänner ass d'Belsch nach ëmmer dat Land mat de meeschten deeglechen Neiinfektiounen. Pro Woch a pro 100.000 Awunner läit d'Belsch bei bal 500 Neiinfektiounen, Frankräich bei 235, Lëtzebuerg bei ronn 190 an Däitschland bei ronn 50.

Méi zum Thema

Romain Nati
Corona-Pandemie

D'Situatioun an de Spideeler wier "ugespaant", seet den Dr. Romain Nati. Et wier nach kee Katastrophen-Zenario ofzegesinn, d'Zuel vun de Covid-Patienten am CHL hätt sech awer de leschte Mount vervéierfacht.

Paulette Lenert a Xavier Bettel
Nom Regierungsrot

D'Regierung huet nom aussergewéinleche Regierungsrot um Samschdeg keng nei Restriktioune fir d'Horesca oder de private Beräich decidéiert. D'Entreprisë solle weider op Télétravail zeréckgräifen.

Net verpassen

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen