Fir d'Finanzéierung vu där Steierreform huet den LSAP-Generalsekretär och op den aktuelle gudde Wirtschaftswuesstem verwisen, dofir wier et Zäit fir ëmzeverdeelen. Déi negativ Konsequenze vum Wuesstem missten ausbalancéiert ginn.
Am LSAP-Wahlprogramm geet rieds vum Opstelle vun enger "Matrix", vun alle Sozialleeschtungen, "fir den Afloss vun Akommessituatiounen op déi verschidden Transfertleeschtungen a Bäihëllefen ze berechnen a wann noutwenneg unzepassen".
Fir d'Sozialleeschtunge misst een eng Oplëschtung iwwer bestoend Leeschtunge maachen, se op hir Effikassitéit préiwen an analyséieren, op déi gewënschten Ziler erreecht ginn, seet den Yves Cruchten.
Upassunge vum Kannergeld
D'Indexéierung vum Kannergeld wier esou eng Méiglechkeet, déi och am LSAP-Wahlprogramm géif stoen. "Mir wëllen d'Kannergeld och strukturell upassen. Mir wëssen, datt ganz vill Leit, besonnesch Monoparentauxen dem Risiko vun der Aarmut ausgesat sinn. Mir wëssen, datt mir zu Lëtzebuerg e Problem hunn och mat Kanneraarmut."
Elo misst un deene Schrauwe gedréint ginn, fir déi Problemer ze léisen. Dat géif awer net bedeiten, datt Leit mat méi héijem Akommes manner Kannergeld géife kréien, wéi Leit mat engem méi niddregen Akommes.
"Mir sinn nach ëmmer der Meenung gewiescht hei zu Lëtzebuerg, datt mir d'Kanner solle behandelen, dat eent wéi dat anert. An dorunner huet sech och bei der LSAP an der Meenung näischt geännert."