Déi schwiereg Verhandlungen iwwer eng Konventioun tëscht CNS a Psychotherapeute leien de Moment op Äis. D'Fapyslux, d'Federatioun vun de Psychotherapeuten, wënscht sech eng méi inklusiv Léisung a verdeedegt hir Fuerderungen no méiglechst vill Fräiheet fir all Assuréen.
De Minister Romain Schneider seet, hie géif sech aus de Verhandlungen eraushalen, wënscht sech awer elo eng séier Léisung, well och déi betraffen Assuréeë géifen op ee Remboursement vun der Psychotherapie waarden. Iwwer d'Usätz fir aus dem Konflikt erauszekomme seet hien:
"E soll geléist ginn andeems ee sech verstänneg nach eemol zesummesetzt, datt een déi zwee Pabeieren déi een huet - deen aus der Mediatioun erausgaangen ass, wou d'Psychotherapeuten, d'Fapsylux, ëmmer gesot hunn, dat ass ee Pabeier dee ganz no un eise Virstellunge läit, an op der anerer Säit alles dat wat elo opgeschafft gouf an de Verhandlunge vun de leschte Wochen, nach eemol nieftenee leet a kuckt eben ze probéieren aus deenen zwee Pabeieren eng Konventioun ze kréien, déi fonctionéiert an déi de Startschoss gëtt fir an der Nomenclature déi richteg Tariffer drop ze setzen."
D'Presidentin vun der Fapsylux, Delphine Prüm hat um Mëttwoch ze verstoe ginn, d'Federatioun wier net averstane mat der aktueller Positioun vun der CNS an de Verhandlungen. Mee de Ball léich awer elo bei der Gesondheetskeess.