Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wëssenschaft a Politik: E Balanceakt

Fräie Mikro

Wëssenschaft a Politik: E Balanceakt

Déi modern Welt ass eng wëssenschaftlech Welt. Dat gëllt, wéi de Coronavirus oder de Klimawandel weisen, och fir d'Politik. Domadder gëtt gläichzäiteg awer och d'Wëssenschaft selwer ëmmer méi politesch. Dat ass ee kriddelege Balanceakt, bei deem een nawell och séier mol ausrutsche kann, mengt de Politolog Michel Dormal.

auto_stories

3 min

De Coronavirus huet gewisen, datt d'Politik ëmmer méi staark vun der Wëssenschaft ofhängeg gëtt. Politiker setze sech zesumme mat Virologen op Pressekonferenzen, a ville Länner goufe Wëssenschaftler zu reegelrechte Staren an der Ëffentlechkeet.

Eng änlech Ofhängegkeet gëtt et och an der Klimapolitik. Wäitreechend Decisiounen iwwer den Ëmbau vun eise Gesellschaften hänken hei vu wëssenschaftleche Modeller of, déi eis soen, wéi vill Grad iwwer wéi vill Joer ze erwaarden an nach ze verdroe sinn oder net. Well wa mer waarden, fir mat eegenen Aen ze kucken, wéi schlëmm et kënnt, da wäert et ze spéit sinn.

Esou trieden also, wéi viru kuerzem zu Berlin, jonk Leit iwwer Wochen an en Hongerstreik, op der Basis net vu selwer erlieftem Misär, mee vu wëssenschaftleche Prognosen.

D'Wëssenschaft gëtt politesch

Mee et gëtt nach eng aner Entwécklung. Gläichzäiteg gëtt nämlech d'Wëssenschaft selwer ëmmer méi politesch. Wéi an den éischte Méint vun der Pandemie an Däitschland déi national Akademie vun de Wëssenschafte recommandéiert huet, fir d'Crèchen nach méintlaang zou ze loossen, ass dat an der Ëffentlechkeet guer net gutt ukomm.

Et gouf kritiséiert, datt déi Akademie d'Suerge vu jonken Eltere géif ignoréieren. Et gouf ëffentlech nogerechent, datt d'Experten, déi deen Avis geschriwwen hunn, am Duerchschnëtt 68 Joer haten an et en plus bal alles Männer waren. Domadder huet een un eng wëssenschaftlech Institutioun allerdéngs explizitt politesch Krittären ugeluecht, notamment en Ideal vu gläicher Representatioun. Professionell Kompetenz eleng ass hei net méi duergaangen.

Am Fong ass et logesch: wat Wësse méi wichteg gëtt, wat méi dorëms gestridde gëtt, wéi dëst Wësse produzéiert gëtt a wien dobäi dierf matmaachen. Souwuel fir d'Politik wéi fir Wëssenschaft ass dat ee Balanceakt. Dobäi kann een nawell och ausrutschen.

Et gëtt en Ënnerscheed tëschent Politik a Wëssenschaft

Op de sougenannten "Marches for Science" virun e puer Joer konnt een deelweis relativ naiv Fuerderungen héieren, datt d'Politik einfach just der Wëssenschaft misst follegen. Dat ass allerdéngs keng gutt Iddi. Wëssenschaft kann zwar soen, ob a wéi de Klima sech ännert. Ob een awer als Reaktioun a Solarstroum oder Nuklearenergie investéiert, oder ob een, fir et provokant ze formuléieren, just den Héichwaasserschutz verbessert, dat bleiwen eminent politesch Froen.

Mir mussen oppassen, dësen Ënnerscheed net ze vergiessen. Ëmgedréit mussen d'Politiker awer oppassen, net an d'Fal vum Populismus ze goen. D'Virurteel géint Akademiker am Elfebeentuerm huet eng laang Traditioun, an et ass einfach dat fir e bëllegen Effekt auszenotzen. "I don't think science knows", sot den Donald Trump 2018 zum Klimawandel. Domadder signaliséiert hien, datt hie sech näischt soe léisst. Bei Deeler vun der Populatioun kënnt dat gutt un.

Tëscht dësen zwou falschen Ofkierzungen déi gutt Mëtt ze treffen, dorops wäert et an Zukunft sécher net nëmme beim Theema Klima a Corona nach méi dacks ukommen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.