Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
search

/ "Aga": Schéin, philosophesch ugehaucht, an traureg

Film

"Aga": Schéin, philosophesch ugehaucht, an traureg

De bulgaresche Film "AGA" vum Milko Lazarov ass ee vu siwe Filmer, déi an der offizieller Kompetitioun vum CinEast-Festival lafen. De Film stécht virun allem duerch seng beandrockend Fotografie ervir. Dem Michel Delage huet de Film gefall.

auto_stories

3 min

Den Nanook an d'Sedna, eng eeler Koppel vu Jakuten, enger tierkeschsproocheger Populatioun a Sibirien, liewen isoléiert an hirer Hütt. Nieft dem deegleche Kampf ëm d'Iwwerliewen an enger vun extreme Wiederkonditioune gepräägter Landschaft, dréinen hir Suergen ëm d'Duechter Aga. Déi jonk Fra huet dat traditionellt Liewen an hir Famill hannert sech gelooss, fir hiert Gléck an enger Diamanteminn ze sichen.

Kritt de Papp sech iwwerwonnen, fir senger Duechter ze verzeien? Am bulgaresche Realisateur Milko Lazarov sengem luesen, kontemplative Film stécht virun allem emol déi beandrockend Fotografie ervir. Et si spektakulär Opname vun enger schnéiwäisser Polarlandschaft, an där de Mënsch ganz kleng wierkt. Wann den Nanook op sengem vum Hond gezunne Schlitt ënnerwee ass, fir fëschen oder joen ze goen, ass hie ganz ënnen um Ecran ze gesinn, dacks och just am Eck vum Kader.

Mënsch géint Natur: een ongläiche Kampf

De Mënsch gëtt hei vun enger iwwerwältegender Natur erdréckt. Et ass ee Kampf ëm d'Iwwerliewen, deen den Nanook sech mat der Natur liwwert, een ongläiche Kampf. Eréischt wann hien nees zeréck a senger Hütt ass, bei senger Fra Sedna, kritt den Nanook seng richteg Dimensiounen zeréck. Den éischten Drëttel vum Film konzentréiert sech op déi deeglech, onspektakulär Routine: Fëschen, Joen, Geschier zesummebauen, een Netz flécken, Kleeder bitzen, mee och iessen a schlofen... a stierwen. De Film ass eng kloer Referenz op dem Robert Flaherty säi Stommfilm "Nanook of the North" aus dem Joer 1922, ee vun den éischten amerikaneschen Documentairen. Grad ewéi bei deem Virbild aus der Filmgeschicht, gëtt d'Liewen an "Aga" op dat Essentiellt reduzéiert.

Emotiounsvermëttlung trotz minimalisteschem Spill

Och déi spuersam Dialoger tëschent der Koppel sinn op dat Allernéidegst limitéiert. Mee wat dem Mënsch hei seng Mënschlechkeet, sengem Liewen iwwerhaapt ee Sënn schéngt ze ginn, sinn d'Dreem, déi d'Fra verzielt, dat sinn d'Weisheeten, déi de Mann aus senger Liewenserfarung gezunn huet, dat si reliéis Gefiller, déi beim Jeeër zum Ausdrock kommen, wann hien een doudegt Déier do leie gesäit. Virun allem sinn et Emotiounen - positiver an negativer - déi a béide Gesiichter, trotz minimalisteschem Spill, duerchdréngen. De Film, deen dem Spectateur Zäit léisst, fir sech ze acclimatéieren, kritt och Liewen agehaucht duerch d'Evokatioun vun der Geschicht vun der Duechter. D'Aga huet den traditionnelle Liewensstil vun der Famill hannert sech gelooss. Mee ass d'Liewen an der sougenannter Zivilisatioun méi liewenswäert?

Dat ass eng vun de Froen, déi de bulgaresche Realisateur Milko Lazarov opwerft. "Aga" ass ee schéinen, philosophesch ugehauchten, an och traurege Film. Et kéint ee sech froen, ob dem Gustav Mahler seng Musek wierklech néideg war, ob et vläicht net eng Grëtz ze déck opgedroen ass - an awer seet een sech, datt wann déi Musek iergendwou passt, dann hei.