Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Elora - Embers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Si fir d'Rentrée genuch Enseignanten do?

Enseignement

Si fir d'Rentrée genuch Enseignanten do?

Fir d'Rentrée feelen an der Grondschoul Enseignanten, kritiséieren d'Gewerkschaften. Just "e Grapp voll" Poste wier op, äntwert de Minister. Hie wier optimistesch, datt dës e Freideg all besat wieren.

auto_stories

2 min

Claude Meisch

Fir d'Rentrée dëse Freideg géifen an der Grondschoul eng ganz Partie Posten opstoen, kritiséiert de Patrick Remakel. De President vun der Enseignants-Gewerkschaft SNE-CGFP nennt d'Beispill vun enger Gemeng, an där bal 100 Stonnen - dat heescht véier Posten - net besat wieren.

D'Gewerkschaft hätt vill Maile kritt vu Schoulmeeschteren, déi sech géife beschwéieren, seet de Patrick Remakel. Si hätte gesot kritt, si missten intern eng Léisung fannen. Et wier net akzeptabel fir Enseignanten, déi ee volle Kader hunn, unzehalen Iwwerstonnen ze maachen. Oppe Posten kéinten donieft net duerch Iwwerstonnen ausgeglach ginn, seet de Gewerkschaftler.

D'Situatioun wier "sécherlech net sou dramatesch", seet de Claude Meisch. Den Educatiounsminister ass optimistesch, datt fir d'Rentrée dëse Freideg an der Grondschoul de "Grapp voll" Posten, déi nach op wieren, besat géife ginn.

"Eng Hand mat upaken"

"Kloer ass, datt kee wäert forcéiert ginn, Iwwerstonnen ze maachen." Wann awer Enseignante bereet wieren "déi eng oder aner Iwwerstonn ze maachen", géif de Ministère dat begréissen.

Momentan géif ee probéieren, Leit ze mobiliséieren, déi schonn ersat hätten oder am Enseignement geschafft hätten, "fir eng Hand mat unzepaken". Op Pensionäre géif een zu dësem Zäitpunkt nach net zeréckgräifen, seet de Claude Meisch. Hie schléisst awer net aus, datt dat an Zukunft kéint de Fall sinn.

Beim leschte Concours am Enseignement hätt net déi Zuel vun Enseignante kéinte rekrutéiert ginn, déi néideg wier fir all d'Schoule mat qualifizéiertem Personal opzestellen, seet de Claude Meisch. "Et gëtt nun ebe mol net méi Kandidate momentan, aus ganz ënnerschiddlechen Ursaachen." Et géif een d'Situatioun analyséiere fir Léisungen ze fannen. Eng Erausfuerderung wieren d'Remplacementer, "déi awer relativ heefeg sinn an der Education Nationale. Virun allem och am Fondamental."

Interview mam Claude Meischplay_arrow