Radioen

On air

Voix d'auteurs  |  Jean Rouaud - Flamboiement de la métaphore

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Piraten: “Mir wëllen de Protestwieler eng Alternativ an der Mëtt ginn”

Europawalen

Piraten: “Mir wëllen de Protestwieler eng Alternativ an der Mëtt ginn”

De Piraten hire Spëtzekandidat fir d’Europawalen hält et fir realistesch, datt seng Partei e Sëtz am Europaparlament kritt. D’Pirate wiere méi no drun en éischten Europadeputéierten ze kréien, wéi déi méi grouss Parteien, fënnt de Raymond Remakel.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

Raymond Remakel, Spëtzekandidat vun de Piraten fir d'Europawalen | © Morgane Weidig play_arrow
Raymond Remakel, Spëtzekandidat vun de Piraten fir d'Europawalen (Foto: Morgane Weidig)

D’Piratepartei hätt eng “ganz seriö Chance” fir an d’Europaparlament ze kommen, obwuel seng Partei bei de Chamberwale manner Sëtz krut, wéi d’Sondagë virausgesot haten.

"Sondagen, dat si Sondagen. Dofir freet et mech och, datt mir dës Kéier keng Sondagen hunn, déi eis haushéich plebiscitéieren. Esou gi mir ënner normalen Ëmstänn an dës Europawalen eran. An ech mengen, dat ass och grad esou gutt.”

D'Pirate wëlle Protestwieler unzéien

D’Pirate wëlle bei den Europawale bewosst och Protestwieler uschwätzen, déi vun deene grousse Parteien enttäuscht sinn, betount de Raymond Remakel. D’Piratepartei wéilt esou mat dozou bäidroen, ee Rietsruck ze verhënneren.

"Mir sti jo an der Mëtt, a mir wëllen och wierklech eng Alternativ si fir déi Wieler, déi net déi grouss Parteie wëlle wielen. Fir datt déi da kee Protestvott fir déi extremistesch Parteien ofginn. Wann een eis eng Stëmm gëtt, da gëtt een eng Stëmm an d’Mëtt of, an et weess een, datt ee keng extremistesch Tendenze mat ënnerstëtzt.”

Lauschterenplay_arrow


 

Aktualitéit
Europawalen
Politik a Gesellschaft
Interview