Radioen

On air

De Moien  |  Girl Ray - Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’Monica Semedo streit all Belästegungsfäll of

Europadeputéiert

D’Monica Semedo streit all Belästegungsfäll of

De Parteispriecher vu Fokus, de Frank Engel, verdeedegt d’Decisioun fir d’Europadeputéiert Monica Semedo als Kandidatin mat an d’Europawalen ze huelen. Déi fréier DP-Politikerin ass an de leschte Joren zwee mol wéinst Belästegung vun hire Mataarbechter sanktionéiert ginn.

auto_stories

2 min

headphones

16 min

De Frank Engel an d'Monica Semedo | © Morgane Weidig play_arrow
De Frank Engel an d'Monica Semedo. (Foto: Morgane Weidig)

Esouwuel si selwer, wéi och de Frank Engel hunn de Moien hei op der Antenn awer ofgestridden, datt et iwwerhaapt Belästegungsfäll gouf. D’Sanktiounen, déi géint d’Monica Semedo gesprach goufen, géife viru kengem Aarbechtsgeriicht op der Welt d’Strooss halen, esou de Fokus-Spriecher de Moien hei op der Antenn. Mat de Mataarbechter em déi et geet hätt hien zwar net geschwat, seet de Frank Engel. Hien hätt sech awer den Dossier mat de Virwerf ugekuckt, an dat géif duergoen.

D’Europadeputéiert Monica Semedo streit of, datt si hir Mataarbechter am Parlament belästegt huet. Déi fréier DP-Politikerin ass an de leschte Joren zwee mol wéinst Belästegung vun hire Mataarbechter sanktionéiert ginn.

Monica Semedo: Just ee mol am Toun vergraff

D’Grënn fir déi Sanktiounen huet si awer de Moien am 100,7-Interview a Fro gestallt. Si hätt sech géint iwwer engem Mataarbechter just ee mol am Toun vergraff. Et wier em eng Situatioun gaangen, an der en Assistent si wärend Méint ugelunn hätt. D'Direktioun vun de Finanzen hätt hir da gesot, wa si dat net an d'Rei bréngt, misst se alles selwer bezuelen.

"An do hunn ech mech dozou hiräisse gelooss, eng Whatsapp ze schreiwen, wou ech ee Wuert benotzt hu, wat am Schreiwen wierklech net schéin ausgesäit. Mee wat een am Alldag esou seet: Wat soll den ... An ech hunn déi Persoun awer net perséinlech ugegraff. Ech hu just gesot: Wat soll dat doten.”

Mataarbechter gemobbt hätt si awer ni, dat hätt d’Press just esou duergestallt, esou d’Monica Semedo. D’Europadeputéiert ännert domat hir Argumentatiounslinn: No der éischter Sanktioun, déi géint si geschwat gouf, hat si nämlech Feeler am Ëmgang mat Mataarbechter zouginn, a Besserung versprach.

Lauschterenplay_arrow


 

Aktualitéit
Europawalen
Politik a Gesellschaft
Interview