Radioen

On air

Tockcity  |  Liam Gallagher & John Squire - Raise Your Hands

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 100 Joer allgemengt Wahlrecht

Fräie Mikro

100 Joer allgemengt Wahlrecht

De Michel Pauly, Senior-Professer fir transnational Lëtzebuerger Geschicht op der Uni Lëtzebuerg, erënnert drun, datt et an de nächsten Deeg 100 Joer ginn, datt dat allgemengt Wahlrecht ageféiert gouf. Hie werft d'Fro op, wéi eng Konsequenzen doraus haut ze zéie sinn.

auto_stories

4 min

Den Historiker Michel Pauly beschäftegt sech mam allgemenge Wahlrecht. Foto: Archiv

Den 8. Mee ginn et 100 Joer, datt d'Chamber d'Verfassungsännerung gestëmmt huet, opgrond vun där d'Zensuswahlrecht ofgeschaf an dat allgemengt Wahlrecht ageféiert gouf. Déi aktuell Chamber huet wëlles, dat grouss ze feieren. An Zesummenaarbecht mam Geschichtsinstitut vun der Uni Lëtzebuerg a mam Staatsmusée soll am Hierscht um Fëschmaart eng grouss Ausstellung opgoen an e Buch publizéiert ginn, an deem grouss Debatten aus der Chamber dokumentéiert a kommentéiert solle ginn.

1848 gouf et en Zensus-Wahlrecht

De Michel Dormal beschreift an deem Buch, wéi et den 8. Mee 1919 zu där Reform koum. Schonn 1848 gouf et en Appell un d'Nationalversammlung, déi d'Verfassung ausgeschafft huet, fir dat allgemengt Wahlrecht dodra festzehalen. Mee och an där liberaler Verfassung vun 1848 war d'Wahlrecht Lëtzebuerger Männer virbehalen, déi 25 Joer al waren an eng bestëmmten Zomm Steiere bezuelt hunn.

Déi Zomm - den Zensus - duerft per Gesetz net op méi wéi 30 Frang, awer och net op manner wéi 10 Frang festgeluecht ginn. D'Gesetz huet am Laf vun de Joerzéngten déi Zomm verschiddentlech ugepasst, mat Tendenz no ënnen.

D'Vollek war nach net prett fir e Wiessel

1897 huet ee gespuert, datt iwwerall an Europa dat allgemengt Wahlrecht gefuerdert gouf. Sou huet zum Beispill de Caspar Mathias Spoo, dee jo méi bekannt ass als Virreider fir d'Lëtzebuerger Sprooch, den 20. Mee 1897 an der Chamber gefuerdert "que justice soit faite aux petits comme aux grands, aux riches comme aux pauvres, parce que tous ensemble ils forment la chère patrie et la famille luxembourgeoise [...]. Le premier des droits de l'homme ... c'est l'égalité politique des citoyens." [1]

De Michel Welter huet en zwar ënnerstëtzt, mee d'Majoritéit war nach anerer Meenung a wollt vu sou enger Revolutioun näischt wëssen. Den Ettelbrécker Deputéierte Salentiny huet hir Iwwerzeegung wuel am kloersten ausgedréckt: "Le gouvernement d'un pays doit appartenir à ceux qui sont à la fois les plus intelligents et les plus honnêtes, mais en même temps à ceux qui ont le plus d'intérêts au maintien de l'ordre public. En d'autre termes, Messieurs, la société doit certainement posséder des garanties contre l'envahissement de l'élément prolétaire. Et franchement, de tout temps, on s'est un peu méfié de ceux qui n'ont rien à perdre." [2]

D'allgemengt Wahlrecht koum net direkt

Fir dat allgemengt Wahlrecht virzebereeden, gouf den Zensus 1901 op dee vun der Verfassung erlaabte Minimum vun zéng Frang reduzéiert an domat d'Zuel vun de Wieler op de Maximum eropgesat, sou datt iwwer 30 Prozent vun de Lëtzebuerger Männer iwwer 25 Joer konnte mat wiele goen. Dohanner stouch och d'Iddi, datt d'Lëtzebuerger all zesummen eng Natioun gi waren.

Während der Régence vu 1908 bis 1912 a während dem Éischte Weltkrich war allerdéngs net un eng Verfassungsännerung ze denken. An dofir war eréischt déi 1917 gewielte Chamber eng Constituante mam Recht, den Artikel 52 ze änneren.

Knackpunkt Fraewahlrecht

An den Debatte vun 1918-19 goung et awer praktesch net méi ëm de Prinzip, mee nach just ëm d'Fro, ob och d'Fraen d'Wahlrecht sollte kréien. Souwuel d'Rechtspartei wéi och d'Aarbechterpartei waren dofir an hunn et schonn am Wahlkampf 1917 gefuerdert, iwwregens ouni datt sech deemools schonn d'Monarchie-Fro gestallt hätt.

Nëmmen déi Liberal hu sech mat Hänn a mat Féiss dogéint gewiert. D'Frae missten sech ëm de Stot bekëmmeren an hätte keng Zäit fir politesch Debatten. Si géife just esou stëmmen, wéi de Paschtouer hinnen et géif diktéieren. Mat deem Argument war de Salentiny schonn 1897 géint d'allgemengt Wahlrecht.

1919 huet d'Fraewahlrecht sech leschten Enns duerchgesat, well de Prinzip, datt all d'Bierger gläich sinn, endlech och op politeschem Plang sollt gëllen. De sozialisteschen Deputéierten Adolphe Krieps sot, fir seng Partei wier d'Fraewahlrecht "une question de principe, une question d'égalité" [3], och wa si sech dovun net vill Stëmme kéinten erwaarden.

D'Debatt ëm d'Wahlrecht weider féieren

Et wier schéin, wann hautdesdaags dee Prinzip och vun alle Parteie géif unerkannt ginn an och déi 48 Prozent Net-Lëtzebuerger, déi jo och hei liewen a schaffen an de Gesetzer ënnerworf sinn, dierfte mat stëmme goen.

Souwuel den neien CSV-Parteipresident Frank Engel, wéi och déi fréier CSV-Familljeministerin an haiteg Caritas-Presidentin Marie-Josée Jacobs hunn op dëser Antenn an de leschte Wochen a Méint ugedeit, datt déi gréisst Oppositiounspartei sech deem Prinzip net méi ganz verschléisst.


[1] CR ChD 1896-1897, Sëtzung vum 20/05/1897, S. 1810.

[2] CR ChD 1896-1897, Sëtzung vum 18/05/1897, S. 1753.

[3] CR ChD 1918-1919, Sitzung vom 31/01/1919, S. 1138.

Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.