Radioen

On air

De Moien  |  DJ Shadow - Our Pathetic Age Feat. Sam Herring

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stereotyppen um wëssenschaftleche Leescht

Gläichstellung

Stereotyppen um wëssenschaftleche Leescht

A Präsenz vun der Gläichstellungsministesch Taina Bofferding gouf eng Etude préparatoire op der Uni Lëtzebuerg virgestallt, an där Geschlechterstereotyppen aus der Lëtzebuerger Gesellschaft presentéiert goufen. Aus der sougenannter Lëtzstereotype18-Etüd geet ervir, datt Fraen zu Lëtzebuerg méi e staarkt egalitäert Bewosstsinn a punkto Geschlechter-Rolle virweisen, wéi Männer.

auto_stories

3 min

Geschlechtsgebonne Stereotyppen iwwer Fraen a Männer géife schonn an der Kandheet entstoen an duerch dat soziaalt Ëmfeld gepräägt ginn, esou den André Melzer, Professer fir Psychologie op der Uni Lëtzebuerg.

Ustrengend Denkprozesser vermeiden

E Stereotyp wier eppes, wat een als accumuléiert Wëssen, Iwwerzeegung an Erwaardung un eng sozial Grupp séier bei Hand hätt, erkläert den André Melzer. "Mir ginn net vum individuelle Fall aus mee mir generaliséieren. Mir maachen den Tirang op a stieche Leit eran oder mir maachen den Tirang op an huelen eng Etikett eraus.", esou de Psycholog.

Mënsche géife sech aus Bequemlechkeet Daumereegele schafen, déi ustrengend Denkprozesser ersetzen. Dobäi kënnt, datt Stereotyppen dacks automatesch aktivéiert ginn a sech domat eisem Bewosstsinn entzéien, esou den André Melzer.

Stereotyppe bei Fraen a Männer

Per Froebou goufen d'Donnéeë fir d'Etüd "Lëtzestereotype18" erhuewen. D'Resultater géife weisen, datt Frae méi egalitär Rollebiller vu Fraen a Männer hätten, esou d'Miriam-Linnea Hale. Souwuel bei Männer wéi bei Frae wiere weiderhi Stereotyppe present. Bei Frae wier de gréisste Stereotyp, "datt Männer méi staark Sex-orientéiert si wéi Fraen." Bei Männer wier et de Stereotyp, datt verschidden Aarbechten net zu Frae géife passen.

Bei enger spezifescher Fro wollten d'Fuerscher wëssen, wéi eng Liewensberäicher vun de Befroten duerch Stereotyppe beaflosst wieren. Ouni Ausnam hunn d'Leit dobäi uginn, datt all Liewensberäicher - vum Selbstbild iwwer dat soziaalt Verhale bis hin zum Beruffswiel - duerch Stereotyppe beaflosst wieren.

D'Miriam-Linnea Hale fënnt dat interessant: d'Geschlechterstereotyppen, déi ee sech selwer zourechent, géifen däitlech méi staark als Afloss wéi déi gesellschaftlech Stereotyppe wouergeholl ginn. Beim Beräich vun de Beruffschancen hu Fraen de Stereotyppe méi e groussen Afloss attribuéiert ewéi Männer.

Handelen an Denke verstoen a steieren

D'Etüd wier representativ fir Lëtzebuerg, esou d'Miriam-Linnea Hale. D'Erkenntnisser sollen als Grondlag fir zukünfteg Fuerschungsprojeten zu Geschlechterstereotyppen déngen, seet d'Christine Schiltz, Vize-Dekanin vun der Fakultéit fir Geeschtes- a Sozialwëssenschaften.

D'Erkenntnis an d'Thematiséierung wier en zentralen Usaz deen et engem géif erméiglechen, "déif an eist Denken an Handelen ze blécken an domat och eist Denken an Handele besser ze verstoen an ze steieren", esou d'Christine Schiltz.

"Regierung wëllt eng de facto Egalitéit"

Fir d'Gläichstellungsministesch Taina Bofferding ass déi wëssenschaftlech Ausriichtung vun der Thematik wichteg, fir mat den Ziler vun der europäescher Kommissioun a punkto Gläichstellungspolitik Schrëtt ze halen. Zu Lëtzebuerg géif eng Gläichstellung op legaler Basis bestoen.

D'Regierung wéilt eng de facto "Egalitéit" erreechen, seet si. "Dat heescht eng reell Egalitéit am Alldag an an der Praxis. Mir gesinn, datt nach ganz vill Ongläichheeten an de verschiddene Liewensberäicher wéi der Educatioun an an der Aarbecht bestinn." Et géif ee mierken, datt Gesetzer eleng net duerginn, fir d'Ongläichheeten tëschent Männer a Fraen an der Gesellschaft ofzeschafen, esou d'Taina Bofferding.

Ronn 360 Persounen tëscht 14 an 30 Joer hunn un der Enquête fir d'Etüd deelgeholl, dräi Véierels heivunner ware Fraen