Herbizid Verwaltungsgeriicht: Verbuet vu Glyphosat war net rechtméisseg
De Verbuet vu Glyphosat hei am Land war net rechtméisseg. Dat Urteel huet d'Verwaltungsgeriicht de 15. Juli an éischter Instanz gesprach, nodeems de Chimieskonzern Bayer e Recours géint d'Decisioun vun der Regierung agereecht hat. D'Regierung hirersäits huet op eis Nofro ugekënnegt an Appell ze goen, Glyphosat géif weider verbuede bleiwen.

De Verbuet vun aacht Produite mat Glyphosat ass zanter Januar d'lescht Joer a Kraaft. Nach 2018 hat de Landwirtschaftsministère déi Produite fir weider fënnef Joer zougelooss, also bis Enn 2023. Am Koalitiounsofkommes hat d'Regierung e Verbuet annoncéiert, an dat och 2020 ëmgesat.
Bayer huet der Regierung ënnert anerem virgehäit, datt hiert Verbuet net fondéiert genuch gewiescht wier. Esou eng Decisioun géif och iwwerhaapt net an den Zoustännegkeetsberäich vu Lëtzebuerg falen, mee an dee vun der Europäescher Unioun, wou d'Diskussiounen iwwert e méigleche Verbuet vu Glyphosat nach amgaange sinn.