Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tëscht Wëssensvermëttlung a Praxis

Politesch Bildung

Tëscht Wëssensvermëttlung a Praxis

Demokratie léieren iwwer Wëssensvermëttlung a Praxis. Wéi onofhängeg ka politesch Bildung sinn? Wéi vill Fräiraum ass an der Participatioun méiglech? A wat ass en Impakt an d'Roll vun de Medien an de soziale Medien?

Acteuren aus Gesellschaft, Medien an Educatioun hunn diskutéiert: Nora Back (OGBL), Paulina Dabrowska (Kannerbüro Wolz), Marc Schoentgen (ZpB), Jean-Lou Siweck (Editpress) a Renée Wagener (Publizistin an Historikerin).

auto_stories

5 min

Eng sommaire Definitioun vum Begrëff "politesch Bildung" wier déi, fir ze informéieren, fir kritikfäeg an tolerant Bierger ze forméieren, déi sech an der Gesellschaft erëmfannen, an Deel drun hunn. Wéi dat geet, muss ee léieren an ausprobéieren. An domadder beschäftegt sech den Zentrum fir politesch Bildung, esou wéi eng ganz Rei aner Acteuren an der Zivilgesellschaft. Nieft der Schoul an den Elteren, iwwerhuelen och Medien, ONGen, Gewerkschaften a Publizisten déi Roll.

Zwee Aspekter maache politesch Bildung aus: Wëssensvermëttelung an Opbereedung vun Informatioun a vun Zesummenhäng engersäits, an anerersäits geet et drëm, Demokratie iwwer Participatioun praktesch ze liewe fir ze léieren, Prozesser ze verstoe fir sech an der Gesellschaft ze engagéieren.

Renée Wagener a Jean-Lou Siweck

Lëtzebuerg hätt en enorme Retard zu anere Länner wat politesch Bildung betrefft, do géif et e parteiiwwergräifende Konsens ginn, seet d'Renée Wagener. 2016 ass den Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) geschaaft ginn. Politesch Bildung wier an de Wahlprogrammer vun enger Rei Parteie virun de leschte Wahlen enthale gewiescht, esou den Direkter vum ZpB Marc Schoentgen. Den ZpB wier keng Reaktioun gewiescht op den Ausgang vum Referendum 2015. 80 Prozent vun de Wieler haten sech géint en Auslännerwahlrecht ausgeschwat.

Interessi an Emotiounen

"Participatioun muss als éischt an de Käpp vun den Erwuessene Plaz fannen, fir Muecht ofzeginn, fir Entscheedunge mat anere Bierger ze deelen", sot d'Paulina Dabrowska, spezialiséiert an Erzéiungswëssenschaften. Mat de Kanner géif si d'Barre ganz déif leeën, wann et ëm politesch Bildung geet. Dobäi géif et als éischt drëm goen, datt Kanner erausfannen, wat hir Meenung ass, a wéi ee se ausdrécke kann. Wichteg dobäi wier, wéi ee matenee kommunizéiert.

"Kanner brauch een net wierklech ze motivéieren, si wësse wat si interesséiert", seet d'Paulina Dabrowska. Vill Themen hätte mat der Schoul ze dinn a mat der Maison Relais: D'Gestaltung vum Schoulhaff an der Spillplaz, d'Benotze vun der eegener Sprooch an der Schoul an am Foyer.

Paulina Dabrowska an Nora Back

Och bei de Gewerkschafte géif d'Motivatioun fir sech anzebréngen iwwer déi eegenen Interesse goen, wéi Salairen an Aarbechtsbedingungen, esou d'Nora Back. Fir d'OGBL-Gewerkschaftssekretärin géif Engagement och vill iwwer Emotioune lafen. "Da spiert s de wéi Leit sech ronderëm e Problem solidariséieren a sech zesummen dinn. Dat ass einfach schéin un eisem Job, wann ee mierkt, datt ee kann eppes beweegen an eppes kann erreechen. Dat geet iwwer Massen, zesummen a solidaresch."

Roll vun de Medien: Informatioun a Relevanz

D'Lieser wéilte vun den Zeitungen ebe grad net e Bildungsoptrag, dat géifen Etüde beleeën, sot de Jean-Lou Siweck, Generaldirekter vun Editpress. "Si wëllen net vun den Zeitunge gesot kréien, wat si ze denken hunn". Datt Medie mam erhuewenen Zeigefanger ronderëm lafen a vun uewe soen, wat richteg a wat falsch ass, wat een denken dierf a wat een net denken dierf, dat wier eppes, wat vu Lieser haut absolut net acceptéiert géif ginn. Dat géif de Medien awer ëmmer nach ganz vill Plaz loossen, fir eng anstänneg Informatiounsaarbecht ze maachen, wourauser dann awer eng politesch Bildung géif entstoen. Dozou géif och gehéieren, déi richteg Themen opzegräifen.

De reelle Problem vun de Medien haut wier dee vun der Relevanz, fënnt de Jean-Lou Siweck. D'Medie wieren zu Lëtzebuerg heefeg nach institutionell opgestallt. Et géif vill driwwer geschriwwe ginn, wat a Pressekonferenze gesot géif ginn. Och d'Pressehëllef géif dozou bäidroen, datt Medie sech Theme vun Institutioune vu bausse virgi loossen. Fir de Journalist an Editpress-Generaldirekter wier et en Defi, fir e bessert Versteesdemech fir d'Liewenswelt vun de Lieser ze kréien.

Eng nei Diskussiounskultur an engagéiert Politiker

De Lëtzebuerger Mediepluralismus géif maachen, datt d'Leit ganz vill ënnerschiddlech an dissonant Stëmmen héieren, wat dozou bäidroe kéint, datt ee méi vergläicht a sech méi seng eege Meenung bilt, mengt d'Renée Wagener. Do géife Sozial Medien och eng grouss Roll spillen, trotz den zäitweilegen Haasskommentaren. D'Digitaliséierung géif dozou féieren, datt d'Leit mateneen diskutéieren, och wann et net ëmmer ganz propper géif oflafen. Am Sënn vu politescher Bildung wier dat awer interessant, seet d'Renée Wagener. Leit déi manner gutt am Schreiwe wieren, géife sech dat elo op de soziale Medien éischter trauen.

Marc Schoentgen

"Medie missten dozou bäidroen, fir den Negativimage vun der Politik ze zerstéieren", seet d'Historikerin a Publizistin. Et géif natierlech genuch Argumenter gi fir ze soen, datt sech Politiker servéieren, datt si net genuch schaffen an nëmmen d'Geld mat heem huelen. Et géif awer och aner Politiker ginn, déi sech engagéieren. Datt déi Leit eppes fir d'Communautéit maachen, géif dobäi komplett verluer goen. "Deen Discours, deen déi ganzen Zäit gefouert gëtt: 'Déi béis Politik, a Politik ass e knaschtegt Geschäft.' Ech fannen dat extrem geféierlech a problematesch", esou d'Renée Wagener.

De Begrëff "politesch Bildung" vermeiden

Wann den ZpB an d'Schoule geet, dann hätt een de Virdeel, datt déi Jonk all zesummesëtzen. "Da musse mir oppassen, wa mir vu politescher Bildung schwätzen. Et kommen ëmmer esou Antireaktiounen: 'Mir wëlle keng Politik, a mir wëlle keng Bildung.'" Politik wier negativ besat zu Lëtzebuerg, a Bildung nach vill méi. Den ZpB géif ëmmer méi probéiere fir de Begrëff "politesch Bildung" ze evitéieren an iwwer Formater hir Zilgruppen unzeschwätzen.


Et hunn diskutéiert:

Nora Back: Member vun der OGBL-Geschäftsféierung an Zentralsekretärin vum Beruffssyndikat Soziales a Fleeg

Paulina Dabrowska: Responsabel vum partizipative Projet Kannerbüro zu Wolz, spezialiséiert ë. a. an Erzéiungswëssenschaften.

Marc Schoentgen: Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung, deen 2016 geschaaft gouf

Jean Lou Siweck: Journalist, laang och Conseiller de Gouvernement am Staatsministère, du Chefredakter vum Lëtzebuerger Wort an neierdéngs Generaldirekter vun Editpress, dem Mammenhaus vum Tageblatt

Renée Wagener: Historikerin a fréier Gréng Deputéiert (huet haut awer keng Parteikaart méi), aktiv och als Formatrice zu politeschen Themen, Publizistin zu feministeschen, sozialen an ökologeschen Themen. Aktuell schafft si fir d'Chamber un enger Expo zu "100 Joer Wahlrecht".

Moderatioun: Mick Entringer.