Radioen

On air

Notturno  |  Air Waves - The Dance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Remix industrial heritage now!

Fräie Mikro

Remix industrial heritage now!

Am Virfeld vun der Aktualitéitsstonn an der Chamber iwwer de Patrimoine industriel kënnt den Historiker Denis Scuto a sengem Fräie Mikro vun haut nach eng Kéier op de symboleschen Dossier Gebléishal zeréck.

auto_stories

3 min

Den Historiker Denis Scuto kënnt nach eng Kéier op d'Gebléishal zeréck. Foto: Archiv

Mäi leschte Fräie Mikro zur Salamitaktik a Saache Gebléishal hat fir vill Echoen a Reaktioune gesuergt. Dorënner en Interview vum neien Direkter vum Fonds Belval, Luc Dhamen, mam Journalist vum Tageblatt, Luc Laboulle.

Eng Sensibilitéit fir Industriekultur

Ech muss soen, datt seng Aussoe ronderëm d'Etüd iwwer d'Gebléishal mech engersäits gefreet hunn. All déi, déi sech zanter Jore fir d'Erhalen an d'Ëmnotzung vun Industriegebaier asetzen, huelen dankbar zur Kenntnis, datt souwuel d'Fassade wéi d'Metallstruktur vun der Gebléishal ok sinn an d'Etüd logescherweis zur Conclusioun kënnt, datt se erhalen an ëmgenotzt ka ginn.

Den neien Direkter vum Fonds Belval schéngt och dat ze hunn, wat säi Virgänger schonns hätt missen hunn mee net hat, an zwar eng Sensibilitéit fir Industriekultur. De Fonds Belval wäert also an Zukunft hoffentlech Industriepatrimoine wéi d'Gebléishal oder d'Möllerei anescht renovéieren, nämlech - ech zitéieren de Luc Dhamen am Interview - "ouni hir Architektur an hire Charakter ze zerstéieren".

Intransparenz a Feelinformatiounen

An aneren Hisiichte schéngt de Fonds Belval awer sou weider ze fonctionnéiere wéi virdrun. De Refus, d'Resultater vun der Etüd public ze maachen, mat der Begrënnung vun Droits d'auteurs déi drop wieren, beweist Mangel un Transparenz. D'Desinformatioun vum Bierger geet och deelweis weider. Während souguer eng Grafik beim Interview beleet, datt den Daach vun enger vun den u sech dräi Hale vun der Gebléishal als net problematesch agestuuft gëtt, erkläert de Luc Dhamen, datt d'Hal bis 2022 net an d'Rei gesat kéint ginn. Dobäi ass, wéi gesot, eng Risenhal vun 160 op 30 Meter elo schonns onproblematesch.

Et ass och eng Feelinformatioun ze soen, datt d'Renovatioun ze deier géif ginn. Zanter 2011 ass nämlech bekannt, wéi deier d'Renovatioun vum ganzen Daach géif kaschten. Och déi Studie gouf der Ëffentlechkeet bis elo virenthalen. TR-Engineering huet 2011 am Optrag vum Kulturministère eng Etüd zur Gebléishal duerchgefouert. D'Renovatioun vum ganzen Daach gouf deemools op genee 4,3 Milliounen Euro chiffréiert an op zwee Joer (2013 an 2014) budgetiséiert. Wéi 2011 wier also haut eng Renovatioun vum Daach an zwee Joer fir net ze vill Geld méiglech.

Eng temporär Notzung vun der Gebléishal

Net richteg ass et och, wann den Direkter vum Fonds Belval seet et géif net ëm temporär, mee ëm dauerhaft Renovatioun goen. De Géigendeel ass de Fall. D'Kulturministesch huet gefrot no enger temporärer Notzung vun der Gebléishal fir d'Kulturjoer Esch a Südregioun 2022. Esch 2022 ass op eng temporär Notzung vun der Gebléishal ugewisen, mee och vu Gebaier op der Friche Terre rouge an Esch-Schëffleng a vun anere fréieren Industriegebaier am ganze Minett. Remix ass de roude Fuedem vum Kulturjoer, also och d'Ëmnotzung vu Sitten am Minett an net nëmmen d'Notzung vu bestoenden Institutiounen.

Jonker a manner Jonker musse kënnen an de Walzwierker vun der Metzeschmelz wéi an den Ateliere vun der Handwierkergaass op Terre rouge oder am Hall Fondoucq op der Diddelenger Schmelz Ausstellungen an Theater kucke goen, Musek lauschteren an drop danzen. A wa méiglech dat Ganzt matgestalten. D'Aktualitéitsstonn an der Chamber op Demande vun der LSAP iwwer d'Erhalen an de Schutz vum Patrimoine industriel, kënnt genee richteg fir den Dossier Gebléishal an doriwwer eraus d'Enjeue fir Esch 2022 seriö ze thematiséieren an ze diskutéieren.