Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reform vum Wahlsystem: D'Debatt méi breet féieren

Chronik

Reform vum Wahlsystem: D'Debatt méi breet féieren

Ee Joer no de Chamberwahlen ass de Lëtzebuerger Wahlsystem nees an der Diskussioun. De Staatsminister Xavier Bettel hat am Februar d'Parteien aus der Chamber opgefuerdert, Virschléi ze maache fir eng Reform vum Wahlgesetz. Déi meescht Parteien hunn an Tëschenzäit Positioun geholl. D'Diskussioun ass méi wéi iwwerfälleg, mee se muss och op d'Rechemethod bei Wahlen ergänzt ginn, fënnt de Claude Biver an dëser Chronik

auto_stories

3 min

An der Diskussioun sinn Duebelmandater, d'Wahlbezierker an d'Fro ob Netwieler misste sanktionéiert ginn, oder net. Zu deenen dräi Theme sinn d'Parteien am Gaange sech ze positionéieren. Datt dat essentiell Froe sinn, déi wichteg fir den demokratesche Fonctionnement sinn, ass evident. Den aktuelle Wahlsystem ass nämlech alles anescht ewéi fair.

Ee Wahlbezierk: D'Léisung vun all de Problemer?

D'Opdeelung vum Land a véier Wahlbezierker féiert dozou, datt net all Stëmm d'selwecht vill wäert ass. Grad an de méi klenge Bezierker brauch ee méi Stëmmen, fir e Sëtz an der Chamber ze kréien. Ee Beispill: bei de Chamberwahlen zejoert koum am Norden een Deputéierten op 5.200 Wieler, am Zentrum war et een Deputéierte pro 3.400 Wieler. Oder anescht formuléiert: Eng Stëmm am Zentrum huet méi Gewiicht wéi eng Stëmm aus dem Norden. E reelle Problem.

Grad en eenheetleche Wahlbezierk hätt déifgräifend Konsequenze fir de Wahlsystem, wéi mir e kennen: e kéint der bestoender Ongerechtegkeet entgéint wierken. Mee wann een déi véier Wahlbezierker wëllt ofschafen, brauch et och e konkrete Plang. Soll dann all Partei weiderhi 60 Kandidaten an d'Wahle schécken? Soll de Panachage dann nach weider esou existéieren? Bei de leschte Chamberwahle goufen et iwwer 500 Kandidaten: wéi grouss misst de Wahlziedel sinn, a verléiert een dann net d'Iwwersiicht?

E Mëschsystem als Léisung?

Datt de Lëtzebuerger Wahlsystem, dee gréisstendeels op Käpp ausgeluecht ass, der politescher Debatt schuet, gouf scho méi dacks kritiséiert.

E méigleche Kompromëss kéint e Wahlsystem sinn, dee sech um däitsche System inspiréiert, also mat enger Lëschtestëmm an enger direkter Stëmm. Esou kéint de Panachage - dee fir vill Leit en Acquis ass - bäibehale ginn. Gläichzäiteg kéinten d'Parteie sech erneieren an och nei Leit opbauen. Allerdéngs geet dat net duer.

D'Problemer vun eisem Wahlsystem ginn nämlech vill méi wäit wéi just d'Opdeelung vum Land an anachronistesch Wahlbezierker.

De Problem: Wéi Stëmmen a Sëtz ëmgerechent ginn

Och ouni Wahlbezierker ass de Wahlsystem alles anescht wéi modern a fair: klenge Parteie géif dat zwar an d'Hänn spillen a et géif keng "verluere Stëmme" méi ginn. Déi mathematesch Aart a Weis, wéi d'Stëmmen a Sëtz ëmgewandelt ginn, bevirdeelegt och am Zeenario vun engem Wahlbezierk nach ëmmer déi grouss Parteien.

De Problem ass de System vun de Reschtsëtz, dee féier nämlech dozou, datt grouss Parteien hir Positioun festegen, an datt kleng Parteien sech schwéier dinn, et an d'Chamber ze packen. Bei de leschte Chamberwahle krut d'CSV véier Reschtsëtz an d'DP dräi. Déi gréng an d'Pirate kruten allebéid ee Reschtsëtz.

An der Schwäiz an an Däitschland goufen et ähnlech Problemer: hei gouf d'Rechemethod, fir d'Sëtz ze verdeelen, dowéinst geännert. Dat wier och zu Lëtzebuerg relativ einfach ze maachen, an et wier och denkbar. Heifir misst net mol d'Verfassung geännert ginn, well d'Rechemethod ass per Gesetz festgehalen. Rechemodeller, déi méi demokratesch a méi gerecht sinn, ginn et schonn. Et brauch just de politesch Courage, fir et och unzepaken.