Radioen

On air

Resonanzen  |  Musikalesch Extas

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Desaveu fir d'Rektorat

Uni Lëtzebuerg

Een Desaveu fir d'Rektorat

Op der Uni suergt de Budget 2017 fir Tensiounen: De Conseil Universitaire huet de Projet an engem consultativen Avis ofgeleent. D'Rektorat, dat de Budget mat iwwert engem Joer Retard virgeluecht huet, fuerdert ee méi "effizienten Ëmgank" mat de Suen.

auto_stories

3 min

(Foto: © Université du Luxembourg - Brumat Photo / Foersom Sàrl)

Am Conseil Universitaire ass nieft der Unis-Leedung och d'Basis vertrueden: D'Doyenë vun den dräi Fakultéiten, Proffen, Chercheuren, anert Personal an d'Studenten. Si hu bei organisatoreschen, wëssenschaftechen a pädagogesche Froen ee Wuert matzeschwätzen a ginn ënnert anerem och een Avis zum Budget of.

Equilibréiert, trotzdem ëmstridden

D'Rektorat huet dem Conseil Universitaire gëschter een equilibréierte Budgetsprojet virgeluecht: Wéi am pluriannuelle Budget virgesinn, kritt d'Uni vum Staat dëst Joer ronn 160 Milliounen Euro - a méi soll och net ugefrot ginn.

Trotzdem ass den Avis eisen Informatiounen no negativ ausgefall. Doranner spigelt sech wuel virop eng Frustratioun iwwer déi onkloer an ontransparent Budgetsprozedur, iwwer déi de radio 100,7 bericht huet an déi och am rezenten externen Evaluatiounsrapport als ee Problem identifizéiert gi war.

Spuerefforten

An da schéngen déi meescht Beräicher vun der Uni dëst Joer manner Suen ze kréien, wéi erwaart, sot eis eng Source, déi no um Dossier ass: Deemno missten all d'Fakultéiten op gutt sechs Prozent vun hirem provisoresch fir dëst Joer ageplangte Budget verzichten.

Dat selwecht géif fir déi zwee interdisziplinär Zentrume fir Biomedezin an Informatiounstechnologië gëllen. Den zejoert gegrënnten Zentrum fir Digital- an Zäitgeschicht géif dee vun der Regierung versprachene Budget kréien.

Proportionell am meeschte géif dëser Source no awer bei der Zentraladministratioun gespuert ginn.

Eisen Informatiounen no muss d'Uni zënter se um Campus Belval ass méi héich Fonctionnementskäschte stäipen an eng Investitioun an d'IT-Infrastruktur ass néideg.

Avis net ëffentlech

An enger schrëftlecher Reaktioun wollt d'Rektorat sech net weider zum Avis vum Conseil Universitaire (CU) äusseren:

"Laut Geschäftsordnung der Uni (Réglement d’ordre intérieur) werden die Entscheidungen des CU binnen 6 Tagen zunächst an die Hochschulgemeinschaft kommuniziert. Wir bitten Sie um Verständnis, dass wir deshalb den Avis noch nicht öffentlich kommunizieren können."

Zur Fro, wéi d'Rektorat mat engem negativen Avis wéilt ëmgoen, heescht et:

"Die Entscheidungen des Universitätsrats haben empfehlenden Charakter. Die Einschätzung aller Vorlagen wird vom Aufsichtsrat sehr ernst genommen, sitzen doch im Universitätsrat Vertreter der Fakultäten und interdisziplinären Zentren und aller Personalkategorien und Studentenvertreter. Entscheidend ist letztlich die Annahme oder Ablehnung durch den Aufsichtsrat. Letzterer kann das Budget akzeptieren oder es nochmals an das Rektorat zurückgeben, um Anmerkungen des Aufsichtsrats einzuarbeiten."

Effizienten Ëmgank mat ëffentleche Gelder

An och zu de geneeë Budgetszuele wëll d'Rektorat keng Detailer ginn:

"Im Sinne einer Optimierung der vom Staat zur Verfügung gestellten Mittel sind alle Einheiten zu einem effizienten Umgang mit diesen aufgefordert. Wir werden das tatsächliche Ausgabeverhalten intensiv beobachten und ggf. in der zweiten Jahreshälfte noch einmal Anpassungen vornehmen. Es werden eventuell bestimmte Investitionen in die zweite Jahreshälfte verschoben, weil verschiedene Projekte zusätzliche Gelder benötigen. Im Übrigen sind in allen Bereichen die Drittmittel für Forschung gestiegen."

Datt de Budget eréischt mat iwwert engem Joer Retard virgeluecht gouf, erkläert d'Rektorat mat enger verännerter Käschtestruktur an engem méi opwennege Budgetiséierungsprozess duerch deen neie Campus an de Wuesstem vun der Uni. Elo géifen déi néideg Mesurë geholl ginn, fir d'Budgetsplanung a -kontroll z'optiméieren:

"Der neue Campus und das stetige Wachstum der Uni führen dazu, dass sich die Kostenstruktur verändert und der Budgetisierungsprozess aufwändiger wurde. Es gab noch diverse Detailfragen zu klären und das war sehr zeitintensiv."

Conseil de Gouvernance muss tranchéieren

An enger nächster Etapp geet de Budgetsprojet muer Samschdeg an de Conseil de Gouvernance, deem seng Positioun an dëser Saach decisiv ass. Vertruede sinn hei extern Experten aus der Privatwirtschaft a vun Universitéiten aus dem Ausland, de Recteur, a jeeweils ee Vertrieder vun der Regierung, den Unis-Enseignanten an de Studenten.

De Conseil de Gouvernance kann de Budget unhuelen oder vum Rektorat Ännerunge fuerderen. Wéi d'Gremium mam negativen Avis vum Conseil Universitaire ëmgeet, bleift ofzewaarden.