Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat steet an der Regierungsnote iwwer de rekreative Cannabis?

Drogepolitik

Wat steet an der Regierungsnote iwwer de rekreative Cannabis?

D'Regierung wëll den Ubau vu rekreativem Cannabis fir privat Zwecker erlaben. Dofir gëtt eng Legaliséierung vun der Produktioun an dem Verkaf vu Cannabis-Som zu Lëtzebuerg an d'A gefaasst.

auto_stories

6 min

De Resumé lauschterenplay_arrow


Den 22. Oktober huet d'Regierung annoncéiert, datt den Ubau vu rekreativem Cannabis fir privat Zwecker soll erlaabt ginn. Dëse Projet ass Deel vun engem Pak vu 27 Mesuren, mat deenen d'Regierung d'Kriminalitéit am Zesummenhank mat Rauschmëttel wëllt bekämpfen. Am Mesürekatalog steet als leschte Punkt: "Note gouvernementale sur le cannabis récréatif". Gemengt ass eng Note vum Justizministère, déi den 20. Oktober am Regierungsrot ugeholl gouf.

Déi net-ëffentlech Note läit dem radio 100,7 vir. D'Dokument huet fënnef Säiten an ëmschreift d'Modalitéite vum Projet. Et ass keen detailléierten Avant-Projet vun engem Gesetztext.

Zäitplang net definéiert

Virop gëtt betount, datt den neie Kader fir de privaten Ubau vum Cannabis just een éischte Schrëtt soll sinn. Dat initiaalt Konzept vun engem legale Kader fir d'Produktioun, de Verkaf an de Konsum vum rekreative Cannabis géif weider entwéckelt ginn. Ob dat nach an dëser Legislatur soll geschéien, bleift awer oppen.

Fir an engem éischte Schrëtt de privaten Ubau ze erlaben missten zwee Gesetzer geännert ginn, heescht et an der Note: Engersäits d'Gesetz vun 1973 iwwer de Verkaf vu medikamentéise Substanzen an dem Kampf géint Toxicomanie an anerersäits d'Legislatioun iwwer déi kommerziell landwirtschaftlech a gaardebaulech Produktioun. Wéini des Gesetzännerunge sollen op den Instanzewee steet och net an der Note.

Praktesch Detailer zum Ubau doheem

Ee Schwéierpunkt vun der Note sinn déi praktesch a juristesch Froe ronderëm den Ubau vu Cannabis fir privat Zwecker, esou wéi se och vun der Justizminister Sam Tanson presentéiert goufen.

Et soll deemno erlaabt si bis zu véier Cannabis-Planze pro Menage unzebauen. Déi véier Planze sinn net pro Persoun, well dat wier "beaucoup plus floue, variable et facile à manipuler par des personnes ayant l'intention de contourner des dispositions de la loi".

Wou soll de Som hier kommen?

Fir "Inkohärenzen" ze evitéiere wëll d'Regierung den Handel mat Cannabis-Som autoriséieren. Dozou fënnt een eng Rei Iwwerleeungen an der Note:

  • D'Quantitéit vu Cannabis-Som, deen eng erwuesse Persoun dierf kafen a besëtzen, soll net limitéiert ginn
  • Et soll kee maximalen THC-Taux fir de Cannabis-Som fixéiert ginn, well "d'une part, la consommation des graines, peu importe la quantité, n'a pas d'effet stupéfiant ou euphorisant et que, d'autre part, il est impossible de déterminer avec précisions le nombre de graines nécessaires à l cultivation des quatre plantes alors que cela dépend, au cas par cas comme pour d'autres plantes, des conditions factuelles de la cultivation et des compétences individuelles de chaque cultivateur."
  • De Cannabis-Som misst een a Butteker hei am Land kënne kafen, oder och am Ausland oder Online.
  • Fréier oder spéider ("à terme") misst een och d'Produktioun vu Cannabis-Som fir kommerziell Zwecker hei am Land erlaben:

"Il serait en effet incohérent que les consommateurs pourraient légalement acquérir des graines en provenance de l'étranger, tandis qu'une production nationale resterait interdite. Le cadre legal relatif aux prdoucteurs professionels du Secteur agricole/horticole devrait être adapté en ce sens dans le cadre du même projet de loi adaptant les sanctions et poursuites pénales"

Wou dierf ee Cannabis (net) ubauen?

Fir datt net egal wou Cannabis ugebaut gëtt, sinn eng Rei Regele virgesinn:

  • D'Plaz, wou Cannabis ugebaut ginn misst de Wunnsëtz vun enger erwuessener Persoun sinn:
  • Et dierf dobannen oder dobaussen ugebaut ginn, soulaang een dës Plaz net vum ëffentleche Raum aus ka gesin (De Virdeel vum Ubau dobaussen ass der Note no, datt d'Planze wéinst de Wiederkonditioune automatesch eng méi niddereg THC-Konzentratioun hätten)
  • Den Ubau dobausse misst op Fläche limitéiert sinn, déi direkt zum Wunnsëtz gehéieren (also zum Beispill de Gaart), fir ze verhënneren, datt de Cannabis op Plaze kultivéiert gëtt, déi net direkt engem Proprietär kënnen zougeuerdent ginn (wéi zum Beispill Gemeinschaftsgäert)

Wat ass mam eegene Cannabis (net) erlaabt?

De Konsum vum Cannabis an der Ëffentlechkeet bleift verbueden. De selwer produzéierte Cannabis an derivéiert Produiten dierfe weder verschenkt nach verkaf ginn.

Wien de Cannabis op net erlaabte Plazen ubaut oder ze vill Planzen ubaut riskéiert penal Poursuitten "suivant le droit commun de la procédure penale, sur base d'une infraction penale à créer." D'Sanktioune missten tëscht deene fir de Konsum an Transport vu manner wéi dräi Gramm am ëffentleche Raum engersäits, an de méi strenge Sanktioune fir Drogendealer leien.

Wéi eng Strofe ginn et bei Verstéiss?

Een anere wichtege Volet vun der Note ass déi sougenannten "Decorrectionalisatioun" fir de Konsum, de Besëtz an den Transport vu Cannabis am ëffentleche Raum, grad ewéi fir de Kaf vu Cannabis. Gemengt ass, datt een Delikt strofrechtlech zu enger Contraventioun erof gestuuft gëtt.

Déi manner strikt Prozedur soll just gëllen, wa maximal dräi Gramm Cannabis am Spill sinn. Fir dee Fall soll eng nei Méiglechkeet vun engem Avertissement taxé vun 145 Euro geschafe ginn, deem seng Bezuelung zur Konsequenz huet datt all penal Poursuittë gestoppt ginn (an et muss een de Cannabis direkt der Police ofginn, fir datt en zerstéiert gëtt).

Beim Refus den Avertissement taxé bannent 30 Deeg ze bezuelen, decernéiert de Procureur d'Etat eng Amende vun 300 Euro - bleift et beim Refus, gëtt de "Contrevenant" virun den Tribunal de Police zitéiert, wou eng Amende vu maximal 500 Euro kann décidéiert ginn. Bei enger Condamnatioun gëtt et dann och eng Inscriptioun an de Casier judiciaire.

Bei enger Contestatioun vum Avertissement taxé gëtt de Produit fir eng Labos-Analys saiséiert an eng "klassesch" penal Poursuite gëtt déclenchéiert ("Suivant le droit commun, les frais d'analyse font partie des frais de justice et sont à charge de la personne poursuivie en cas de condamnation").

Wat geschitt bei iwwer dräi Gramm Cannabis?

Wie méi wéi dräi Gramm Cannabis bei sech huet, riskéiert méi schwéier penal Sanktiounen, d'selwecht wéi se fir Drogenhändler virgesi sinn.

Et gëtt proposéiert fir keng spezifesch legal Dispositioune virzegesinn, déi eng Intrusioun an d'Privatssphär géife bedeiten, zum Beispill wou eng Persoun am ëffentleche Raum méi wéi dräi Gramm Cannabis bei sech huet: "Dans ces cas, le droit commun de la procédure penale serait applicable, notamment celles relatives aux crimes et délits flagrants et celles exigeants un mandat de la part du juge d'isntruction afin de Pouvoir effectuer une perquisition à domicile."

Déi penal Amendë sollen an Zukunft vun 25 bis 500 Euro goen, amplaz vun elo 251 bis 2.500 Euro

Schutz vu Mannerjäregen

Fir Mannerjäreger soll et beim aktuelle Modell bleiwen:

  • D'Méiglechkeet fir just iwwer een Avertissement taxé ze fuere soll ausgeschloss ginn ("un Avertissement taxé a la nature juridique d'une transaction penale et un Mineur n'a pas la capacité juridique de transiger sur ses droits")
  • Wann ee Jonke mat Cannabis erwëscht gëtt, geet ee Procès-Verbal un de Parquet an déi üblech Prozedure vum Jugendschutz applizéiere sech: "Au vu des éléments du dossier, le juge de la jeunesse prendra les mesures de diversion adéquates, comme par exemple des thérapies ou l'obligation de suivre le programme 'Choice'."

Fir Erwuessener, déi a Präsenz vu Mannerjärege Cannabis konsomméieren, solle wéi och elo schonn "circonstances aggravantes" gëllen, déi penal sanktionéiert ginn

Keng Ännerung am Code de la route

Fir de Stroosseverkéier soll alles beim Ale bleiwen: Am Code de la route gëlt eng Null-Toleranz wat den THC-Taux am Blutt ugeet.

Bei Verstéiss riskéiert een eng Strof vun aacht Deeg bis dräi Joer Prisong, grad ewéi eng Amende vun 500 bis 10.000 Euro.