Radioen

On air

Notturno  |  Eric Chenaux Trio - This Ain't Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wäit ënnert dem normale Steiertaux"

Stock Options

"Wäit ënnert dem normale Steiertaux"

D'Lëtzebuerger Zentralbank huet an hirem Avis zum Staatsbudget 2018 de Regimm vun den Stock Options a Fro gestallt. Iwwert dee System kéinte Leit mat engem héijen Akommes vu steierlechen Avantage profitéieren a laanscht eng progressiv Besteierung kommen. An hirer Analys kënnt d'BCL zur Conclusioun, datt d'Hausse vum Steiertaux, deen d'Regierung fir d'nächst Joer envisagéiert, d'Situatioun net ännert.

auto_stories

2 min

D'Stock Options waren um Ufank geduecht, fir Talenter op Lëtzebuerg unzezéien an de Beräich vun de Start-Uppen ze fërderen. Beschäftegter kënnen ee Bonus kréien, net ënnert der Form vu Geld, mä ënnert der Form vun Aktien a Parte vun der Firma, fir déi si schaffen.

2012 koum et zu Changementer an deem Regimm, déi méiglecherweis zu Abuse gefouert hunn. Mataarbechter konnten elo als Bonus e Verspriechen op Aktie kréien, déi och kënnen op der Bourse quotéiert sinn; de Lien mat der eegener Firma war net méi obligatoresch.

Hausse vum Steiertaux

An enger Äntwert vum Finanzminister op eng Question parlementaire gëtt ee gewuer, datt nëmme 15 Prozent vun de Stock Options am Joer 2016 Aktien um eegene Betrib waren.

De steierlechen Avantage läit doranner, datt just 30 Prozent vum Wäert vun deenen Aktie besteiert ginn. Déi aner 70 Prozent ginn nëmme besteiert, wann ee se bannent sechs Méint verkeeft.

De Finanzminister hat eng Hausse vum Steiertaux annoncéiert, dee grad wéi bei de Plus-valuen op 21 Prozent fixéiert gëtt. Kritt ee Salarié e Bonus a Form vu Geld, da kann deen opgrond vun der Steiertabell imposéiert ginn. Dat heescht, mat engem Taux vun 42 Prozent, plus d'Cotisatioun fir d'Assurance dépendance. Bei de Stock Options wier dat net de Fall, seet d'BCL.

CSV fuerdert prezis Kritären

Bei engem Revenu vun 800.000 Euro am Joer, kéint theoretesch d'Hallschent aus Stock Options bestoen, seet den CSV-Deputéierte Gilles Roth. Den duerchschnëttleche Steiersaz op deene 400.000 Euro wier 19 Prozent. "Dat läit natierlech wäit ënnert deem, wat dee betraffene Salarié misst bezuelen, wann en dem normalen, progressive Steiersaz géif ënnerleien."

D'CSV wier net géint de Prinzip vun den Stock Options. Allerdéngs net ënnert där haiteger Form, seet de Gilles Roth. Et misst en neie Regimm festgeluecht ginn, mat prezise Kritären an enger Limitt an der Zäit.