Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schlechte Schüler: Déi komplett Staffel

Podcast

Schlechte Schüler: Déi komplett Staffel


Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? An eiser éischter grousser Podcast-Serie huele mir Iech mat an d'Schoul. Op d'Sich no Äntwerten.

auto_stories

4 min

Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Där Fro geet de radio 100,7 a "Schlechte Schüler" no, enger Podcast-Serie a sechs Deeler.

Um Ufank vun der Recherche steet ee Saz aus dem leschte Bildungsbericht: "Schoulparcoursen zu Lëtzebuerg si ganz fréi (vir)bestëmmt". Mee wéi gerecht ass ee Schoulsytem, wou dacks schonn nom zweete Schouljoer kloer ass, wéi gutt oder schlecht de Schoulparcours vun engem Kand wäert verlafen?

D'Journalisten Pia Oppel a Pierre Reyland huelen d'Nolauschter:innen iwwer sechs Episode mat an d'Schoul. Si schwätze mat Kanner an Elteren, Enseignanten a Fuerscher:innen. Si kucken zeréck op Reformversich an erklären d'Hannergrënn vu politeschen Decisiounen. Si weisen, wat am Schoulsystem scho sou fréi schif leeft - a wéi Léisunge kéinten ausgesinn.

Episod 1 - Op den Ufank kënnt et un

D'Estrela huet aacht Joer a Schwieregkeeten an der Schoul. Seng Conclusioun: "Ech sinn net intelligent".

Episod 2 - Zeréck an d'Zukunft

D'Karin Elsen an d'Edith Jacobs wëllen d'Schoul méi gerecht maachen. 1975 woen déi zwou Léierinnen en Experiment.

Episod 3 - Esch international

D'Sara sollt fir d'zweet sëtze bleiwen. Elo geet hat an eng ëffentlech Europaschoul.

Episod 4 - En français, s'il te plaît

Zu Schëffleng léiert elo eng Schoulklass op Franséisch Liesen a Schreiwen. Wat kann ee sech vum Pilotprojet erwaarden? Ëm déi Fro geet et an der véierter Episod vun der 100,7-Podcast-Serie "Schlechte Schüler".

Episod 5 - Am Speckgürtel

Zu Kielen an der Schoul kann alles beim Ale bleiwen. Muss et awer net.

Episod 6 - Net vu schlechten Elteren

Op der Stater Gare gëtt iwwer d'Schoul gestridden. A besser situéiert Elteren huelen Afloss.

 

 

 

 

 


De Podcast "Schlechte Schüler" gëtt all Méindeg op 100komma7.lu publizéiert, grad ewéi op den übleche Podcast-Plattformen.

Abonnéiert iech hei: