Radioen

On air

Moiesstudio  |  Presserevue

play_arrow Live
search

/ Vu spilleresche Momenter a bedeitungsvolle Pausen

Danz

Vu spilleresche Momenter a bedeitungsvolle Pausen

En Donneschdeg ass d'Mäerz-Ausgab vum "3 du Trois" an der Bouneweger Banannefabrik. Zwou Kreatioune stinn hei am Mëttelpunkt: D'Jill Crovisier hëlt an hirer Recherche "The Game" de Sujet vum Spill ënner d'Lupp, an d'Anna Nowicka beschäftegt sech a "Within the pause" méi genee mat der Fro, wéi mir Sënn doraus kënnen zéien, eng Paus anzeleeën.

auto_stories

3 min

D'Jill Crovisier huet zu Esch am Conservatoire hir Formatioun am klasseschen an zäitgenësseschen Danz ofgeschloss an ass dono a Frankräich, den USA an an Indonesien aktiv gewiescht. Zu hire Kreatiounen zielen "The Hidden Garden", an deem sech dat Reellt mat de Fantastesche vermëscht oder "Zement the Solo", an deem d'Kënschtlerin de Sujet vun der Separatioun méi genee betruecht.

E Sujet mat ville Facetten

An hirer Recherche "The Game" riicht d'Laureatin vum Lëtzebuerger Danzpräis 2019 hir Opmierksamkeet elo op d'Theema vum Spill. Dobäi placéiert d'Jill Crovisier dat Spillerescht an eist Ënnerbewosstsinn. An hirer Approche geet si zréck an d'Vergaangenheet, fir do d'Onschold vun de Kanner ze fannen, déi spillen.

"Esou ass d'Iddi komm, dat weider auszeschaffen. Awer net nëmme spezifesch Spiller, déi mir aus der Kandheet kennen. Och méi wäit gefächert kommen immens vill Sujeten op."

Wuel wier eng gewësse Liichtegkeet dobäi, wann een un d'Spillen denkt, mee et géifen och nach aner Elementer bei dësem Sujet opkommen. Et misst een och déi manner positiv Säite consideréieren, wei d'Spillsucht oder d'Manipulatioun am Spill:

"Bei mir ass d'Iddi déi, mat Humor a Poesie 'the dark side' unzeschwätzen. Dowéinst passt déi Recherche esou an eis Zäit, well si Saachen a Fro stellen."

De Wäert vun der Paus

Och der Anna Nowicka hir Kreatioun "Within the pause" ze ginn. Hei huet sech d'Kënschtlerin aus Berlin besonnesch mat der Thematik vun der Paus beschäftegt. Si gesäit an eiser Gesellschaft déi Tendenz, den Alldag mat Telefonen, Messagen an Neiegkeeten ze fëllen, wat eis Vue op dat, wat geschitt, géif limitéieren. Eréischt wann een sech eng Paus erlaabt, kéint een dofir suergen, sech ze entfalen.

D'Choreographin Anna Nowicka

Eng Paus seet jo heiansdo méi aus wéi dausend Wieder. Et gi Leit, déi laang nodenken, iert si äntweren, oder déi zécken, iert si anzwousch zur Dir eraginn. D'Anna Nowicka versicht, fir an der Immobilitéit Sënn ze fannen. Dobäi mécht si sech op d'Sich, déi an all Richtung géif goen - oft och an eng Zort Dialog mam Publikum:

"Wat mech och erfëllt ass, mat dem Publikum a Kontakt ze sinn - ze beobachten, wat dat mat mengem Kierper mécht a wéi ech op déi Impulser ka reagéieren. Ech si gespaant, wat den Donneschdeg geschitt. Du kanns net alles virbereeden, well villes am Moment selwer eréischt geschéie wäert."

Sech zréckzéien, sech eng Paus erlaben, heescht och, eng Vulnerabilitéit ze weisen, déi sech vill Leit net genuch erlaben. D'Anna Nowicka fënnt et wichteg, datt een et sech erlaabt, zerbriechlech ze sinn. Et misst een de Courage hunn, fir nee ze soen:

"Wann ech zu eppes nee soen, zu wat soen ech an engems jo? An deem Näischt ass net näischt. Do ass en Espace, an deen ee sech zeréckzitt, mee esou, datt eppes Neies no vir ka kommen."