Radioen

On air

Notturno  |  Jordan Moser - 300 MYR

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV: “D’Giorgia Meloni gehéiert net an d’europäesch Vollekspartei”

EVP

CSV: “D’Giorgia Meloni gehéiert net an d’europäesch Vollekspartei”

D’CSV ass dogéint, datt d’Partei vun der italieenescher Premierministesch Giorgia Meloni an d’europäesch Vollekspartei opgeholl gëtt: An eisen Aen huet déi Partei keng Plaz an der EVP, esou d’Isabel Wiseler-Lima, Co-Spëtzekandidatin vun der CSV fir d'Europawalen.

auto_stories

2 min

headphones

16 min

play_arrow

Den EVP-Fraktiounschef Manfred Weber hat sech d’lescht Joer oppe gewise fir d’Partei vum Giorgia Meloni an d’europäesch Vollekspartei opzehuelen. D’Isabel Wiseler-Lima betount si wéilt sech an der EVP dofir asetzen, datt dat net geschitt. 

"Mir gesinn net, datt d’Partei vun der Madamm Meloni hir Plaz hätt an der EVP. Elo muss ech soen, datt déi Politik, déi se um europäeschen Niveau gemaach huet, datt do jiddereen driwwer staunt, wann der mat de Regierungscheffe schwätzt, déi am Conseil mat hir zesumme schaffen."

Bei der CSV kandidéieren déi zwou Europadeputéiert Isabel Wiseler-Lima a Martine Kemp fir d’Europawalen, an och den Deputéierte Christophe Hansen.

Och manner bekannt Gesiichter

Donieft fënnt een op der CSV-Lëscht awer och dräi méi onbekannten Nimm. De Guy Breden, d’Mélanie Grün, an de Metty Steinmetz. Datt et der CSV-Lëscht fir d'Europawale feelt, fënnt d'Isabel Wiseler-Lima awer net bedauerlech.

"Et ass wouer, datt mer am Moment ganz vill Leit an der Chamber setzen hunn, déi sech fir d’Innepolitik asetzen, an do wëlle sinn. Ech muss awer soen, datt mir eng ganz gutt, eng staark Lescht hunn, wat d’Kompetenzen ubelaangt."

Déi, déi op der Lëscht stinn, wiere Leit déi sech staark fir dat geschitt wat op europäeschem Niveau geschitt, betount d'CSV-Co-Spëtzekandidatin.

Lauschterenplay_arrow


 

Aktualitéit
Europawalen
Politik a Gesellschaft
Interview